Search

You may also like

Policegewalt géint PoC an den USA
International Neiegkeeten

Policegewalt géint PoC an den USA

Dräi Méint no der Ermordung vum George Floyd zu Minneapolis

Eng Gay Pride fir de Viktor Orban
International Neiegkeeten

Eng Gay Pride fir de Viktor Orban

An Ungarn gouf gëschter déi alljäerlech „Budapest Pride“ ofgehalen, a

Friddensplang vun den USA ass e Schlag an d‘Gesiicht vun de Palestinenser
International Neiegkeeten

Friddensplang vun den USA ass e Schlag an d‘Gesiicht vun de Palestinenser

Beim klenge „Sommet“ vun de Leader vun der palestinensescher Befreiungsorganisatioun

Omar al-Bashir: en Diktator mat beschte Bezéiungen

De verzweiwelte Kampf vun de Sudanese fir e Stéck Demokratie

Omar al-Bashir: en Diktator mat beschte Bezéiungen

Am Sudan stinn zanter Wochen d‘Zeechen op Stuerm, an d‘Vollek fuerdert seng Rechter. Dogéint opgestallt: d‘Sécherheetskräfte vum Regime. A wéi ëmmer wa Mënschen Demokratie a Fräiheet afuerderen, gëtt gestuerwen. Am Sudan sollen et der op mannst 40 Sinn, déi hire Begier mam Liewe bezuelt hunn.

Fir den 30 järege Mohamed, dee säit Woche mat anere jonke Mënschen an de Stroosse vun der Haaptstad Khartum de Récktrëtt vum „Laangzäit-Diktator“ Omar al-Bashir fuerderen, sinn et onsécher Zäiten, Perspektive gëtt et wéineg, Erwaardunge gi keng erfëllt… Op d‘Affer vun de Protester ugeschwat, mengt de Mohamed: „Ech hu näischt méi ze verléieren“

Protest a Fuerderungen, datt gesäit den Omar al-Bashir, deen 1989 no engem onbluddege Putsch am Sudan d‘Léngt an de Grapp geholl huet, guer net gären. Den islamesch-fundamentale President vun dësem aarmséilege Land, géint deen de internationale Geriichtshaff zu den Haag – ënnert anerem wéinst Vëlkermord – en Haftbefehl ausgestallt huet, schléit mat senger Muecht zou.

Et gëtt Zäit fir Verännerung

Esou geet net nëmmen Tréinegas géint d‘Manifestanten agesat, zu Khartum schéissen d‘Polizisten och „schaarf“ op alles, wat et wot dem Regime d‘Stir ze bidden. Et si scho 40 Mënsche gestuerwen an dausende sollen am Prisong sëtzen, esou Mënscherechtsorganisatiounen déi nach am Sudan hire Missiounen nokommen. Um Beispill vum Mohamed ass awer ze gesinn: et geet duer!

Och mat enger virsiichteger Analys, muss een zum Schluss kommen, datt de Regime säin Zenith iwwerschratt huet. D‘Repressioun déi vun der Regierung géint dat eegent Vollek ugewannt gëtt, huet d‘Mënsche méi no un enaner bruecht. D‘Protester hunn d‘Sudanese vereent, d‘Fuerderung no Verännerung erkléngt aus allen Ecker vum Land, a geet iwwert d‘Grenzen eraus.

Mat eisener Hand

Den Omar al-Bashir, huet vun de 60er bis an d‘80er Jore vum leschte Joerhonnert säi Liewen op Militärakademie Verbruecht: an Egypten, Malaysia, Pakistan an och den USA huet den Islamist alles bäibruecht kritt, wat en Diktator wësse muss, fir d‘Vollek ze ënnerdrécken. Hien hetzt Araber géint Afrikaner op, Chrëschte géint Moslemen, awer ëmmer nëmmen esouwäit et hin notzt.

