Search

You may also like

Eng „zweet Well“ wier Ënnerwee…
International Neiegkeeten

Eng „zweet Well“ wier Ënnerwee…

Beim OGBL ass een alt nees gezwongen d‘Alarmklacken ze lauden,

Fir eppes Sonn am Wanter: Okult Summer
International Neiegkeeten

Fir eppes Sonn am Wanter: Okult Summer

Dësen héichgärege Summer Béier vun Okult (Grupp Simon) ass u

Avis fir de Public: D‘Ligue Médico-Sociale reduzéiert seng Servicer
International Neiegkeeten

Avis fir de Public: D‘Ligue Médico-Sociale reduzéiert seng Servicer

Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun, sinn d‘Zentre vun der Ligue

Och en Diktator wëll vereedegt ginn

No der Amtsaféierung vum Alexander Lukaschenko ass et a Wäissrussland zu Handgräiflechkeete komm – iwwer 250 Persoune sinn eleng zu Minsk verhaft ginn

Och en Diktator wëll vereedegt ginn

Nodeems – et muss een och an enger Diktatur de Protokoll anhalen – den Alexander Lukaschenko, dee jo mat selwer produzéierten 80% Zoustëmmung victoriéis aus de Presidentschaftswahlen am August ervirgaange war, huet d‘Vollek rebelléiert, firwat seng Amtsaféierung a Vereedegung eppes méi „diskret“ verlaf ass, wéi sech de 66 järegen dat dierft gewënscht hunn.

Esou sinn alt nees dausende Mënschen an der Nuecht op en Donneschdeg op d‘Strooss gaangen, wou si hirem Onmutt fräie Laf gelooss hunn. Heibäi koum et dës kéier allerdéngs zu handfesten Ausenanersetzunge mat de Sécherheetskräften. Laut dem wäissrusseschen Inneministère sinn an dësem Kontext 364 gewalttäteg Demonstrante vun der Police verhaft an ofgefouert ginn.

Zu Minsk sinn 254 Persoune verhaft ginn, mee och zu Borrisow, Gomel a Grodno, huet d‘Police zolidd zougeschloen. Tréinegas a Waasserwerfer sinn géint déi rebellesch Bevëlkerung agesat ginn, wien de Sécherheetskräften ze no koum, krut der op d‘Sabbel… Esou verleeft natierlech net ganz esou eesäiteg of, an esou huet et blesséierter, esouwuel bei den Demonstrante wéi der Police ginn.

Ob et dann elo ënnert de bekannten Ëmstänn tatsächlech esou eng gutt Iddi sollt gewiescht sinn, den Alexander Lukaschenko um Mëttwochmueren „ënner Ausschloss vun der Ëffentlechkeet“ ze vereedegen? Et huet méi no enger geheimer Operatioun ausgesinn, wéi no engem offiziellen Akt an dat ass oft en éischter schlecht Virzeechen. Woubäi och eng Pompös Zeremonie net wierklech….

Och zu Bréissel hunn se dozou eng Meenung

Wéi esou oft, mécht d‘EU-Kommissioun op „iwwerrascht“ a versicht glafwierdeg ze vermëttelen, datt et sech bei dësem Staatsakt, ëm eng plëtzlech an onugekënnegt Vereedegung handelt, déi Si elo natierlech op dat schäerfst verurteelen, wëll et fir esou een Akt keng demokratesch Legitimatioun géif ginn. Et ass jo och eng Frechheet, datt en Diktator net virdrun nofreet, op dierf gefeiert ginn.

Mee och déi mat eigentlech gréissere Problemer geploten EU-Kommissioun, muss hir Interessen – an dësem Fall d‘Osterweiderung vun der Unioun – verdeedegen, firwat et ganz normal ass, datt de Josep Borrell, EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, d‘Verdeedegung vum Alexander Lukaschenko „op dat schäerfst“ verurteelt huet. Woubäi hei „schaarf“ nees muss relativéiert ginn.

Datt eng Vereedegung, wéinst friddleche Protester engersäits an dem Awand vu Bréissel anersäits, soll kënnen als ongülteg erkläert ginn, léist Zweiwel opkommen, op se an der EU-Kommissioun eng Notioun vum Begrëff „Diktatur“ hunn. An aus Wäissrussland gëtt et dann och prompt eng Äntwert op dat diplomatescht Gejéimers aus engem Europa, datt nach net emol Sanktiounen hikritt.

An esou stellt dann de leschten europäeschen Diktator no enger frëndschaftlecher Entrevue mam chineseschen Ambassadeur fest: „Mir hu kee gebueden eis Wahlen unzëerkennen oder esouguer d‘Legitimitéit vum gewielte President ze bewäerten“. Verkéiert ass datt streng geholl net, woubäi hei sollt d‘Betounung elo net op „gewielt“ geluecht ginn. Dat war jo erwisenermoossen net de Fall.

mat indymedia/lon/bru

Related topics Alexander Lukaschenko, Belarus, Diktator, EU-Kommissioun, Josep Borrell, Protest, Wäissrussland
Next post Previous post