Search

You may also like

Wéi gutt kenns du Klierf?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Klierf?

[onionbuzz quiz-id=85][/onionbuzz] Ënnert de Stied am Éislek ass Klierf eng

EU-Wirtschaftssanktioune géint Wäissrussland
Neiegkeeten

EU-Wirtschaftssanktioune géint Wäissrussland

Déi Europäesch Unioun huet wäitreechend Wirtschaftssanktioune géint Wäissrussland verhaangen, nodeems

De KINNEKSBOND geet an déi nei Saison: Wat gëtt gebueden?
Neiegkeeten

De KINNEKSBOND geet an déi nei Saison: Wat gëtt gebueden?

Beim Kinneksbond, Centre Culturel Mamer steet eng nei Saison un,

Digital Presentatioun zu der Reorganisatioun vum RGTR Reseau

Um 25. a 26. November ëm 19.00 Auer live aus dem Mobilitéitsministère

Digital Presentatioun zu der Reorganisatioun vum RGTR Reseau

Wéinst der aktueller sanitärer Lag ginn déi ëffentlech Versammlungen iwwert d’Reorganisatioun vum RGTR Reseau net méi mat physescher Presenz vum Public, mee digital ofgehalen. Si dauere jeeweils vun 19.00-20.30 Auer.

Si kënne live um Internetsite www.transports.lu gekuckt ginn:

  • Mëttwochs de 25. November 2020 – Regioun Wolz*
  • Donneschdes de 26. November 2020 – Regioun Réimech*

De Minister François Bausch géif sech freeën, wann de Public seng Froen entweder am Virfeld oder den Owend selwer géif eraschécken op d’E-mail-Adress: communication@mmtp.etat.lu.
Esou wäit ewéi méiglech ginn d’Froen vum Minister selwer live beäntwert. Sollten et der ze vill sinn, esou géifen d’Äntwerten a Form vun engem „FAQ“ um Site vum Ministère publizéiert.

Eng Iwwersetzung op Franséisch (Wolz) an Däitsch (Réimech) ass assuréiert.

*déi jeeweils concernéiert Gemenge sinn um rgtr.lu uginn.

Matgedeelt vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten

Related topics Digital Presentatioun, Mobilitéit, Réimech, Reorganisatioun, RGTR-Reseau, Transportministère, Wolz
Next post Previous post