Search

You may also like

Brasilien: Ofholze per Dekret ausgesat
International Neiegkeeten

Brasilien: Ofholze per Dekret ausgesat

Dat vum faschistesche President a sengem Ëmweltminister Ricardo Salles ënnerzeechent

Stiwwele fir ee „Béise Jong“
International Neiegkeeten

Stiwwele fir ee „Béise Jong“

Et kënnt net oft vir, also eigentlech éischter „ni“, datt

Fox Session Ale: e coole Passe-Partout mat kaum Kalorien
International Neiegkeeten

Fox Session Ale: e coole Passe-Partout mat kaum Kalorien

De Fox Session Ale vun der Fox Beers Luxembourg Sàrl

Digital Kooperatioun mat Marokko

Digital Kooperatioun mat Marokko

Ee Méindeg huet den Digitaliséierungsminister Marc Hansen (DP) mam marokkanesche Minister fir Industrie, Handel, gréng an numeresch Wirtschaft, Mulay Hafid Elalamy am virtuelle Raum eng Absichtserklärung gezeechent, mat där béid Regierungen hire Wëllen am numeresche Beräich méi enk zesummenzeschaffen erklären.

No der Wirtschaftsmissioun a Marokko (2019) hunn de Ministère vun der Digitaliséierung, den Zenter vun den Informatiounstechnologie beim Staat (CTIE) an d‘Agence fir déi Digital Entwécklung a Marokko, hir Echange weidergefouert, fir weider Beräicher ze definéieren an deene ka kollaboréiert ginn. Béid Länner hunn déi technologesch-numeresch Transitioun vun hiren Administratiounen zur Prioritéit erkläert.

D‘Absichtserklärung tëscht dem Marokko a Lëtzebuerg setzt an Evidenz, datt béid Länner gewëllt sinn hir Expertise an der Entwécklung vun der Digitaliséierung vun den ëffentlechen Déngschter weiderhin auszetauschen. Et geet dobäi och ëm dat numerescht Vertrauen, déi numeresch Inklusioun an déi numeresch Infrastrukturen.

Mat dësem Partenariat erëffent sech ee weidere Wee am Beräich vun der Innovatioun an der Moderniséierung vun den ëffentlechen Déngschter. Dat besonnesch tëscht dem GovTechLab vum Ministère fir d‘Digitaliséierung an dem CTIE an der „Digital Factory“ vun der marokkanescher Agence fir d‘Entwécklung vum Digitalen.

A senger Interventioun huet den delegéierte Minister Marc Hansen déi grouss Prioritéite vum gemeinsamen Interessi nach emol ervirgehuewen: d‘Interoperabilitéit, d‘Formatiounen am Kontext vun der digitaler Inklusioun an d‘Entwécklung vun numereschen Infrastrukturen. Et gouf och ënnerstrach datt Lëtzebuerg den Akzent op d‘Kooperatioun setzt.

Zu dësem Zweck ginn d‘Innovatioun an de Fortschrëtt favoriséiert. Mat dëser Absichtserklärung gëtt den Ufank vun enger gemeinsamer Kollaboratioun markéiert. Déi wäert zu enger profitabeler numerescher Transitioun féieren, vun där béid Länner ee groussen Notzen hunn.

Matgedeelt vum Ministère fir Digitaliséierung – fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Florian krumm / unsplash

Related topics Digital Transitioun, Digitaliséierung, Marc Hansen, Marokko, Mulay Hafid Elalamy
Next post Previous post