Search

You may also like

NATO: Nom Trump muss sech och mat Afghanistan an der Ukrain beschäftegt ginn
Neiegkeeten

NATO: Nom Trump muss sech och mat Afghanistan an der Ukrain beschäftegt ginn

Zu Bréissel kënnen d‘NATO-Partner opootmen: den Donald Trump geet d‘Brite

Dräi einfach Schrëtter fir en besseren Alliéierten se sinn.
Neiegkeeten

Dräi einfach Schrëtter fir en besseren Alliéierten se sinn.

D’Welt ass net fair. Dat ass jo keen Geheimnis. Verschiddener

Séisse Bäigeschmaach: D’Universitéit a Ferrero schaffen zesummen
Neiegkeeten

Séisse Bäigeschmaach: D’Universitéit a Ferrero schaffen zesummen

Um Dënschdeg huet d‘Universitéit vu Lëtzebuerg e neien Accord mat

Digital Lëtzebuerg hat um Weekend säin 3. Hackathon organiséiert

Digital Lëtzebuerg hat um Weekend säin 3. Hackathon organiséiert

Mat der Ënnerstëtzung vum Nohaltegkeetsministère, huet Digital Lëtzebuerg um Weekend säin drëtten Hackathon „Game of Code“ organiséiert. Dofir haten si sech dann och um Geesseknäppche versammelt. Hei ass et drëms gaangen, déi nei Technologien an den Ëmweltschutz ze verbannen.

An un Aarbecht an Iddien huet de Entwéckler, Programméierer an Designer net gefeelt. Woubäi se och nach liicht ënner Zäitdrock stoungen, wëll den Event op 24 Stonne begrenzt ass. Fir den Coorganisateur „Docler Holding“ ass den Zäitdrock heibäi e Facteur, deen d‘Equippen zur Zesummenaarbecht néidegt, well nodeem d‘Zäit ofgelaf ass, muss e realisabele Projet virleien.

Un der Editioun 2018, hunn eng 30 Teamen deelgeholl. Si hunn bannent der virgeschriwwener Zäit Applikatiounen a Software erstallt, vun deenen sech erhofft gëtt, datt se enges Daags zu enger besserer Ëmwelt zu Lëtzebuerg bäidroe kënnen. Fir hir Ziler ze erreechen, hunn d‘Equippen op d‘Donnéeë vum Site „opendata.lu“ zréckgegraff.

Och un Iddie selwer huet et um Geesseknäppchen net gefeelt. Eng Knetzel aus dem Athenäum huet sech mam „intelligente Frigo“ beschäftegt. Bei dësem Projet geet et awer an éischter Linn drëms, manner Iesswueren ze verschwenden, wéi elo de Frigo als Killsystem wëllen ze revolutionéieren. Ob a wat vun dësem Projet realistesch ëmgesat ka ginn, war um Samschdeg nach net gewosst.

Keng domm, war och d‘Iddi vum 32 järege Lucas. Dee schafft un enger Software, déi viraussoe soll, wéi voll d‘Drecksween op hirer Tournée ginn. Mat esou engem Programm, kéint ee op reng logisteschem Niveau vill CO2 aspueren. Apropos CO2, d‘Team vun „Healthy Biking“ huet un enger App geschafft, mat där de Cyclist iwwert den Telefon d‘Loftqualitéit matgedeelt kréie soll.

Als ganz flotten Niewenevent, stoung um Samschdegmueren och eppes fir d‘Knetzelen an Krapperten tëscht 7 an 12 Joer um Programm. Beim Projet: Hack4Kids, dee vun „securitymadein.lu“ konnten d‘Kanner hiert eegent Videospill entwéckelen. Eng flott an intelligent Iddi, de Kanner de richtegen Ëmgang mat der digitaler Technik ze weisen.

Related topics Digital Lëtzebuerg, Docler Holding, Geesseknäppchen, Hackathon, Nohaltegkeetsministère
Next post Previous post