Search

You may also like

De Kolleg aus der Belsch huet et néideg
Neiegkeeten

De Kolleg aus der Belsch huet et néideg

Um Méindeg war den Didier Reynders, EU-Kommissär fir Justiz, zu

Den 28. Februar feiert d’Bea Beutelratte seng Premiere am Cube 521
Neiegkeeten

Den 28. Februar feiert d’Bea Beutelratte seng Premiere am Cube 521

Dëst Héierspill, wat den 28. Februar am Maarnecher Cube 521

What the Fakt – De Slipknot-Frontmann Corey Taylor huet Gebuertsdag!
Neiegkeeten

What the Fakt – De Slipknot-Frontmann Corey Taylor huet Gebuertsdag!

Metalheads opgepasst: Haut kënnt Dir op de Gebuertsdag vum Corey

Geopoliteschen Dissens an der Chamber

Dat déi allgemeng Situatioun aus geopolitescher Siicht net besser ass wéi déi vum Covid19, dat ass um Mëttwoch a gëschter androcksvoll an der Chamber ënnerstrach ginn

Geopoliteschen Dissens an der Chamber

Um Mëttwoch hat den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) an der Chamber seng Deklaratioun zur Aussen- an Europapolitik zum beschte ginn, an gëschter hunn dann déi Deputéiert doriwwer dierfen debattéieren. Et war nees partiell eppes ustrengend.

Fir de Chef vun der Diplomatie ass et ee Mëttwoch emol drëms gaangen op déi ënnerschiddlech Erausfuerderungen anzegoen, déi sech dëst Joer duerch d‘Covid19-Pandemie opgedrängt hunn. Esou huet de Jean Asselborn dann och nach emol wäit ausgeholl an ass op déi divers Aktiounen a Problemer agaangen, déi sech zum Ufank vun der sanitärer Kris gestallt hunn. An déi ware jo och net vu schlechten Elteren.

Nieft de Réckféierunge vun den Touristen déi am Ausland festgesiess waren, de Grenzschléissungen an engem däitleche Manko bei der Kooperatioun – besonnesch am Kontext vun der Groussregioun – dierft erkennbar sinn, datt de Sozialist sech net gelangweilt huet. Hien huet säi bescht gemaach, fir „déi aner“ zu méi Zesummenaarbecht ze ermonteren. An dësem Zesummenhang gouf dann och den „Next Generatioun EU“ Relance-Plang ernimmt.

Dëse Plang an de pluriannuelle Budget 2021-27 wieren ausschlaggebend fir den ekonomeschem Impakt vun der sanitärer Kris ofzeschwächen. De Jean Asselborn ass och op déi méiglech Léieren agaangen, déi d‘Unioun aus dëser – nach ëmmer unhalender – Kris zéie kéint, huet allerdéngs net den Androck gemaach, wéi wann hien iwwerzeegt wier, datt (all) seng Homologen opnamefäeg fir dës Léiere sinn. Ah sou?…

Vu Rechtsstaatlechkeet an Migratiounspolitik

Eisen Ausseminister schéngt och nach bedenken ze hunn, wéi sech dat mat der Rechtsstaatlechkeet bannent der Unioun entwéckelt. Eng Unioun déi ëmmer méi riets ofrëtscht, wou Minoritéiten nees zolidd ënnert d‘Rieder geroden, an de Faschismus sech nees an der Mëtt vun der Gesellschaft gutt ze etabléiere schéngt, woubäi de reliéise Fundamentalismus vun de Katholiken nei entdeckt gëtt an alles nach verschlëmmert.

Hien ass op de Migratiounspakt agaangen, dee eng Opportunitéit wier. Leider keng déi vun alle Membere wëll ergraff ginn, firwat de Jean Asselborn alt nees vun engem méi equitabele System geschwat huet. Dat wollt net zur Fuerderung vun engem obligatoresche Solidaritéitsmechanissem passen, deen awer, esouvill sollt ee sech agestoen, onëmgänglech ass, wann d‘EU déi Wäerter respektéiert déi si sech operluecht huet.

De Brexit an d‘Zukunft vun Europa waren och op der Dagesuerdnung, bei béidem huet eist Land awer (ausser engem Vetorecht) wéineg ze radetten. Et gouf natierlech iwwert d‘Osterweiderung vun der Unioun geschwat, woubäi een eigentlech sollt aus dem Uschloss vun Ungarn a Polen ee puer Léiere gezunn hunn. Mee hei verhält et sech änlech wéi mam Ëmgang vun der Pandemie, et ass eng Fro vu perséinlechen Interessen.

Interessant och d‘Feststellung vum Ausseminister, datt sech d‘Tierkei ëmmer méi vun der EU géif ofwennen. Oppe Kritik um Ugrëffskrich géint Syrien mat der uschléissender Besatzung, den Agrëff an de Konflikt ëm d‘Autonomiegebitt Bergkarabach, de Sträit ëm Äerdgasquellen an der Ägäis, wéi och de Waffendeal mat Russland oder dem militäreschen Engagement a Libyen… fir nëmmen déi lescht gutt Grënn ze nennen, firwat ee misst op Distanz goen.

Ass de Gummi erof, rulls de op der Felg

De Jean Asselborn huet nach vun der Importenz vum EU-Standuert „Kierchbierg“ geschwat, ass dunn zum 75. Gebuertsdag vun der UNO iwwergaangen, fir sech dann de regionale Spezialitéiten zouzewennen. Et wier den Ament komplizéiert mam „Osten“ – gemengt ass awer net Ungarn oder Polen – besonnesch mat de Russen, well déi jo versicht hunn de faschisteschen Aktivist Alexej Nawalny aus dem Verkéier ze zéien.

