Search

You may also like

Kuba: Eng Verfassungsreform fir e sozialistesche Rechtsstaat
International Neiegkeeten

Kuba: Eng Verfassungsreform fir e sozialistesche Rechtsstaat

D‘Verfassung vu Kuba staamt aus 1976, an ass eppes verstëbst,

dislike
Nei Sanktioune géint Nordkorea, d‘UNO erhéicht den Drock
International Neiegkeeten

Nei Sanktioune géint Nordkorea, d‘UNO erhéicht den Drock

Um Samschdeg huet den UN-Sécherheetsrot eestëmmeg eng Resolutioun ugeholl, déi

Mir kréien eng nei Identitéitskaart
International Neiegkeeten

Mir kréien eng nei Identitéitskaart

Gëschter gouf an der Chamber de Gesetzprojet 7715 betreffend d‘Identifizéierung

Dissens tëscht Ankara a Bréissel: d‘EU kierzt seng Finanzhëllef drastesch

Dissens tëscht Ankara a Bréissel: d‘EU kierzt seng Finanzhëllef drastesch

Wéi e Spriecher vun der EU-Kommissioun et en Donneschdeg matgedeelt huet, ass d‘Finanzhëllef fir d‘Tierkei drastesch gekierzt ginn. Dëst Geld, dat eigentlech sollt genotzt fir d‘Beméiunge vun enger Adhesioun ze ënnerstëtzen, kann net méi fléissen, well d‘Tierkei d‘Kritären net (méi) erfëllt.

Fir den Zäitraum 2018-20, huet déi europäesch Exekutiv gutt 40% vu sengen Zouwennunge fir d‘Tierkei gestrach. An Zuelen: dat sinn 759 Milliounen Euro manner, wéi dat wat initial virgesi war, erkläert de Spriecher, deen domatter en Artikel vun der „Funke-Mediengruppe“ an Däitschland bestätegt.

Gesäit emol dovunner of, datt Ankara séier wéineg Fortschrëtter gemaach huet, déi derzou sollte bäidroen d‘Kritäre fir eng Opnam an d‘EU ze erfëllen, esou gëtt et an der Tierkei kaum nach Projeten an déi d‘EU gewëllt wier ze investéieren. Dozou gehéiere Verbesserunge vum Rechtsstaat an der Demokratie.

Vu béidem kann aktuell keng rieds sinn, zumindest dann net, wann ee sech op „europäesch Wäerter“ berifft. Trotzdem kritt d‘Tierkei – iwwert déi dräi Joer gerechent – en uerdentleche Batz Geld. 1,8 Milliarden Euro gëtt d‘EU un d‘Tierkei. Geld dat soll hëllefen sech EU-Standarden unzepassen.

Am Kader vum pluriannuelle Budget vun 2014-20, ware insgesamt 4,45 Milliarden Euro virgesi ginn. Geld mat deem den Antrëtt vun der Tierkei an d‘EU sollt virbereet ginn. Bis ewell sinn dann awer nëmmen e „puer honnert“ Milliounen a Richtung Tierkei gefloss.

Alles mat Mooss

Dat ass ugesiichts dem schlechte Verhältnes tëscht der EU an der Tierkei vertrietbar. Datt et dozou komm ass, läit net zur Lescht dorunner, datt nom gescheiterte Putsch am Juli 2016, et an der Tierkei zu zolitte Pürge komm ass. Ankara hat de Putsch als Virwand genotzt, fir Dausende Beamten, Riichter, Professeren a Journalisten „aus dem Verkéier ze zéien“.

Am Juni haten déi 28 zoustänneg Minister vun der EU misse feststellen, datt d‘Gespréicher op engem doudege Punkt ukomm sinn. An do sinn déi sëlleche Beleidegunge vum President Recep Tayyip Erdogan nach net emol berécksiichtegt ginn.

Elo bezitt sech Bréissel op seng Erfarungen, déi si mat der Tierkei gemaach huet, a wëll seng Politik vun der „Hëllef fir e potentielle Bäitrëtt“ grondleeënd änneren. Wéi dat dann um Enn ausgesäit, dierft sech unhand dem pluriannuelle Budget 2021-27 erweisen.

Gewosst ass awer schonn, datt eng keng „Versprieche“ méi wäert ginn. Betraff sinn nieft der Tierkei d‘Länner: Albanien, Mazedonien, Montenegro a Serbien. Fir si alleguerte gëtt et eng gemeinsam Enveloppe an Héicht vu 14,5 Milliarden Euro. Dat Geld entspriechend de realiséierte Fortschrëtter opgedeelt.

Nach e Wuert zur Tierkei: onofhängeg vum Geld datt dem Land sollt hëllefen sech de Kritäre vun der EU unzepassen, huet Ankara zanter 2016 och 3,5 Milliarden Euro erhalen, fir déi syresch Refugiée bei sech „opzehuelen“. Eng ëmstridde Mesure, déi zudeem net de betraffenen hëlleft.

mat AFP

Related topics Ankara, Bréissel, EU-Bäitrëtt, Finanzhëllef
Next post Previous post