Search

You may also like

Madrid bereet sech op d’ Iwwernam vu Katalounien vir
Neiegkeeten Stories

Madrid bereet sech op d’ Iwwernam vu Katalounien vir

Op dësem Samschdeg soll déi spuenesch Regierung erkläre wéi se

OPGEPASST: Metallesch Fragmenter an der Pizza!
Neiegkeeten Stories

OPGEPASST: Metallesch Fragmenter an der Pizza!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt de Lidl an den

Et kéint ee sech jo bemol un der Schutzmask verschlécken…
Neiegkeeten Stories

Et kéint ee sech jo bemol un der Schutzmask verschlécken…

Mëttlerweil misst ee sech eens sinn, datt d’Droe vun der

D‘Koalitioun hält d‘Reie geschlossen

D‘Koalitioun hält d‘Reie geschlossen

Chamber: Beim Debat zur Ried vun der Lag vun der Natioun gëschter Nomëtteg hat et punktuell Schnëssstécker an et gouf vill iwwer dat geschwat, wat de Premier a senger Ried ausgelooss huet

Ob d‘Chamberdebatt nom Xavier Bettel senger Usprooch fir d‘Land en Dënschdeg an dem Depot vum Staatsbudget duerch de Pierre Gramegna um Mëttwochmuere vill Bierger interesséiert, dat kënnen nach net emol d‘Orakel vun der TNS-Ilres seriéis duerleeën. Dobäi ass et eng vun de fir eist Land wichtegsten Debatten, weist dësen Debat dach ëmmer och op de politeschen Zoustand hinn.

2023 si Chamberwalen, an et dierf een unhuelen, datt vill Annonce säitens dem Koalitiounsleader DP – also konkret dem Premierminister an dem Finanzminister – schonn däitlech ob eng inevitabel Campagne hiweisen, déi zäiteg hiren Ulaf ze huele schéngt. Dës Meenung deelt och d‘Martine Hansen vun der CSV, déi notéiert datt et mat gudden Absichten a Verspriechen net gedoen ass.

An dat war eigentlech de frëndlechsten Deel vun hirer Interventioun am Bezuch op de Premier. Et sollt nach zu enger kuerzer verbaler Ausenanersetzung mam Mobilitéitsminister François Bausch, kommen, wéi am Kontext vum „Klima“ d‘CSV-Fraktiounspresidentin den Volet „Kärfusioun“ an Ugrëff geholl hat, well ee jo fir d‘Klimaneutralitéit all CO²-Neutral Energiequellen erfuersche sollt.

De grénge Minister wollt du vum Martine Hansen wëssen ob si elo fir den Asaz vun Atomkraaft wier. Dobäi huet d‘CSV net onrecht, sollt dës Regierung tatsächlech gewëllt sinn de Versuch ze starten dat onméiglecht, nämlech déi gesate Klimaziler ze erreechen, wäert un de jëtzege Quelle scheiteren. Fir un der Arrivée ze krazen, hätt ee wuel misse virun zwanzeg Joer un de Start goen.

Wann dann d‘Martine Hansen vum Stëllstand a villen Dossieren schwätzt, esou ass och dat ee Fakt. Sécher léist sech dat eent oder dat anert berechtegt op d‘Pandemie ofdrécken, mee dat allermeescht – eng Gescheit Virbereedung vun der Rentrée, wou no sechs Wochen dann eng Impfcampagne an Ugrëff geholl gëtt, d‘Steierreform, Fortschrëtter am Logement, asw – ass net Covid19-Bezunn.

Déi ongläich Schwësteren

Säitens dem Fraktiounschef vun der DP, Gilles Baum, gouf nach emol an de Raum gestallt, datt d‘Covid19-Kris nach net iwwerstanen, an datt d‘Leit sech gefällegst sollen impfe loossen. Datt och seng Fraktioun sengerzäit zougestëmmt hat de Mënschen de Choix ze loossen, muss ënnerwee leie gelooss gi sinn. Dat wichtegst ass jo och, datt eise Premierminister „resolut no Vir kuckt“.

Wat de Klima ubelaangt esou ass dem Schoulmeeschter bewosst datt d‘Zäit knapp ass – streng geholl ass d‘Bir geschielt – an hien erënnert drun, datt de Klimawandel, grad wéi de Logement an/oder déi sanitär Situatioun, zur absoluter Prioritéit vun dëser Regierung ze zielen ass. Et géif allerdéngs keng Klimapolitik „vun uewen erof“ gemaach, dat géif ee mat de Bierger maachen.

Obwuel d‘Zäit knapp ass, hätt een nach zéng Joer virun sech, déi richteg Mesuren auszeprobéieren, also déi wou och vun de Bierger matgedroe ginn. Als Géigeleeschtung ginn d‘Steierklassen net ad acta geluecht an och déi versprache Steierreform wäert wuel eréischt 2023 kënnen zum Debat virgeluecht ginn. Op lëtzebuergesch iwwersat: et ass net méi des Regierung déi d‘Reform aleet…

Och de Logementsproblem ass net mat dëser Regierung ze léisen, datt wéi et de Gilles Baum mat eegene Wierder gesot huet, datt d‘Ännerunge vill Leit net dierfte gefalen. An hei ass eigentlech der demokratescher Partei hir Wielerschaft gemengt. Hien huet nach annoncéiert datt all Schüler elo eng waarm Moolzecht, den Ethikrot méi Kompetenzen an d‘Land eng Attraktivitéitsrelance kritt.

