Search

You may also like

Am Myanmar forméiert sech de Widderstand
Neiegkeeten

Am Myanmar forméiert sech de Widderstand

Virun enger Woch huet d‘Militärjunta d‘Muecht iwwerholl, d‘Regierungscheffin Aung San

Energieeffizienz-Netzwierk Mëllerdall: Zesumme geet et besser!
Neiegkeeten

Energieeffizienz-Netzwierk Mëllerdall: Zesumme geet et besser!

Um Februar 2020 lancéiert den Natur- & Geopark Mëllerdall, zesumme

Dronen si vollwäerteg Krichswaffen (Analys)
Neiegkeeten

Dronen si vollwäerteg Krichswaffen (Analys)

Ëmmer méi Konflikter spillen sech direkt virun de Grenze vun

Den Direkter vun der Uni.lu muss keen Däitsch kënnen

Op der Uni ass d'Sproochesituatioun och komplex

Den Direkter vun der Uni.lu muss keen Däitsch kënnen

Während iwwert d’Sproochen am Enseignement nawell vill dëser Deeg geschwat gëtt, huet d’Annonce fir den neien Direkter vun der Uni fir Opreegung gesuergt. Dëst, well deen, am Géigesaz zu sengen dräi Virgänger, anscheinend nëmmen Franséisch an Englesch muss kënnen. D’Däitscht an d’Lëtzebuergescht misst en net beherrschen.

Den Héichschoul- a Fuerschungsministère bestätegt des. Tatsächlech géif d’Gesetz net virgesinn, datt eng Dräisproochegkeet misst erfëllt ginn. Et géif awer dra stoen, datt de multilinguale Charakter vun der Uni ënnerstëtzt misst ginn. Mee nëmmen zwou vun dräi Sproochen (Franséisch, Däitsch an Englesch) musse bei der Astellung vum neie Personal beherrscht ginn.

Zwee plus een

D’linguistesch Kapassitéiten vun de Direkteren hu bis elo ëmmer esou ausgesinn, datt se niewent dem Engleschen eng vun deenen aneren zwou Amtssproochen fléissend geschwat hunn. Déi drëtt Sprooch sollen se op mannst „passabel“ beherrscht hunn. Kee vun de fréiere Direktere hätt vun Ufank un Lëtzebuergesch konnt, mee sech déi Sprooch am Verlaf vun der Zäit ugëeegent.

De Ministère ënnersträicht dobäi, datt d’Franséisch eng besonnesch Roll géif spillen. Dëst, well „all offiziell Dokumenter vun der Universitéit Lëtzebuerg op Franséisch sinn“. Kuerz: Däitschsproocheg Kandidaten fir de Posten vum Direkter ginn net ausgegrenzt, „esou laang se déi franséisch Sprooch gutt beherrschen“.

Des Informatiounen sinn aus enger Äntwert vum Ministère op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierten Roy Reding (ADR) ervir gaangen. An dëser hat sech den Deputéierten besuergt gewisen, datt déi däitsch Sprooch an dësem Fall diskriminéiert géif ginn.

 

 

Related topics adr, Roy Reding, Sproochen, Uni.lu, Universitéit Lëtzebuerg
Next post Previous post