Search

You may also like

10 Joer BEE Secure – dat gëtt (virtuell) gefeiert!
Business Neiegkeeten

10 Joer BEE Secure – dat gëtt (virtuell) gefeiert!

Zënter 10 Joer setzt BEE Secure sech fir de responsabelen,

De Lëtzebuerger Film „Gutland“ – haut am CineKinosch
Business Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Film „Gutland“ – haut am CineKinosch

Et ass wuel ee vun de beschte Lëtzebuerger Filmer vum

Jean-Marie Jacoby: Et muss sech eppes änneren
Business Neiegkeeten

Jean-Marie Jacoby: Et muss sech eppes änneren

62 Joer jonk, dräi Kanner, elengerzéiend. Dat sinn d‘Eckdate vum

En neien Direkter fir den Honnertkommasiwen

Domadder dierft de President vum Presserot d‘Institutiounen am Land all duerchgeholl hunn

En neien Direkter fir den Honnertkommasiwen

Entspriechend dem Communiqué vum Verwaltungsrot vum sozio-kulturelle Radio „100,7“ gëtt de President vum Presserot, aktuell Generaldirekter vum gewerkschaftleche Mediegrupp Editpress, Jean-Louis Siweck, den Nofolger vum Marc Gerges.

Dësen hätt sech – esou de Verwaltungsrot – net méi mat der Redaktioun verstanen. Interimsméisseg huet d‘Presidentin vum Verwaltungsrot, Véronique Faber d‘Direktioun vum Honnertkommasiwen iwwerholl. Dat war am Abrëll, an d‘Prozedur fir de Rekrutement gouf dann och direkt an d‘Wee geleet. Et dierf drop higewise ginn, datt och de Marc Gerges eng mouvementéiert Carrière hat…

Wéi vill Kandidaten et fir de Poste vum Generaldirekter vum ëffentlech-rechtleche Radiosender hat gëtt net gesot, esouvill Informatiounszougank gëtt et bannent der Branche dann och net, an et ass jo net well een eppes vun der Regierung verlaangt, datt een dat selwer misst maachen. Ass u sech elo och egal, well de Kandidat jo bestëmmt gouf. Et geet jo net ëm Politik, mee eenzeg ëm Kompetenz.

U Kompetenz feelt et dem jonke Senior net. 1998 huet hie säi journalisteschen Debut beim „Land“, enger vun de beschten, wann net esouguer déi eenzeg relevant, Publikatiounen zu Lëtzebuerg gemaach. 2001 huet hie gehollef déi frankophon Spart bei Editpress un de Start ze bréngen. Hie war dertëscht am Generalsekretariat vun de BGL täteg, an huet gutt Kontakter zur Politik ënnerhalen.

Als wirtschaftleche Beroder vum Jean-Claude Juncker (2004/13) huet sech de Jean-Louis Siweck am politesche Krabbekuerf en Numm gemaach, an nom Putsch vun der haiteger Koalitioun vun DP-LSAP-déi gréng, huet de Journalist eng nei Schaff gebraucht. Am November 2013 gëtt de Journalist Chefredakter vun der Bistumszeitung „Wort“, déi an der tëscht de Besëtzer gewiesselt huet.

Wann d‘Beem an den Himmel wuessen

No véier Joer huet dem Jean-Louis Siweck seng publizistesch Ausriichtung net méi mat därer vun der Saint-Paul Direktioun iwwertenaner gepasst, an am September 2017 gouf d‘Trennung vollzunn. Am Mee 2018 huet de Journalist d‘Direktioun vun Editpress iwwerholl, an esou d‘Danièle Fonck un der Spëtzt ofgeléist. Bis dohinner war de Journalist Member vum Verwaltungsrot vum 100,7.

Am Mee 2020 ass de Jean-Louis Siweck fir zwee Joer zum President vum Presserot ernannt ginn. Elo also de Wiessel bei de soziokulturelle Radio, deen der Ausso vum Interesséierten no: „op engem besonnesche Punkt a senger Entwécklung ukomm ass“. Eng gewoten Ausso, wann e bedenkt datt d‘Missioun als „ëffentlechen Déngscht“ soll „preziséiert“ also nei Ausgeriicht soll ginn.

De President vum Presserot gëtt folgendermoossen Zitéiert: „Ech si frou, d’Direktioun zu dësem Zäitpunkt ze iwwerhuelen an der Ekipp vum Radio meng Erfarung zur Verfügung ze stellen. Et geet elo drëms, d’Missioun vum Radio zesumme mat Liewen ze fëllen a fir dem Radio 100,7 ze erméiglechen, seng besonnesch Plaz an der Lëtzebuerger Medielandschaft voll a ganz anzehuelen.“

Fir d‘Presidentin vum Verwaltungsrot ass de Journalist dank sengem grousse Professionalismus an der onerschëpflecher Erfarung dee beschte Kandidat fir de Poste vum Generaldirekter. Un him elo den Honnertkommasiwen als Referenzmedium zu Lëtzebuerg ze installéieren, an engem villfältege Public een esou wäertege wéi originellen Inhalt unzebidden. Ab dem 16. September geet et lass…

Illustratioun: © Frank Albrecht / unsplash

Related topics BGL, Editpress, Honnertkommasiwen, Jean-Claude Juncker, Jean-Louis Siweck, Luxair, Luxemburger Wort, Presserot, Saint-Paul, Tageblatt
Next post Previous post