Carte Blanche: Un déi, déi den Doud eis geholl huet

Dir feelt eis!

Iergendwéi gefält mir d’Virstellung vun engem Paralleluniversum – enger Plaz, wou sech all verstuerwe Séilen erëmfannen.

Zemools virun de Feierdeeg, muss bestëmmt deen een oder aneren u seng Léifsten denken. Mir gefält och d’Virstellung, datt an eisem Nowuess een Deel vun eise Verstuerwene stécht. Mir gefält, datt et eppes gëtt, wat mech un dës Persoun erënnert.

Et ass einfach eng berouegend Virstellung, datt et eng Plaz gëtt, déi mir um Himmel sichen. Eng Plaz, déi d’Luucht erhellt. Esou liewen eis Léifsten op iergendeng Aart a Manéier weider.

Och wa mir wëssen, datt si net méi zeréckkommen, brauche mir eng Virstellung vun dëser Plaz. Déi Plaz, wou mir eis all erëmfanne wäerten. Iergendwann.

All Mënsch, deen eemol vun eis gaangen ass an esou aus eisem Liewe verschwonnen ass, ass ee Stär um Himmel. Ee Stär, deen ni ophale wäert fir eis ze liichten. Et läit un eis dës Mënschen, déi vu Bedeitung sinn, sécher an Erënnerung ze halen.

Wann ee Mënsch vun eis geet, bleift d’Zäit stoen. D’Häerz brécht a mir blockéieren an eisen Handlungen. Et gëtt eng Méiglechkeet, eis Geschicht weiderzeschreiwen – mee dat geet nëmmen ënner Tréinen a mat Hoffnung an onsem Häerz. Et geet dorëms, wéi mir all Dag liewen. Mir musse léieren mat der Péng ëmzegoen – a villäicht souguer Kraaft draus ze zéien.

Mir kënnen dëse Verstuerwenen am beschte gedenken, andeems mir all Dag Freed an eist Liewe loossen an all Moment genéissen.

Dernières nouvelles