Search

You may also like

Koalitiounspoker op italienesch
Neiegkeeten

Koalitiounspoker op italienesch

Nodeems et zu Roum bei de Verhandlungen tëscht dem Movimento

Commemoratiounsfeier fir 75. Joer Ardenneschluecht: Invitatioun fir d’Ëffentlechkeet
Neiegkeeten

Commemoratiounsfeier fir 75. Joer Ardenneschluecht: Invitatioun fir d’Ëffentlechkeet

Am Kader vum 75. Commemoratiounsdag vun der Ardenneschluecht wäert e Méindeg,

Kino: „Breadwinner“ op der grousser Leinwand gesinn an UNICEF ënnerstëtzen
Neiegkeeten

Kino: „Breadwinner“ op der grousser Leinwand gesinn an UNICEF ënnerstëtzen

Adaptéiert vum Deborah Ellis sengem Bestseller „The Breadwinner“, huet dësen

Disco Soup – fir eng nohalteg Landwirtschaft

Disco Soup – fir eng nohalteg Landwirtschaft

Leschte weekend huet d’Aktioun Good Food Good Farming a ganz Europa stattfonnt. Zu Lëtzebuerg zielt d’Plattform Meng Landwirtschaft 23 lokal Organisatiounen, déi op den Evenement um Knuedler e Samschdeg Moien gelueden an iwwert 30 Bierger zum matmaachen ugereegt hunn.

Dem Publique gouf hei eng Disco Soup proposéiert, fir esou ee gemittleche Moment zesummen ze verbréngen, andeems net verkraaften Geméis vun de Supermarchéen am Grupp verwäert gouf. Dëst war eng gutt Geleeënheet fir sech an der Landwirtschaftspolitik vu Lëtzebuerg an Europa aus ze tauschen.

Momentan bidden weder d’Milliarden u Subventiounen an der EU, nach d’Landwirtschaftspolitik attraktiv Perspektive vir Zukunft fir déi vill Lëtzebuerger Baueren. D’Unzuel u landwirtschaftleche Betriber geet ëmmer méi erof, landwirtschaftlech Flächen ginn ëmmer méi deier a seelen. Fir alleguerten d’Besoinen a Saachen Alimentatioun vum Lëtzebuerger Konsommateur ze befriddegen misst een zwee Mol sou vill landwirtschaftlech Flächen hunn, wéi se momentan am Grand-Duché disponibel sinn. Am aktuellen Zoustand stëmmen d’Produktioun an d’Konsommatioun net iwwereneen.

D’Lëtzebuerger Landwirtschaft ass och haut nach vill beaflosst vun der Landwirtschaftspolitik vun der EU (PAC). D’Joer 2018 ass hei entscheedend fir d’Zukunft vun eiser Ernährung. All Joer ginn 60 Milliarden Euro vum Steierzueler un d’ Baueren iwwert de PAC verdeelt. Eng Formatioun vum PAC gëtt zu Bréissel preparéiert. Et ass also elo de Moment vir sech vir eng Ännerung ze engagéieren.

D’Plattform Meng Landwirtschaft huet scho vir d’Nationalwahlen eng Rei Fuerderunge gestallt a bereet sech dorop vir bei Verhandlungen nach méi an den Detail ze goen. Mir brauchen eng Politik, déi d’Iwwerliewen vun de Baueren a vun deenen, déi d’Baueren, d’Déieren an d’Ëmwelt schützen, ze sécheren andeems d’Baueren an Entwécklungslänner och respektéiert ginn.

Déi nei Regierung muss vun allen nationalen a politesche Moyenen profitéieren fir eng nohalteg Landwirtschaft ze sécheren a bis 2025 iwwert 20 % biologesch Landwirtschaft ze erzielen. Esou kann den Asaz vu Pestiziden a chemeschem Dünger verréngert ginn. Mee och d’Produktioun vu Mëllech a Fleesch soll erof goen, planzlech Produktioun zu direkter Consommatioun soll erhéicht ginn.

D’Bierger sinn een Deel vun der Léisung: ëmmer méi Leit musse sech ëm d’Hierkonft an d’Produktiounsmethod Suerge maachen. Et ginn ëmmer méi saisonal a lokal Produkter kaaft, déi och oft vu Biobauere kommen a sech fir Good Food Good Farming engagéieren. A genau dat soll den Impuls ginn, vir méi um nationalen an europäeschen Niveau ze ënnerhuelen.

Foto: © natur&ëmwelt

Related topics Baueren, Disco Soup, Landwirtschaft, natur&ëmwelt
Next post Previous post