Search

You may also like

Härebierg: Zaldote gi vereedegt, Zaldote gi geéiert
Neiegkeeten

Härebierg: Zaldote gi vereedegt, Zaldote gi geéiert

E Freideg goufen um Härebierg 33 nei Zaldoten, déi hir

Eng Erënnerung un de Groussherzog Jean: Besuch vum Bongert zu Fëschbech
Neiegkeeten

Eng Erënnerung un de Groussherzog Jean: Besuch vum Bongert zu Fëschbech

LL.AA.RR. den Ierfgroussherzog Guillaume an d’Ierfgroussherzogin Stéphanie hunn hirem Jong,

EU-Sommet zu Wäissrussland
Neiegkeeten

EU-Sommet zu Wäissrussland

Am Kontext vun der politescher Kris an der fréierer Sowjetrepublik,

Digitale Kongress vun der DP

Digitale Kongress vun der DP

Um Méindegowend, Pandemie oblige, huet déi Demokratesch Partei hire Kongress am virtuelle Raum ofgehalen. D‘Geleeënheet gouf genotzt fir éischt Iddien an Proposen zum Walprogramm 2023 ze skizzéieren. Eng vun de Prioritéiten: de Kampf géint d‘Spekulatioun am Logement.

Iert de Parteidag dann awer offiziell lancéiert gouf, huet déi liberal Famill hire Verstuerwenen eng lescht èier zoukomme gelooss, an de Kongress gouf ënnert d‘Zeeche vun der Erënnerung un de Carlo Wagner an de Paul Helminger gestallt. Natierlech ass sech an dësem Kontext och den Attacke géint d‘Familljeministesch ugeholl ginn, déi de Premierminister als „onfair“ qualifizéiert huet.

Méi generell bleift festzehalen, datt sech d‘DP generell näischt virzewerfen hätt. D‘Membere vun der Regierung hätte Verantwortung iwwerholl, firwat et dann och Perspektive géif ginn. Kee vun den Intervenanten deen déi ugewannte Politik an stänneg Erneierung vum Covid19-Gesetz kritesch ugeschwat hätt. Dofir gouf e de politesche Bléck ëmmer nees an d‘Zukunft 2023 geriicht.

Vun neien Aarbechtsmodeller an de Logementskris

De Xavier Bettel huet sech sengersäits op d‘Covid19-Pandemie bezunn, d‘Parteipresidentin a Familljeministesch Corinne Cahen, ass hirersäits op déi grouss zukünfteg Erausfuerderungen agaangen. Et misst een den „Après-Covid19“ parallel zu de Moossname virbereeden. Dozou gehéiert d‘Reguléieren an d‘Fërdere vum Homeoffice an villen aneren Aarbechtsmodeller.

Et brauch och Léisungen zur Logementskris, an d‘DP wëll eppes géint d‘Spekulatioun ënnerhuelen, a wann d‘Corinne Cahen Recht huet, datt léichen och entspriechend Proposen um Dësch, fir eben d‘Spekulatioune „manner attraktiv ze maachen oder ganz ze ënnerbannen“. Et wier jiddefalls net mat der DP wou de Statu Quo géif erhale bleiwen. Dobäi zéie grad nei däischter Wolleken op…

Konkret soll sech mam Walprogramm 2023 no der Summervakanz beschäftegt ginn. Dat a Form vun Aarbechtsgruppen. Hale mir nach fest, datt d‘Daliah Scholl d‘Presidence vum Südbezierk iwwerhëlt an d‘Carole Hoffmann (ouni Géigekandidat) bal Eestëmmeg bestätegt gouf. Ah jo, falls et nach een interesséiert: de „Journal“ ass net méi dat offiziellt Parteiorgan vun der DP.

Related topics Corinne Cahen, Demokratesch Partei, DP, Journal, Parteikongress, Xavier Bettel
Next post Previous post