Search

You may also like

GDPR: Bréissel dréit nach emol un der Schrauf vum Dateschutz
International Neiegkeeten Stories

GDPR: Bréissel dréit nach emol un der Schrauf vum Dateschutz

Ab dem 25. Mee huet Europa e neit Reglement, mat

Portugisesch Ambassade entléisst Botzfra: den OGBL „veriergert“
International Neiegkeeten Stories

Portugisesch Ambassade entléisst Botzfra: den OGBL „veriergert“

Nodeems déi portugisesch Ambassade onrechtméisseg eng zu Lëtzebuerg beschäftegt Botzfra

D‘Jongbaueren on Tour!
International Neiegkeeten Stories

D‘Jongbaueren on Tour!

Fir op hir Produkter, hir Aarbecht a wuel och hir

Wäissrusseschen Diktator gräift a Fluchverkéier an

Wäissrusseschen Diktator gräift a Fluchverkéier an

Op Uweisung vum Alexander Lukaschenko ass ee Fliger vun der Ryanair zur Landung zu Minsk gezwonge ginn. Dat ass ee gravéierenden Agrëff an déi zivil Loftfaart an d‘EU-Komissioun huet entspriechend protestéiert.

Fir endlech den oppositionelle Blogger a Journalist Roman Protassewitsch (26) ze ergräifen, hunn sech gëschter d‘Autoritéite a Wäissrussland eng ganz besonnesch afale gelooss. Si hu virginn, datt sech u Bord vum Ryanair-Fluch Athen-Vilnius (FR4978 ATH/VNO) ee Sprengsaz befanne géif an de President Alexander Lukaschenko héchst perséinlech, soll den Uerder ginn hunn de Fliger op Minsk ëmzeleeden.

A fir sécherzestellen, datt d‘Pilote vun der irescher Airline de Message och richteg verstanen hunn, huet déi wäissrussesch Loftwaff, ee MIG29-Kampfjet zur Begleedung entsandt. Kuerz drop sinn d‘Fliger um Minsker Fluchhafe sécher gelant. Interessant hei: de Pressespriecher um Fluchhafen, war immens presséiert de Medie matzedeelen, datt et d‘Pilote selwer waren, déi d‘Autorisatioun fir ze Landen ugefrot hätten.

Protassewitsch

Emol gelant hu sech déi 171 Passagéier vum Fluch FR4978 missen an den Transitberäich vum Fluchhafe beginn. No déck aacht Stonne konnt de Fluch a Richtung Vilnius nees opgeholl ginn. D‘Fluchgesellschaft huet gëschter am spéiden Owend confirméiert, datt de Vol um 20.25 Auer Mëtteleuropäesch Standardzäit (MESZ) sécher an der litauescher Haaptstad ukomm ass. D‘Zuel vun de Passagéier hat sech geännert.

Aus Irland heescht et elo zur Saach: „D‘Besatzung vun der Maschinn ass vun der wäissrussescher Loftopsiicht iwwert eng méiglech Sécherheetsbedreeung u Bord vum Fliger informéiert an dunn ugewise ginn den nächstgeleeëne Fluchhafen (Minsk) unzefléien. No der Landung hätten sech da vill Beamte mat der Sécherheetsiwwerpréiwung befaasst, et hätt een awer näischt Ongewéinleches am Fliger fanne kënnen…

Et gëtt kee Rechtsfräie-Loftraum

Wann all d‘Passagéier – ëmstandsbedéngt – sech éischter gutt behandelt gefillt hunn, esou huet fir den Weiderfluch ee gefeelt: de Roman Protassewitsch. Fir sech deen ze gräifen, gouf de ganzen Opwand bedriwwen, a wéi een elo weess, et war wuel eppes ëmständlech, mee d‘Finalitéit soll bekanntlech déi agesate Mëttel rechtfäerdegen. Dat awer huet natierlech elo „diplomatesch“ Folgen.

