Search

You may also like

Et muss nees Liewen an der Stad an de Quartiere ginn
Neiegkeeten

Et muss nees Liewen an der Stad an de Quartiere ginn

Et ass eng grouss Erausfuerderung fir all d‘Acteure, déi net

Vereedegung vu sechs Ënneroffizéier
Neiegkeeten

Vereedegung vu sechs Ënneroffizéier

En Donneschdeg huet de Generol Alain Duschène, Stabchef vun der

#act4support: Eng Campagne zur Ënnerstëtzung vu Jugendlechen
Neiegkeeten

#act4support: Eng Campagne zur Ënnerstëtzung vu Jugendlechen

De Coronavirus a d’Verännerungen an eisem Liewen sinn eng schwéier

Digital Studentefoire: Ëm 180 Aussteller waarden op Iech!

Digital Studentefoire: Ëm 180 Aussteller waarden op Iech!

Nach bis den 13. November 2020 wäert déi digital Studentefoire mat senge ronn 180 Aussteller aus iwwer 15 Länner de Schüler vun den Ofschlossklassen an interesséierte Persounen nëtzlech Informatiounen zur schoulescher Zukunft, professioneller Karriär an dem Liewen als Student ginn.

Ënnerdeelt a 7 Themeblocks stellen Universitéiten, Cerclen, Studentenassociatiounen, Ambassaden, Informatiounsservicer, Acteuren aus dem professionelle Liewen sech fir a bidde bei weidere Froen nëtzlech Informatiounen an Ënnerstëtzung un. Vun Doheem aus kann een esou déi verschidde Stänn besichen, sech Material eroflueden an e Rendez-vous huele, fir direkt mat där anerer Säit ze interagéieren.

D’Haaptdeeg wäerten dann um 12. an 13. November sinn, wou via Chat déi schnell Interaktioun erméiglech gëtt an de Visiteur och u Webinare kann deelhuelen.

Zousätzlech begleede Memberen vun der Orientatioun d’Schüler aus de Lycéeën, fir hinnen d’Konzept vun der digitaler Studentefoire ze erklären. Bei weidere Froe kann ee sech natierlech och un de Ministère fir Héichschoul a Fuerschung adresséieren.

Déi digital Studentefoire fannt Dir op www.studentefoire-goes-digital.lu.

Related topics Ambassade, Aussteller, Cercle, Chat, Digital Studentefoire, Informatioun, Ministère fir Héichschoul a Fuerschung, Schoul, Studentefoire 2020, Studentenassociatiounen, Webinar
Next post Previous post