Search

You may also like

money
D‘SNCI investéiert an d‘Sozial- an Solidarwirtschaft
Neiegkeeten Sport

D‘SNCI investéiert an d‘Sozial- an Solidarwirtschaft

Am Inkubator fir lëtzebuergesch Sozial-Entreprisen am Déifferdenger „6Zero1“, ass um

mateneen. Demokratiebildung an der digitaler Gesellschaft
Neiegkeeten Sport

mateneen. Demokratiebildung an der digitaler Gesellschaft

Dat véiert Heft vun der Rei „mateneen – Praxishefte Demokratische

De Minettpark start seng Saison
Neiegkeeten Sport

De Minettpark start seng Saison

Et fänkt un méi agreabel dobaussen ze ginn an esou

eSport: De Swift Hesper setzt seng Hoffnungen an den Diogo Santos

eSport: De Swift Hesper setzt seng Hoffnungen an den Diogo Santos

Zesumme mat sengem Parter ELA Luxembourg stellt Swift Hesper houfreg säin éischten eSport-Spiller an der Geschicht vum Club vir. Den Diogo Santos gehéiert mat senge jonken 22 Joer zu de beschte Spiller aus der Regioun.

Hie war zwee Mol Champion vu Lëtzebuerg (2017, 2018) an zweemol Champion vun der LGX (2018, 2020). Dobäi wëll de Swift Hesper laangfristeg mat dësem hoffnungsvolle Spiller ervirstiechen an ënnerstëtzt mat senger Signatur d’Entwécklung vum eSport hei zu Lëtzebuerg.

De Jonathan Joubert an den Tom Schnell waren déi éischt Spiller vum Club, déi dem Diogo zu dëser Zesummenaarbecht gratuléiert hunn.

Fir déijéineg, deenen eSport en abstrakte Begrëff ass

eSport steet fir „elektronesche Sport“, wat esou vill bedeit, wéi dass déi sportleche Competitioun iwwer Computerspiller stattfannen. Dobäi kënnen et ënnerschiddlech Disziplinne ginn. Normalerweis bestëmmt eng Software d’Bedéngungen an extern Bestëmmunge vum Spill. eSport kann op Computeren a Spillkonsole bedriwwen.

Related topics Champion, Computerspiller, Diogo Santos, ELA Luxembourg, Esports, LGX, Swift Hesper, Wettkampf
Next post Previous post