Search

You may also like

D‘Ligue Médico-Sociale Informéiert
International Neiegkeeten

D‘Ligue Médico-Sociale Informéiert

Aus Grënn déi op der aktueller sanitärer Situatioun berouen, si

D‘CSV houfreg op hir Oppositiounsaarbecht
International Neiegkeeten

D‘CSV houfreg op hir Oppositiounsaarbecht

Och eng CSV zitt géint Enn vun der Legislaturperiod de

Dokter oder Generaldirekter? (Kommentar)
International Neiegkeeten

Dokter oder Generaldirekter? (Kommentar)

De Verwaltungsrot vum CHEM (Centre Hospitalier Emile Mayrisch) huet an

„À dieu“ Diktator Idriss Déby Itno

Ee grousse Frënd vun der „grande Nation“ ass um Schluechtfeld als grousse Krichshär gefall

„À dieu“ Diktator Idriss Déby Itno

De selwer ernannte Marschall a President vum Tschad, steet eigentlech am Widdersproch zu alle Wäerter déi Frankräich an déi Europäesch Unioun virgi verkierperen ze wëllen, mee et gehéiert sech einfach, eege Wirtschaftsinteressen duerch Autokraten ofzesécheren. An esou ginn zolidd Verbriecher ëmmer nees als „Frënd“ bezeechent.

Laut dem Spriecher vum Etat-Major, Azem Bermandoa Agouna, ass den 68 järege Krichsdreiwer am Kampf mat de Rebellen an de Kapp geschoss ginn. „De Marschall huet grad säi leschtem Otemzuch um Schluechtfeld, wärend der Verdeedegung vun der territorialer Souveränitéit geholl. Mat grousser Trauer verkënnege mir den Dout vum Marschall vum Tschad“, esou den Text.

Déi militäresch Elite am Tschad huet natierlech blëtzschnell reagéiert – et dierf kee Muechtvakuum opkommen – an dem Autokrat säi Fils, de Generol Mahamat Idriss Déby Itno, als Nofolger genannt. Dee soll elo bannent den nächsten 18 Méint déi militäresch Iwwergangsregierung leeden. Datt den Tschad an de leschten 30 Joer net soll vun enger Militärregierung gefouert gi sinn, ass awer elo nei.

Am Tschad sinn déi vum franséische Staat gestäipte Mäerder säit 1990 un der Muecht. Paräis hat eng Hand ugepaakt, wéi et 1990 drëms gaange war, deen net esou wirtschaftlech kooperativen Hissène Habré (dee war selwer duerch ee Putsch géint de Goukouni Oueddei un d‘Muecht komm) bei der Däiwel ze joen. Frankräich ënnerhält vill dëser Relatiounen um schwaarze Kontinent.

Wann s de net derlaanscht kënns

Zanter der Entwécklung vum radikalen Islamismus an der Entstoung vum Islamesche Staat, Boko Haram an wat et soss nach alles u pseudo-reliéise Fanatiker gëtt, dat besonnesch am Norde vun Afrika, sinn esou Autokraten eng wichteg Hëllef. Zudeem hunn net nëmmen d‘Fransousen ee grousst Matgefill fir Diktatoren, Militärregierungen a soss Faschisten. Dat gëllt fir déi ganz EU.

30 Joer laang ass den Tschad vun enger „demokratescher Militärregierung“ gefouert ginn, an dat soll sech net änneren. D‘Genereel si wichteg, an déi aus dem Tschad besonnesch, wëll si eng grouss Roll am Kontext vun der G5 Sahel Allianz spillen. Dës Allianz ass de leeschte Schutzwall virum islameschen Terror um afrikanesche Kontinent. An esoulaang wéi keng Europäer drop ginn…

Datt et dem Marschall säi Bouf ass, deen als Generol Chef vun de Spezial- an Eliteneenheeten elo d‘Wierk vum Papp soll weiderféieren och keen Novum. Dovunner sinn d‘Geschichtsbicher voll. Dës Muecht sinn, gëtt vum Mouvement „Front fir Wandel an Eintracht“ (FACT) a Fro gestallt an et dierf wierklech driwwer gestridde ginn, ob en hei vu Rebellen oder Terroristen auszegoen huet.

FACT ass eng 2016 gegrënnte „Beweegung“, déi sech zum Zil gesat hat, de Regime vum Diktator ze destabiliséieren. Hir lescht grouss Aktioun huet et zur „Presidentewal“ um 11. Abrëll ginn. Do waren déi mäerderesch Bande vun der FACT vu Libyen aus iwwert d‘Grenz komm a konnten sech zimlech zügeg a Richtung Haaptstad virkämpfen. Zu N‘Djamena geet elo d‘Angscht ëm.

Europa brauch d‘Diktaturen

Wann elo Mënsche wéi de franséische President Emmanuel Macron, mee och eisen Ausseminister Jean Asselborn genéidegt sinn drop hinzeweisen, datt den Tschad fir déi Europäesch Unioun ee Land mat groussem geostrategesche Potential ass, bezitt sech dat net op Mënscherechter oder esou eppes vernoléissegbares wéi Demokratie an/oder Fräi Walen. An bezunn op d‘Wale gëtt et eppes.

No 30 Joer, soll de Marschall Idriss Déby Itno, den 11. Abrëll mat 79,32% vun de Stëmmen an enger demokratescher Wal fir déi 6. Kéier zum President vum Tschad gewielt gi sinn. Wann esou Resultater aus „anere“ Länner gemellt ginn, heescht et zu Bréissel: „do gouf mindestens gefuddelt“, wat durech d‘Beispill Wäissrussland beschtens ënnerstrach gëtt. An dësem Fall natierlech net…

Zudeem huet déi „grande nation“ de Mahamat Idriss Déby Itno als Pilot a militäreschen Taktiker ausgebilt, wat eng gewëssen Investitioun duerstellt, déi een a Krisenzäiten net bereet ass verfalen ze loossen. A ganz Europa wier dem mordgelëschteregen Ierwen eng schëlleg. Hien hat eng Hand mat ugepaakt, wéi Frankräich op Nofro vun den USA dem al-Gaddafi d‘Frëndschaft gekënnegt hat.

Datt dem Tschad seng Mënscherechtsbilanz ni gutt war, et ni d‘Absicht vun de Fransousen an/oder der Europäescher Unioun war, engem wichtegen Alliéierten seng Naupen ze tilgen, ass dat eent. Datt mir als Lëtzebuerger iwwert den Ëmwee vum Ausseminister Verbrieche géint d‘Mënschheet guttheeschen, well elo den Islamismus an de reliéisen Terror bekämpft gëtt, eng richteg gutt Saach.

mat indymedia/par/tlv

Archivbild: Dem Marschall vum Tschad Idriss Déby Itno – hei bei enger Pressekonferenz am Joer 2014 – hunn d‘Rebelle vun der „Front fir Wandel an Eintracht“ an de Kapp geschoss an elo ass hien Dout. Säi Bouf, de Generol Mahamat Idriss Déby Itno iwwerhëlt elo a fir 18 Méint, kommissaresch d‘Muecht am Tschad. Regierung, Parlament a sonsteg politesch Institutioune sinn opgeléist ginn. (NicoLeon/ cc by-sa 4.0)

Related topics Afrika, Demokratie, Diktatur, Frankräich, Idriss Déby Itno, Islamismus, Mënscherechter, Tschad
Next post Previous post