Search

You may also like

Erfollegräiche Start fir d‘Sond: Solar Orbiter
Kultur Neiegkeeten

Erfollegräiche Start fir d‘Sond: Solar Orbiter

Op der Weltraumgar zu Cape Canaveral am Bundesstaat Florida (USA)

Gedenkminutt fir Covid19-Affer am Juni
Kultur Neiegkeeten

Gedenkminutt fir Covid19-Affer am Juni

Um Dënschdegmuere gouf an der Chamber den ëffentlechen Debat zur

Kuerze Weekend fir d‘Politik
Kultur Neiegkeeten

Kuerze Weekend fir d‘Politik

Bei de Gesetzer déi um Samschdegmueren am Cercle op der

The Disliked – Release Party vu „Reggae Rescue“!

Um kommende Freideg – Support: le vibe (LU)

The Disliked – Release Party vu „Reggae Rescue“!

Reggae-Fans opgepasst! D’Lëtzebuerger Band The Disliked invitéiert ganz houfreg op een explosiven Owend mat hirem neiste Wierk „Reggae Rescue“. D’Kombinatioun aus neie kräftege Sounds an enger immenser Light Show wäerte fir Faszinatioun pur suergen.

Kreativitéit steet fir si un éischter Stell. Genau dofir hunn d’Membere vun The Disliked ëmmer weider un hirem artistesche Prozess an de musikalesche Message geschafft. Esou huet et bal méi, wéi 3 Joer gedauert, ier den neien Album zesumme gestallt war. Zuelräich Owender, Weekender a Vakanzen hu si geaffert, fir esou ee Meeschterwierk ubidden ze kënnen.

D’Resultat vun der haarder Méi heescht „Reggae Rescue“, een Album, deen an enger éischter Phas mat Iddie gespeist ginn ass. Zesumme mam Produzent Charles Stoltz vun Holtz Studio & Mad Fox huet een déi bescht Entwerf behalen an dunn konnt et schliisslech mat den Opname lassgoen. Fir de Mix vun enger Opname-Session huet ee sech dann och den Tom Gatti vum Daft Recording Studio vu Malmédy als Hëllef dobäi geholl. Mat senger Léift zur Musek ass esou wuel de beschte Reggae Album opgeholl ginn, deen eng Lëtzebuerger Band jee ze bidden hat.

Oh Yeah!

Um 19:30 Auer ginn d’Diere vun der Escher Kulturfabrik (116, rue de Luxembourg), sou datt d’Virband le vibe um 20:00 Auer starte kann. Uschléissend geet et weider mam Concert vun The Disliked!

D’Tickete ginn et souwuel ënnert www.kulturfabrik.lu, wéi och direkt vun der Band an och am Akabo-Buttik. Am Virverkaf kaschten se 17 € (+Album Download mat dobäi), op der Plaz selwer 20 € (+ Album Download mat dobäi).

Related topics Kulturfabrik, le vibe, Reggae Rescue, Release, The Disliked
Next post Previous post