Search

You may also like

50 Maske pro Resident: Hei fannt Dir d’ Verdeelerpunkten
Geek Neiegkeeten

50 Maske pro Resident: Hei fannt Dir d’ Verdeelerpunkten

An der Sitzung vum 4. Mee 2020 huet d’Regierung decidéiert,

Road Trip Project – Eng motivéiert Ekipp besicht Lëtzebuerg!
Geek Neiegkeeten

Road Trip Project – Eng motivéiert Ekipp besicht Lëtzebuerg!

Am fréie Mëtteg ass gëschter d’Team Travel Bugs vum Road

Dronen si vollwäerteg Krichswaffen (Analys)
Geek Neiegkeeten

Dronen si vollwäerteg Krichswaffen (Analys)

Ëmmer méi Konflikter spillen sech direkt virun de Grenze vun

geek

Digitalisatioun am Interessi vum Bierger an der Wirtschaft fërderen

Digitalisatioun am Interessi vum Bierger an der Wirtschaft fërderen

Am Kader vum Neijoerschdagspatt um Ministère fir Digitalisatioun, hunn um Mëttwoch de Premierminister Xavier Bettel, an den Digital-Minister Marc Hansen, sech mam Personal vum Ministère an dem Zentrum fir Informatiounstechnologie vum Staat (CTIE) getraff.

D‘Ministeren huet déi groussaarteg Aarbechtsleeschtung vun de leschte Joren ervirgehuewen, an d‘Konture vum neie Regierungsprogramm ëmrass, bei deem et ëm déi administrativ Digitalisatioun a Vereinfachung geet. D‘Digitaliséierung vun den administrativen Demarchë gëtt weidergefouert an verstäerkt. De Fokus soll op d‘Besoine vun de Bierger geluecht ginn…

Esou soll d‘Plattform „myguichet.lu“ an d‘Online-Service vun den Administratiounen erweidert an ugepasst ginn, esou datt eng méi „intuitiv Notzung“ méiglech gemaach gëtt. De Xavier Bettel an de Marc Hansen hunn hire Wëllen annoncéiert, de System vum „e-Tracking“ auszebauen, fir dat den Demandeur ëmmer gesäit, wou sech säin Antrag am administrative Labyrinth grad ophält.

Déi zwee Minister sinn zudeem duerchaus houfreg op esou eng héich kompetent an duerchaus motivéiert Equipp zielen ze kënnen, fir all déi ambitiéis Projete vun der neier Regierung ze realiséieren. Si hunn hir Motivatioun zum Ausdrock bruecht, zesumme mat deenen aneren aus der Regierung, d‘Digitalisatioun am Interessi vum Bierger an der Wirtschaft ze fërderen.

mam SIP

Foto: (v.l.n.r.) Patrick Houtsch, Direkter CTIE; Luc Schockmel, Ministère fir Digitalisatioun; Marc Hansen, delegéierten Digital-Minister; Gaston Schmit; Xavier Bettel, Premierminister; Nico Majerus, Adjoint-Direkter CTIE. © Ministère fir Digitalisatioun

Related topics CTIE, Digitalisatioun, Marc Hansen, Ministère fir Digitalisatioun, Wirtschaft, Xavier Bettel
Next post Previous post