Wou sech zur Wier gesat gouf, ass mat aller Häert zougeschloe ginn. E Mënscheliewen am Sudan ass grad emol esouvill Wäert, wéi et dem Omar al-Bashir an de Sënn kënnt. An Awer och de Regime vu Khartum konnt net verhënneren, datt sech de Südsudan 2011 geléist, an den Diktator esou vun engem groussen Deel vun de Pëtrolsreserven ofgeschnidden huet.

De wirtschaftlechen Desaster

Wou Diktatoren un der Muecht sinn, si Korruptioun a Mësswirtschaft net wäit. D‘Wirtschaft ass no de Sanktiounen zesummegebrach, d‘Präisser fir Grondliewensmëttel sinn explodéiert. Wéi dunn am Dezember de Präis fir Brout sech quasi iwwer Nuecht verdräifacht huet, sech fir vill Mënschen eng Hongersnout ofgezeechent huet, hu sech d‘Sudanesen erhuewen, sinn op d‘Strooss gaangen.

E Mouvement deen dat ganzt Land erfaasst huet: Intellektueller an Aarbechter, Oppositioneller a Gewerkschaftler, keng Schicht déi ausgelooss gi wier. Si ginn op d‘Strooss, Streiken, blockéieren Institutiounen. An et sinn besonnesch déi Jonk, déi es genuch hunn. Si fillen sech beklaut a bedrunn, Zukunftsperspektive gëtt et esou gutt wéi keng, d‘Inflatioun huet 70% iwwerschratt…

Ouni Job keng Aussiichten

Fir de Mohamed, dee Medezin studéiert huet, gëtt et grad emol en Job bei enger Liwwerfirma. Hei kritt hie 50 Euro/Mount, wat méi ass wéi wat villen anere bezuelt gëtt. Mat dëser „Pai“ kënnt de jonke Mann grad esou iwwert eng Woch, fir méi laang geet et – ugesiichts der Inflatioun – einfach net duer. Hien ass op d‘Hëllef vun den Elteren ugewisen, an déi hunn et och net einfach.

An der „Aktualitéit“ awer geet dëst Drama ënner, kaum een deen doriwwer Bericht, an natierlech ass een net wéi beim Venezuela, zu Washington oder Bréissel, dorunner interesséiert am Sudan de Regime ze stierzen. Washington wëll sech hei net an intern Ugeleeënheeten amëschen.

A well de Regime auslännesch Journalisten net era léisst, deenen déi do sinn d‘Lizenz entzitt, ass et schwiereg geséchert Informatiounen ze erhalen. De Mohamed a seng Frënn filmen sech an der Nout selwer, a mussen ëmmer nees Weeër fanne fir wéinstens déi „Informatiounen“ un d‘Welt weider ze ginn. Keng einfach Entreprise, wann ee bedenkt, datt déi meescht Internetportaler gespaart sinn.

Banditten ënnerstëtze Banditten

Geld an der Staatskeess brauch net gesicht ze ginn, wat den Omar al-Bashir net „a Sécherheet“ bruecht huet, muss fir d‘Foussvollek opgewannt ginn. Dat ass dann och de Grond firwat den Diktator schonn zanter Wochen „un d‘Diere vu senger Nopere klappe geet“ a finanziell Hëllef afuerdert. Hëllef zougesot hunn d‘Tierkei, de Katar an déi Vereenegt Emirater.

De Mohamed a seng Frënn, si gleewen un d‘Demokratie. Si sinn iwwerzeegt datt et nëmmen nach besser ka ginn, a si de Kampf fir e Staat deen hir Dreem erfëlle kann, net dierfen opginn. Vill sëtzen der am Prisong, e puer hunn hiren Dram vun Demokratie a Fridde scho mam Liewe bezuelt. Mee si wëllen elo keng Rou méi ginn, bis den Omar al-Bashir aus dem Amt an dem Land verdriwwen ass.

mam Amani Muamba, Libreville

Foto: (Archiv) © Jesse B. Awalt

Related topics Afrika, Diktatur, Omar al-Bashir, Protest, Repressioun, Sudan
Next post Previous post