Search

You may also like

Den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP)
Neiegkeeten

Den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP)

Wat schonn emol wichteg ass – den Dossier opmaachen (oder net)

Ganz wäit ewech vun eis waart e Stär op säin Numm
Neiegkeeten

Ganz wäit ewech vun eis waart e Stär op säin Numm

Am Kader vum 100 järege Gebuertsdag vun der Internationaler Astronomen

FLF beschléisst Spillpaus
Neiegkeeten

FLF beschléisst Spillpaus

Radikal wier d‘Entscheedung, déi ee Freideg bannent der Lëtzebuerger Fussballfederatioun

DiscoverEU: De Jonke Loscht op Europa maachen

EU-Kommissioun stellt 18järegen 12.000 Rees „Travel-Päss“ fir eng Europa-Rees zur Verfügung

DiscoverEU: De Jonke Loscht op Europa maachen

De leschten Donneschdeg huet d‘EU-Kommissioun eng zweet Ronn vum „DiscoverEU“ Concours agelaut. Nach bis en Dënschdeg 11. Dezember 12 Auer (MEZ) kënnen sech jonk Leit déi 18 Joer jonk sinn, nach fir en „Travel-Pass“ bewerben, an esou méiglecherweis am nächste Summer Europa entdecken.

Déi nei Ausgab knäppt un déi erfollegräich éischt Ronn un, wou 15.000 jonke Mënschen d‘Méiglechkeet gi war, tëscht Juli an Oktober 2018 queesch duerch Europa ze reesen. Vill vun hinnen hunn u Veranstaltungen am Kader vum europäesche Joer vum Kulturiewen deel geholl.

Dozou erkläert den Tibor Navracsics, EU-Kommissär fir Bildung, Kultur, Jugend a Sport:

„Et ass immens ze gesinn, datt jonk Mënschen dës nei Chance notzen, fir europäesch Kulturen an Traditiounen ze entdecken, an Erfarung ze bréngen, wat europäesch Villfalt bedeit, a Frëndschaft mat Mënschen ze schléissen, deenen si soss net begéint wieren. Déi éischt Ronn huet gewisen, datt déi jonk doduerch u Selbstvertraue gewonnen an nei Kompetenzen erziilt hunn, wéi Initiativgeescht a Kenntnisser a Friemsproochen. Béi DiscoverEU geet et dann och ëm wäitaus méi wéi nëmmen ëm d‘Reesen, et geet ëm d‘Léiere fir d‘Liewen“.

Wéi kann ee sech bewerben a wéi funktionéiert dat?

Um Concours kann al EU-Bierger, deen tëscht dem 1. Januar an 31. Dezember 2000 gebuer ass deelhuelen. D‘Bewerbung an d‘Registréierung mécht een um europäesche Jugendportal, an hei sollen déi interesséiert och hir Rees-Pläng uginn. D‘Auswiel vun de Kandidate stëtzt sech op fënnef „multiple-choice“ Froen zu europäescher Kultur a Villfalt, zu EU-Initiative fir jonk Mënschen an den Europawahlen am Mee, esou wéi eng zousätzlech Fro zu engem Thema am Zesummenhang mat der zweeter Ronn.

Wien erfollegräich ass, kann tëscht dem 15. Abrëll an dem 31. Oktober bis zu 30 Deeg duerch Europa reesen. Et sollt een dann och wëssen, datt an dëser Ronn besonnesch jonk Mënsche mat spezifesche Besoinen, oder Leit déi sozialen Erausfuerderunge géinteniwwer stinn, encouragéiert bei dësem Concours matzemaachen. Fir Leit mat spezifesche Besoine stellt d‘Kommissioun Informatiounen zur Verfügung, an d‘Käschte fir Ënnerstëtzung (Begleetpersoun, Blannenhond, asw.) ginn och iwwerholl.

Déi erfollegräich Kandidate kënnen eleng oder an enger Grupp vu bis zu 5 Persounen (alleguerten 18 Joer jonk) reesen. Si wäerte virun allem mam Zuch ënnerwee sinn, mee fir datt méiglechst vill Jonker sech bedeelege kënnen, dierfen och aner Transportméiglechkeeten an Usproch geholl ginn. Dat soll et och jonke Mënschen, déi eppes méi Abseits wunnen a liewen, d‘Chance bidden sech e Bild vun Europa ze maachen.

All Memberstaat ass entspriechend der Awunnerzuel, eng bestëmmten Zuel vun „Travel-Päss“ zougewise ginn. Méi Informatioune fënnt een op dem Europäesche Jugendportal esou wéi op der Facebook-Säit vun European Youth und auf Twitter. DiscoverEU: Froen an Äntwerten zur zweeter Ronn. An hei ganz interessant, den DiscoverEU „factsheet“.

Related topics DiscoverEU, EU-Kommissioun, Jugend, Reesen, Tibor Navracsics
Next post Previous post