Search

You may also like

Iechternach: Aktioun „Grouss Botz 2019“ a „World Disco Soup Day“
Neiegkeeten

Iechternach: Aktioun „Grouss Botz 2019“ a „World Disco Soup Day“

D‘Aktioun „Grouss Botz 2019“ gëtt organiséiert vun der Stad Iechternach

„Big Mike“ setzt ee Kappgeld aus
Neiegkeeten

„Big Mike“ setzt ee Kappgeld aus

Den US-Ausseminister Mike Pompeo huet ugekënnegt, datt d‘US-Regierung jidderengem eng

„Scrubs“-Acteur Sam Lloyd no schwéierer Krankheet gestuerwen
Neiegkeeten

„Scrubs“-Acteur Sam Lloyd no schwéierer Krankheet gestuerwen

Och als bekannten Acteur bleift ee leider net viru liewensbedreeleche

Dissidenten-Demo: „Putler Kaputt!“

Och zu Lëtzebuerg gouf fir d‘Fräiloossung vum Nawalny Demonstréiert

Déi ganz westlech Welt an natierlech besonnesch d‘Russen am Ausland, verfollege mat grousser Opmierksamkeet déi ganz Entwécklungen ëm de russeschen Dissident Alexej Nawalny. Dee war bekanntlech de leschte Méindeg direkt no senger Landung zu Moskau, vun den Autoritéite verhaft ginn. Him gëtt virgeworf, géint Bewährungsoplage verstouss ze hunn.

Näischt wat de Kremlkritiker net ageplangt hätt. Hien ass sech der Ënnerstëtzung vun den Europäer an den Amerikaner sécher. An hien ass jo och net den Julian Assange… Datt den Alexej Nawalny ee couragéierte Rabbelkapp ass, dee politesch Ambitiounen huet a sech bei den nächste Walen als den aussiichtsräichste Kandidat fir d‘Mandat vum russesche President gesäit, ass och gewosst.

Hie provozéiert nawell gären, firwat hien och direkt no senger Verhaftung en Dokumentarfilm zum zaristesche Palais um Schwaarze Mier verëffentleche gelooss huet. Domadder bewise ginn, datt sech de Vladimir Putin op Käschte vum russesche Vollek beräichert an méi Privilegien zouséchert, wéi et „gesond“ ass. Et brauch allerdéngs schonn eppes méi fir de Russ aus der Rou ze bréngen.

Fräiheet fir politesch Gefaangener

Richteg ass awer och, datt et genuch Russen huet, déi mat de Politik vum Vladimir Putin net esou averstane sinn. Si wënschen sech „normal Verhältnisser“ ouni déi ganz Sanktiounen, déi säitens den USA an der EU verhaange goufen. Anersäits wëllen d‘Russen d‘Krim awer och net opginn an den Nawalny wëll och d‘Ukrain nees an déi russesch Federatioun integréieren. Klengt komplizéiert?

Egal, de Jean Asselborn a seng Regierungskolleege wëllen och d‘Fräiheet vum Alexej Nawalny. Si wëlle ganz bewosst net d‘Fräiheet fir den Julian Assange, wat aner Froen opwerft. Déi russesch Communautéit zu Lëtzebuerg, huet sech dann awer gëschter ganz oppe fir d‘Fräiloossung vum ëmstriddenen Dissident agesat a net manner wéi d‘Demissioun vum Vladimir Putin gefuerdert.

Fotoen & Galerie: © Martine de Lagardère / moien.lu

Next post Previous post