Search

You may also like

surprise
Medie gi kloer iwwerbewäert
Business Neiegkeeten

Medie gi kloer iwwerbewäert

Et ass sech säitens de Medie scho vill iwwert d‘Kommunikatiounsstrategie

QuattroPole-Musekpräis: Kreativ Innovatiounen
Business Neiegkeeten

QuattroPole-Musekpräis: Kreativ Innovatiounen

Bei der grenziwwerschreidender Kooperatioun QuattroPole si ganzer 54 Kandidature fir

dislike
Kann een d’Wierk vum Kënschtler trennen?
Business Neiegkeeten

Kann een d’Wierk vum Kënschtler trennen?

Wien an der Lescht op Netflix no eppes interessantem fir

Eng „Auszeechnung“ mat Verantwortung

Den Tom Bellion gouf an der Verwaltungsrot vun „European Cities Marketing“ gewielt

Eng „Auszeechnung“ mat Verantwortung

Wéi den LCTO et gëschter matgedeelt huet, ass den Direkter vum „Luxembourg City Tourist Office“ den 19. Mäerz, am Kader vun der Generalversammlung vun der Associatioun „European Cities Marketing“ (ECM) fir d‘Dauer vun dräi Joer an de Verwaltungsrot (erneierbar) gewielt ginn.

D‘Associatioun „European Cities Marketing“ ass eng europäesch Federatioun, deen d‘Acteure vum Tourismus (Fräizäit & Business) zesummeféiert. Alles an Allem sinn hei 115 dëser „Acteuren“, déi aus 36 verschiddene Länner komme vertrueden. Déi meescht kommen aus den Haaptstied, mee och déi grouss Metropole sinn natierlech mat um Start.

Eng vun de grousse Missioune vun der ECM besteet an der Fërderung vum Austausch vun de „gudde Praktiken“, der Inspiratioun an der Entwécklung wei der Fërderung vun enger nohalteger lokaler Ekonomie. Et geet awer och drëms sech eng gemeinsam Linn ze ginn, fir den zukünftegen Erausfuerderunge gutt gerëscht entgéintzetrieden.

Den LCTO ass zanter laange Jore Member vun der „European Cities Marketing“, an de Sëtz am Verwaltungsrot sollt et dëser Institutioun erlaben, sech nach méi an d‘Entwécklung vum Tourismus zu Lëtzebuerg an an Europa anzebréngen. Et ass awer och eng grouss Verantwortung, där den Tom Bellion hei muss gerecht ginn.

Den neie Verwaltungsrot stellt sech elo aus folgende Persounen zesummen:

  • Petra Stusek, Présidente, Ljubljana
  • Laura Aalto, Vice-Présidente, Helsinki
  • Barbara Jamison, Vice-Présidente, London
  • Sam Johnston, Vice-Président, Dublin
  • Ignasi de Delàs, Trésorier, Barcelona
  • Geerte Udo, Amsterdam
  • Dieter Dewulf, Bruges
  • Susanne Höller, Graz
  • Michael Otremba, Hamburg
  • Tom Bellion, Luxembourg
  • Jurgen Moors, Maastricht
  • Yvonne Coulin, Nürnberg
  • Christian Lunde, Oslo

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics ECM, European Cities Marketing, LCTO, Luxembourg City Tourist Office, Tom Bellion
Next post Previous post