Stad Dikrech: Vereedegung vum neie Buergermeeschter an engem Schäffen

No der ministerieller Veruerdnung vum 15. Januar 2022 huet de Claude Thill gëschter am Nomëtteg der Inneministesch Taina Bofferding säin Eed als Buergermeeschter vun der Stad Dikrech ofginn. Uschléissend war et um Claude Daleiden, deen no der ministerieller Veruerdnung vum 20. Januar 2022 als Schäffe vereedegt gouf.

Geméiss dem Artikel 6 vum Gemengegesetz, dat den 13. Dezember 1988 geännert gouf, huet hie geschwueren: „Je jure fidélité au Grand-Duc, d’observer la Constitution et les lois du pays, et de remplir avec zèle, exactitude, intégrité et impartialité les fonctions qui me sont confiées.“

Dernières nouvelles