Search

You may also like

Brasilien: De Marsch vun de Fraen
Neiegkeeten

Brasilien: De Marsch vun de Fraen

Um Protest fir d‘Fraerechter a géint d‘Bildungspolitik vun der Regierung

England muss d‘Decken iwwert de Kapp zéien
Neiegkeeten

England muss d‘Decken iwwert de Kapp zéien

Dat war wuel net d‘Noriicht op déi d‘Englänner dierfte gewaart

Mëttelalterfest Useldeng: Eng Zäitrees fir Jonk an Al
Neiegkeeten

Mëttelalterfest Useldeng: Eng Zäitrees fir Jonk an Al

D‘Mëttelalterfest vun Useldeng ass net dat eenzegt Fest a sengem

DiggiPack: Den LCGB fuerdert eng human Digitaliséierung

Fir d‘éischt digitaliséieren an dann de Mënsch „upassen“ kann et net sinn

DiggiPack: Den LCGB fuerdert eng human Digitaliséierung

Am Kontext vun de Sozialwahlen am Mäerz, huet den LCGB sech en Aktiounsplang erschafft, mat deem d‘Aarbechtswelt vu Muer, déi sech ëmmer méi séier digitaliséiert, de Mënsch net ausgrenzen dierf. Ugesiichts dëser digitaler Revolutioun, mussen d‘Rechter vum Salariat gestäerkt ginn.

Den Aktiounsprogramm Diggipack vum LCGB, ass de „missing link“ vun der Rifkin-Etüd. Esou zumindest gesäit et de President vun der Gewerkschaft, an huet en iwwerzeegend Argument:

„Dës Etüd vum Här Rifkin, weist op eng Zukunft hin, an där hien d‘Digitaliséierung mat de erneierbaren Energien, der Mobilitéit, neie Wirtschaftsmodeller an der Sozialentwécklung verknäppt. Als Gewerkschaft a Representant vum Salariat, muss den LCGB feststellen, datt dat schwächste Glidd, de Mënsch, an dëser Etüd kaum bis guer net berécksiichtegt ginn ass“.

Et géif sech wuel doriwwer freeën datt mam „Ministère fir Digitaliséierung“ d‘Regierung enger Fuerderung vun der Gewerkschaft entsprach hätt, et dann elo awer och muss zu engem nationalen Aktiounsplang „Digitales“ muss kommen. Et misst absolut séchergestallt ginn, datt et net zum „digitale Broch“ an der Gesellschaft kënnt. Hei dierf keen am Stach gelooss ginn!

Fir de Patrick Dury, muss eng vun de Prioritéite vun dësem neie Ministère, d‘Chancëgläichheet sinn. Mënsche mat besonnesche Besoinen, eeler Persounen an déi mat beschränkte Finanzmëttel dierfen net d‘Affer vun der Aarbechtswelt 4.0 ginn. Fir den Aarbechtsminister gëllt et och sech verantwortlech ze weisen, firwat deen d‘Rechter vum Salariat stäerke soll.

D‘Digitaliséierung net um Réck vun de Schwächsten ausdroen

Nei Aarbechtsforme verlaangen e strikte legale Kader deen och iwwerwaacht gehéiert. Haut ass et duerchaus net méi aussergewéinlech vun doheem aus ze schaffen (Homeoffice), mee hei läit nach villes am Däischteren. Gefuerdert gëtt eng kloer Gesetzgebung déi an d‘Aarbechtsrecht muss afléissen. D‘Recht op „Ofschalten“ an de Respekt vun der Privatsphär muss hei enthale sinn.

Wat dat „Ofschalte“ betrëfft, esou kéint ee sech um Beispill „Siemens“ orientéieren. An dësem Konzern ginn d‘Mail-Server ausserhalb den Aarbechtsstonnen „roue gelooss“, an d‘Mataarbechter dierfen hir Fräizäit a vollen Zich genéissen. Esou eng Moossnam, stellt zudeem keen Opwand duer, mee garantéiert dem Salarié eng gewësse Liewensqualitéit, an dorops huet hien en Usproch.

Aarbechtsminister

Wat de Schutz vun der Privatsphär ugeet – do gëtt et jo ganz rabiat Patronen – huet den LCGB-President och eng Fuerderung: „Mir revendiquéiere e Gesetz datt et dem Patronat verbitt seng Salariéeën ausserhalb den Aarbechtszäiten ze iwwerwaachen!“. Fäll an deene Patronen oder Entreprise hir Mataarbechter vu Privatdetektiven ausspionéiere gelooss hunn, gëtt et genuch.

Dem Salarié duerch d‘Box an de Kalzong kucke geet guer net

An de Patrick Dury huet Recht, wat d‘Methode vum Patronat betrëfft wann et ëm d‘Privatsphär geet. Et ass hautdesdaags schonn immens einfach, senge Mataarbechter digital „ganz no ze sinn“, an d‘Entwécklung vun all méiglechen Iwwerwaachungsprogrammer gëtt massiv weidergedriwwen. Esou beispillsweis d‘Geolokalisatioun, déi ganz einfach iwwert de Betribshandy ze maachen ass.

Wat d‘Kameraiwwerwaachung op der Aarbechtsplaz selwer betrëfft, fir déi d‘Patrone keng extra Erlaabnes méi brauchen, well déi Leit déi sech zu Lëtzebuerg ëm Dateschutz ze këmmeren hunn dem Optrag weder gewuess, nach personell eppes entgéint ze setzen hunn, ass d‘Gewerkschaft decidéiert weider am Interessi an zum Schutz vum Salariat ze militéieren. Dat gëtt net einfach.

An dat sinn d‘Revendicatioune bei wäitem net all. De ganzen Detail vun de Fuerderungen déi am DiggiPack enthale sinn, sinn an der Brochure (déi dir hei erofluede kënnt) enthalen. Fuerderungen iwwregens, déi ee grad als Salarié net sollt op déi liicht Schëller huelen. Et geet hei drëms dem Salariat seng Rechter als Mënsch an Aarbechter/Employé ze schützen. Dat si keng Naupen…

Foto: De Patrick Dury, President vum LCGB, huet op d‘Gefore vun der digitaliséierter Welt an engem méigleche Mëssbrauch duerch d‘Patronat opmierksam gemaach. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics DiggiPack, Digitaliséierung, LCGB, Patrick Dury, Sozialwahlen 2019
Next post Previous post