Bedauerlecherweis huet och eisen Ausseminister net de geréngste Beweis dofir, datt Moskau oder den Zar Vladimir perséinlech, hannert dëser Vergëftung stiechen. Dofir freet sech de Jean Asselborn doriwwer, datt d‘Bezéiungen zu de groussen nordafrikaneschen Demokratië Marokko an Tunesien, besser ginn. Hien hofft datt de Waffestëllstand a Libyen hält an et an der Sahel-Regioun och lues a lues nees eppes besser gëtt.

Am mëttleren Osten, sinn et d‘Konflikter am Jemen an a Syrien, déi dem Sozialist nach ëmmer Kappzerbrieches bereeden. Dat seng Meenung dobäi absolutt keng Roll spillt, konnt hien allerdéngs elo och net bestätegen. Lëtzebuerg géif nach ëmmer um Atomofkommes mam Iran festhalen, mee och d‘Verstéiss géint d‘Mënscherechter vun Teheran veruerteelen. Lëtzebuerg gehéiert iwwregens net zu de Signataire vun dësem Accord.

Natierlech dierf Palestina net feelen, an hei begréisst de Jean Asselborn datt et tëscht Israel an enger Rei arabesche Staaten zu bessere Bezéiunge komm ass. Déi awer hëllefen de Palestinenser selwer wéineg, well Israel sech nees vun enger Zweestaateléisung getrennt huet. Villes dovunner ass enk mat der Aussepolitik vun den USA verknäppt, a besonnesch dem Donald Trump, huet sech beméit, Palestina an den Abseits ze stellen.

Interessant ass nach datt de Jean Asselborn de Joe Biden och als de 46. US-President erkannt wëll hunn, woubäi mir jo ënnert dem Trump – zumindest weltraumméisseg – nee fett Geschäfter gemaach hunn. China bleift de bevirzuchte Wirtschaftspartner och wann de Mëssel mat Hong Kong voll oncool ass. Mee wann ee kann un enger Weltausstellung zu Dubai deelhuelen, sollt een net ze vill op d‘Mënscherechter verweisen.

Frënn a Feind sëtzen enk zesummen

Et hätt ee sécherlech nach op vill weider Detailer kënnen agoen, mee och d‘Deputéiert haten e Wuert matzeschwätzen, wat um Donneschdeg zu deels skurrille wéi interessanten Interventioune gefouert huet. Et kann een awer virgräifen a schonn emol kloer stellen, datt keen an der Chamber dem Jean Asselborn d‘Pelz iwwert d‘Ouere gezunn. Hien ass eben eise laangjäregen Ausseminister a bis op d‘ADR eigentlech vun alle gutt gelidden.

Verständlech also, datt et de Fernand Kartheiser (ADR) – deen et iergendwéi ronn bruecht huet de Minister fir seng gutt Aarbecht a Krisenzäiten ze luewen – war, deen d‘Attack lancéiert huet, a besonnesch dem Ausseminister seng Kritik géintiwwer Ungarn a Polen versicht huet a Fro ze stellen. Et misst ee méi Versteesdemech fir hir kulturell a politesch Vergaangenheet opbréngen, iert ee si wéinst Verstéiss géint Rechtsstaatlechkeet verurteelt.

Interessant och datt esouwuel d‘CSV, wéi déi lénk, dem Ausseminister ee Manko u Kredibilitéit a Koherenz virwerfen, woubäi et dofir gutt Argumenter huet. Esou bedauert den CSV-Deputéierte Claude Wiseler datt Lëtzebuerg keng aussepolitesch Strategie virzeweisen huet. Zesumme mam David Wagner (déi lénk) verweisen si op déi politesch Widderspréch hin, déi sech duerch den Handel mat China an och den Emirater erginn.

Den David Wagner stellt kloer, datt zum Privileeg vun der Finanzplaz, d‘Wirtschaftsbezéiungen zu Länner/Natiounen déi erwisenermoosse Mënscherechter mëssuechten, eng héijer Bewäertung hunn. Esoulaang genuch Geld fléisst an es dovunner och bei eis hänke bleift, dierfen déi eng no Loscht a Laun Mënsche Folteren an ëmbréngen, wärend déi aner – déi elo keng Handelsbezéiung hunn – ëmmer nees condamnéiert ginn.

Och am Bezuch op d‘USA, hu Wiseler a Wagner divergent Usiichten. Wann den CSV-Deputéierten, wéi bal déi ganz Chamber dem Joe Biden seng Victoire bei de Walen zelebréiert, an ee vu besseren transatlantesche Bezéiungen ausgeet, dat primär am Kontext vun der militärescher Oprëschtung, sinn déi lénk do eppes méi realistesch. Den David Wagner stellt dréche fest, datt d‘USA zanter Enn vum 2. Weltkrich, sech éischter schlecht beholl hunn.

D‘Piraten si wuel éischter géint d‘Oprëschten, halen awer un NATO a gudde Bezéiungen zu den USA fest. Den Deputéierte Sven Clement schléisst sech dann och léiwer den déi gréng un, fir en däitlecht verstäerkt Engagement bei der Klimapolitik an der dréngend noutwenneger Transitioun anzefuerderen. Zesumme mam Stephanie Empain (déi gréng) stellt de Pirat fest, datt Klimapolitik ee feste Bestanddeel vun der Aussepolitik muss sinn.

Foto: © Chambre des Députés/Flickr

Related topics Ausseminister, Aussepolitik, Chamber, Geopolitik, Jean Asselborn
Next post Previous post