Search

You may also like

Walfer: ee Weekend laang d‘Haaptstad vun der Literatur
Neiegkeeten

Walfer: ee Weekend laang d‘Haaptstad vun der Literatur

Et dierf ee vun de Walfer Bicherdeeg hale wat ee

Win-win-Situatioun: D’Hotelszëmmeren de Sans-Abrisen ubidden
Neiegkeeten

Win-win-Situatioun: D’Hotelszëmmeren de Sans-Abrisen ubidden

Duerch d’Reservéiere vun Hotelszëmmere fir Sans-abrisen, kann d’Regierung dem HORECA-Secteur

Esch Uelzecht geet der LSAP verluer a gesäit schwaarz
Neiegkeeten

Esch Uelzecht geet der LSAP verluer a gesäit schwaarz

Op d’LSAP mam Vera Spautz nach emol de Buergermeeschter an

Gëtt et ee Problem mat der Disziplin bei der SLPL?

Gëtt et ee Problem mat der Disziplin bei der SLPL?

Laang besteet se nach net déi „Sozial Liberal Partei Lëtzebuerg“ (SLPL) an eng Rei Memberen, déi vun „déi Konservativ“ iwwerholl goufen, schéngen dem Nationalpresident, Ronald Mordiconi, net follegen ze wëllen. Deen huet elo en offiziellt Disziplinarverfare géint véier Rabbelkäpp ageleet.

Säit dem 21. ass et offiziell, well déi Hären: Mario May, Johny Dinckelspiel, Jean Ersfeld a Steve Schmit, an de sozialen Netzwierker géint de President vun „déi Konservativ“, Joe Thein, direkt oder indirekt gestëppelt a gelästert hunn, gouf eng aussergewéinlech Generalversammlung aberuff. Den Datum ass eis wuel nach bekannt, mee et heescht si missten do „Verantwortung“ iwwerhuelen.

Aus dem Text op der Internet-Säit vun der SLPL geet ervir, datt de Ronald Mordiconi déi genannte Membere widderholl mëndlech a schrëftlech wëll opgefuerdert hunn, hir Ausdrocksweis an der Gitt ze halen. E Message dee bei den Interesséierten net wierklech schéngt gehéiert ginn ze sinn, wat en däitleche Verstouss géint d‘Parteistatuten duerstellt a vum President net weider kann toleréiert ginn.

En Ausschloss aus der Partei ass méiglech, woubäi déi Decisioun op der aussergewéinlecher Generalversammlung vun de Membere muss geholl ginn. Ugesiichts dem Fakt, datt déi wou sech de Virwërf ze stellen hunn, vill Memberen – schon aus familiäre Grënn – hannert sech stoen hunn, sollt sech den Nationalpresident virsiichtshallwer op ee mouvementéierten „Austausch“ astellen.

Zudeem géif den Ausschloss vun deene véier Klatzkäpp der jonker, wann och eppes ëmstriddener Partei, zimlech Problemer bereeden. Ëmmerhi sinn de Mario May (Nationalvizepresident), de Johny Dinckelspiel (Generalkeesjee), de Jean Ersfeld (Bezierkspresident Norden) an de Steve Schmit (Generalsekretär) den eigentleche Korpus vun der SLPL. Hei géif d‘Parteispëtzt regelrecht gekäppt.

Op domadder d‘SLPL nees grad esou séier vun der politesche Bühn verschwënnt wéi si opgetaucht ass, léisst sech net virausgesinn. Et dierft awer zimlech kloer sinn, datt wann déi „Véier“ net hire mea culpa maachen an de Ronald Mordiconi iwwerzeegt kréien, datt si sech bessere wäerten, der Partei intern Neiwahlen net dierften erspuert bleiwen. Doriwwer kann een awer spekuléieren.

Géif et zu enger „Neiuerdnung“ an der Partei kommen, stellt sech fir den Nationalpresident a Grënner vun der SLPL d‘Fro: „Wéi vill leit stinn hannert mir?“. Hie kéint, wann ee sech ukuckt wien do alles Member ass, duerchaus de Kierzeren zéien. Gewënnt hien awer, dann dierft et fir SLPL nees heeschen d‘Compteuren op Null ze setzen an alles nei opbauen. Mee mat wiem..?

Foto: © Sharon McCutcheon

Recht op Äntwert

Ech  Schmitz Steve Vizepräsident (suppléant) schreiwen Iech am Numm vun eiser Partei SLPL.

Ech hunn ären Artikel vum 25.1.2020 iwwert eis Partei gelies an géif Iech biede verschidde Saachen ze berichtigen!

Déi 4 Leit déi een Disziplinarverfare krute waren net OFFIZIELL an hirer Funktioun bestätegt! Si waren allen 4 just Ersatz bis zu eisem Nationalkongress wou se hätte kéinten offiziell an hirer Funktioun bestätegt ginn iwwert den Vott vun eise Memberen. Dëst wier deen Éischte Punkt deen ech Iech géif bieden ze verbesseren an ärem Artikel an, zweete Punkt: Hannert eisem President sti genuch Memberen déi verschidde Funktiounen intern wéilten iwwerhuelen, soumaden besteet an wäert eis Partei weider fonctionéieren an déi Memberen déi verschidde Posten am Nationalvirstand an, an den Bezierker wëllen iwwerhuele wäerten op eisem Nationalkongress per Vott bestätegt ginn.

Related topics Disziplinarverfaren, Jean Ersfeld, Joe Thein, Johny Dinckelspiel, Mario May, Ronald Mordiconi, SLPL, Steve Schmit
Next post Previous post