Police: déi „elektronesch Plainte“ erfëllt hiren Zweck
De 27. Juli 2018 huet d‘Police en neie Service agefouert.
De 27. Juli 2018 huet d‘Police en neie Service agefouert.
Wéi de Premierminister gëschter seng Ried geschmass huet, war Gedold
Et kann ee soe wat ee wëll, mee déi kulturell
Falls et an de vergaangene Méint net offensichtlech genuch gewiescht wier, huet d’Presidentschaft vum Donald Trump der Welt virun allem eppes gewisen: Datt déi al, rassebaséiert Spannungen an den USA ëmmer nach lieweg sinn. An d’Gesellschaft nach méi ze splécken dreeën, wéi dat nach virun e puer Joer de Fall war.
Eng sou genannten “alternativ Riets”, déi sech duerch d’Parole vun “hirem” President gestäerkt fillen, traut sech mëttlerweil wesentlech méi oppen an Erscheinung ze trieden. Wat ee soss oft nëmmen an de sozialen Netzwierker vermudde konnt, ass bluddeg Realitéit bei den Demonstratiounen zu Charlottesville ginn. Elo ass eng Géigendemonstrantin ëm d’Liewe komm, an de President, dee soss vun der Long op d’Zong schwätzt, bréngt et net fäerdeg, déi riets Demonstranten als dat ze bezeechnen, wat se sinn: Neo-Nazie vun der schlëmmster Aart.
Domadder ënnerstëtzt dee President méi oder manner direkt des Extremisten, déi d’USA an en hausgemaachten Terror stierzen, déi wesentlech méi Doudeger gefuerdert huet a fuerdere wäert, wéi den islameschen Terrorismus et wäert fäerdeg bréngen. Well deen doten ass un der eegener Broscht geniert ginn a wiisst ënnert engem Donald Trump riicht duerch weider.
D’Zäite musse schlecht sinn, wann een am Joer 2017 wierklech erëm op d’Strooss muss goen, fir géint Neo-Nazien ze goen, déi do vun der liewegster Ebene mol net mam Numm genannt ginn. D’Alt-Right ass näischt anescht, wéi eng Plattform fir White Supremacy, déi elo erëm opkéimt, während se Jorelaang weider gebrodelt huet. Et gëtt gäere behaapt, datt d’USA hier rassistesch Geschicht net uerdentlech opgeschafft huet. Wéi et em de Konföderatiounsfändel gaangen ass, huet een allerdéngs erëm gesinn, wéi schlëmm et ausaarte kann.
An e President, deen esou oppe géint Muslime schafft, dee géint des stänkert an se pauschal als geféierlech duerstellt, ënnerstëtzt des Tendenze ganz konkret. Mee dat gehéiert wahrscheinlech zum Plang: Make America great again. Glécklecherweis schéngen der ëmmer méi ze mierken, wat d’batter Realitéit ass. An nennen d’Kand beim Numm.