Als éischt ass, an dat aus wuel verständleche Grënn, de litauesche Staatspresident Gitanas Nauseda aus der Këscht gesprongen. Am diplomatesche Jargon: „de Mann huet géint déi erzwonge Landung an d‘Verhaftung vum Oppositionelle Journalist protestéiert“. Den Nauseda huet dann nach d‘EU an D‘NATO opgeruff eng „entspriechend Reaktioun“ géintiwwer Wäissrussland an de Wee ze leeden.

Och d‘Conseillere vum litauesche Staatspresident, Asta Skaisgiryte, huet sech an d‘Diskussioun zu dësem éischter seelene Virfall abruecht. Si behaapt, déi ganz Inzeenéierung ass vum wäissrussesche Geheimdéngscht akribesch a laang am viraus virbereet ginn. Déi wäissrussesch Autoritéite sollen och Zougang zu de Passagéierlëschte gehat hunn. Dat dierft jo wuel zu de Grondlage gehéieren…

Protassewitsch

D‘Leaderin vun ziviller Oppositioun a Wäissrussland, Swetlana Tichanowskaja, ergräift dann hei och d‘Geleeënheet eppes Ëffentlechkeetsaarbecht ze maachen. Si stellt fest: „Déi wäissrussesch Autoritéiten hunn d‘Sécherheet vun de Passagéier an der ziviller Loftfaart op d‘Spill gesat. Ech erwaarden datt déi international Loftverkéiersvereenegung (IATA) dëse Virfall genau ënnersicht“.

Éischt international Reaktiounen

Nodeems déi ganz Welt iwwert de Virfall informéiert war a (bal) all Passagéier gutt zu Vilnius ukomm ass, konnt de politesche Volet hannert dëser, schonn eppes clever organiséierter, Missioun opgeschloe ginn. D‘Helde vun der europäescher Ostpolitik, d‘EU-Kommissioun an esouguer den US-Ausseminister Blinken hunn dësen Akt, dee si als Loft-Piraterie bezeechne schaarf veruerteelt.

Protassewitsch

Esou schreift op Twitter d‘EU-Kommissiounspresidentin, Ursula von der Leyen, datt et „vëlleg inakzeptabel ass, de Ryanair-Fluch vun Athen op Vilnius zur Landung zu Minsk ze zwéngen“. Et soll Konsequenzen hunn, datt Wäissrussland hei ganz géint international Reegele verstouss huet. Schonn um haitege Päischtméindeg, soll dat beim souwisou geplangten EU-Sommet berode ginn.

Dem EU-Rotspresident säi Spriecher huet confirméiert, datt de Charles Michel mat senge Kolleege wäert esouwuel iwwert noutwenneg Konsequenzen, wéi weider Sanktioune géint Wäissrussland musse beroden. Et gouf Fuerderung no Sanktiounen, an déi litauesch Justiz huet Ermëttlunge wéinst „Fliger-Entféierung“ ugeuerdent. Déi gi vun der litauescher Police-Judiciaire iwwerholl.

D‘Regierungscheffin Ingrida Simonyte huet de Virfall als Staatsterrorismus beschriwwen, dee sech direkt a geziilt géint d‘Bierger vun der Europäescher Unioun an anere Länner riicht. Elo misst den wäissrussesche Loftraum fir international Flich gespaart ginn.

Zu Frankräich ass de wäissrusseschen Ambassadeur abestallt gi well och Fransouse u Bord vum Fliger waren, an der Schwäiz ass ee beonrouegt, an zu Lëtzebuerg schaffe Politiker Sonndes a Feierdeeg net, mee et gouf eis verséchert datt een och rosen ass. Den Anthony Blinken an déi ganz amerikanesch Natioun stinn un der Säit vun de Mënschen a Wäissrussland, a sinn och rosen…

mat indymedia/msq/bru/vno

Illustratioun: © Fotis Christopoulos / unsplash

Related topics Alexander Lukaschenko, Entféierung, FR4978, IATA, Minsk, Roman Protassewitsch, Ryanair, Wäissrussland
Next post Previous post