Vu Kaviarsozialismus an enger gréngerZukunft

Wann ee gutthale kann, datt net nëmmen d‘DP éischt Schrëtt a Richtung Walkampf ënnerhëlt, esou sinn och d‘Sozialisten (LSAP) hei gutt opgestallt. Esou huet den LSAP-Fraktiounschef Georges Engel engersäits begréisst, datt eise Gesondheetssystem gutt duerch d‘Pandemie komm ass, awer d‘Land vun der Grenzregioun ofhängeg ass, bezunn op d‘Aarbechtskraaft an eben dësem Secteur.

Eigentlech feelt et a ville Secteuren un neie Käpp oder Hänn. Haiser bauen sech net vum selwen an d‘Käch kënnen net och nach de Service iwwerhuelen. De Logementsproblem ass net nëmmen ee Sozialen, en dréckt och op d‘Attraktivitéit vum Land. Wat d‘Sécherheetslag am Land ugeet, esou verwiert sech d‘LSAP géint sougenannt „Rechtsfräi Raim“, fuerdert awer méi Preventioun.

De Georges Engel ass och der Usiicht datt een – do wou et sech ubitt – misst an d‘Héicht bauen. Hien huet nach drop higewisen datt Gesetz zur Grondsteier aus dem Joer 1941 staamt an no 80 Joer scho sollt grondleeënd reforméiert ginn. Gefuerdert gëtt och déi sougenannt „Lex Koller“ mat där et friemlänneschen Investisseuren net méi méiglech soll sinn Grond oder Immobilien ze unzeheefen.

Fir d‘Josée Lorsché, Fraktiounspresidentin vun déi gréng, huet d‘Regierung am Kontext vun der Pandemie eng gutt Aarbecht geleescht. D‘Klimaziler misste mat enger „dréinender“ Wirtschaft erreecht ginn. Et gouf begréisst datt mir eis elo schonn, ouni datt d‘Kris iwwerstane wier, besser do stinn, wéi nach virun der Kris. Fir de Recht gouf sech der Mobilitéit an dem Klima ugeholl…

D‘Stëmm aus der zweeter Rei

Als éischten ënnert de méi klenge Parteien an der Chamber, huet de Fernand Kartheiser (ADR) d‘Riednerpult a Beschlag geholl. Eng gutt Zensur konnt sech d‘Regierung vun him net erwaarden, woubäi d‘ADR déi sozial Elementer an der Ried vum Premier begréisst hunn. Wat d‘Koalitioun u sech betrëfft, a wuel och bezunn op d‘Campagne, wéist hie gäre wou et nach Konsens huet.

Hie weist nach drop hinn, datt villes an der Ried vum Premier kontradiktoresch war. Esou de Volet Steieren, déi jo net sollen erhéicht ginn, also ausser d‘CO²-Steier an déi geplangte Spekulatioun-Steier. Veriergert ass de Fernand Kartheiser, och wëll dat mam Impfen zwar offiziell nach ëmmer fräiwëlleg ass, vun der Regierung awer weider maximalen Drock op déi „Renitent“ gemaach gëtt.

Wat d‘Regierunsresilienz bannent der Pandemie ugeet, esou huet d‘ADR eng aner Siicht wéi déi gréng. Méi Allgemeng misst sech d‘Land besser opstellen, an nees besser strategesch Reserven uleeën. D‘Uewergrenz fir Spidolsbetter soll opgehuewe ginn, an generell un der Attraktivitéit fir Gesondheetsberuffer geschafft ginn. Zu den neie Covid19-Mesure, gouf et och eppes ze soen.

Esou huet den Deputéierte festgestallt, datt d‘ADR ganz d‘Accord ass, datt déi vulnerabel Leit musse geschützt ginn, wann dann awer géint geltend Aarbechtsrecht verstouss gëtt, ass een net méi mat. Et goufan dësem Kontext eppes Schnëssstécker mam Premier, an esouguer de Mars Di Bartolomeo, deen de Chamberpresident ersat huet, war bereet sech mam „Stëppler“ unzeleeën.

Et kaum dann nach den onséilege Verfassungsreferendum op d‘Tapéit, wou jo eng Petitioun zur Ënnerschrëft bereet gehale gëtt. Déi huet schonn de Quorum iwwerschratt, firwat d‘ADR sech vun der Regierung erwaart, den éischte Vott (et gi jo véier Kapitel Amendéiert) ze verleeën. Wier dat net méiglech (also och de Referendum) wier et net d‘Reform vun de Bierger mee déi vu 4 Parteien.

Illustratioun: © Kir Simakov / unsplash

Related topics adr, Chamber, CSV, Debat, déi lénk, déigréng, DP, LSAP, Piratepartei, Ried zur Lag vun der Natioun, Staatsminister, Xavier Bettel
Next post Previous post