Search

You may also like

Däitschland: Zu dausende fir d‘Séinoutrettung op d‘Strooss gaangen
International Neiegkeeten

Däitschland: Zu dausende fir d‘Séinoutrettung op d‘Strooss gaangen

Eng ganz Rei Mëttelmierlänner hunn an de leschte Woche private

US-Ausseminister kritt am Vatikan déi kal Schëller gewisen
International Neiegkeeten

US-Ausseminister kritt am Vatikan déi kal Schëller gewisen

De Vatikan setzt mat China op gutt Bezéiungen, d‘Amerika erkennen

Polnesch Communautéit zu Lëtzebuerg fuerdert Veto vum Andrzej Duda an
International Neiegkeeten

Polnesch Communautéit zu Lëtzebuerg fuerdert Veto vum Andrzej Duda an

Pulse of Europe Lëtzebuerg hat um Sonndegowend zu engem Protestpiquet

Diddenuewen wëll d‘sanitär Kris am Grëff behalen

Et géif un de Bierger leien, op a wéi sech eng zweet Well kéint entwéckelen

Diddenuewen wëll d‘sanitär Kris am Grëff behalen

An der Regioun Grand Est, war en et déi Diddenuewener, déi als éischt Mesuren agefouert an ëmgesat hunn, firwat si am direkte Verglach mat anere Stied vergläichsweis gutt duerch déi éischt Phas vun der Covid19-Pandemie komm sinn. Gëschter huet de Buergermeeschter Pierre Cuny, zesumme mat senger Ekipp, ee Punkt zur aktueller Situatioun gemaach.

Hien ass dann och iwwerzeegt, datt et d‘Mënsche sinn, déi et an der Hand hunn an duerchaus eng zweet Well verhënnere kënnen. Fir si dobäi ze ënnerstëtzten, brauch et eng nei Dynamik am Bezuch op d‘Gest Barrière. Fir den Ament géif et keng Unzeechen, datt eng Reprise sech ofzeechent, och wann d‘Zuele liicht unzéien. D‘Leit hätten d‘Gefor verënnerlecht an sollten elo net noloossen.

D‘Bierger vun Diddenuewen hätten sech vernënfteg beholl, mee mam Summer an de Lackerunge misst een d‘Awunner nees eppes sensibiliséieren, fir déi zweet Well ze verhënneren. Dofir gouf den 31. Juli an den 1. August eng Covid19-Testaktioun organiséiert, déi och gutt vun de Leit ugeholl ginn ass. De Jean-Christophe Hamelin, verantwortlech fir dës Aktioun huet e Bilan virgeluecht.

Op dësen zwee Deeg hunn sech 856 Leit teste gelooss a sechs positiv Fäll waren ze notéieren. Et stinn nach 27 Analysen op, woubäi d‘Zouversiicht erhale bleift. Dorausser ergëtt sech, datt een e Reproduktiounsindex vun 0,76 huet. Rechent een dat op déi gesamt Unzuel vun den Awunner héich, ass vu ronn 300 Mënschen auszegoen, déi sech kéinten Infizéiert hunn. Et gutt Zuel u sech.

Elo net noloossen

Well dann dës Offer – si ass gratis an et brauch ee just seng Carte Vitale virzeweisen – gutt vun de Leit opgeholl ginn ass, sinn dëse Mount nach esou Aktioune geplangt: déi éischt ass fir den 21. an 22. August, déi zweet fir den 28. an 29 August virgesinn. Dat ass am Kontext vun de Retouren aus der Vakanz eng wierklech wichteg Aktioun. Et wëll een näischt dem Zoufall iwwerloossen.

Zu deene vum Jean-Christophe Hamelin virgeluechten Zuele seet de Pierre Cuny: „Et ass vill, a gläichzäiteg och wéineg, mee et ass sécher net déi richteg Zäit elo noléisseg ze ginn“. Als Buergermeeschter huet de Pierre Cuny jo och d‘Verantwortung seng Bierger beschtméiglechst ze schützen, firwat sech eng Rei Moossnamen opdrängen. Déi gëllen dann och ab dësem Samschdeg.

Op de Mäert ass d‘Maskeflicht schonn agefouert ginn, an déi gëtt elo och op den Event „Les Rives en Fête“ ausgewäit. An den ëffentleche Parken, wéi och de Geschäftsstroossen, gëtt dréngend recommandéiert, esoubal méi Leit sech zesummen op dëse Plazen ophalen, d‘Mask unzedoen. Dat géif dann och elo iwwerwaacht, a falls et net géif anescht goen, géif hei den Dekret geholl ginn.

Interessant dann och de Constat, datt d‘Geschäftsleit sech strikt un d‘Oplagen halen, et awer eppes renitent Persoune gëtt, déi et noutwenneg maachen, eng nei Sensibiliséierungscampagne ze lancéieren. Déi op de sozialen Netzwierker ausgedréckte Kritik wier allerdéngs net zoutreffend. Wéi gesot, et kann a muss jidderee säint derzou bäidroen, fir d‘Gefor ofzewennen…

Related topics Covid19, Diddenuewen, Gest Barrière, Maskeflicht, Obligatiounen, Recommandatioune
Next post Previous post