Search

You may also like

Restopolis an der Kritik
Neiegkeeten

Restopolis an der Kritik

Streng geholl, ass d‘Entreprise „Food House“, déi vu Restopolis (ee

SEA-EYE 4: 400 Mënscheliewe gerett, e sécheren Hafe gëtt et awer nach net
Neiegkeeten

SEA-EYE 4: 400 Mënscheliewe gerett, e sécheren Hafe gëtt et awer nach net

D’Séinoutrettungsschëff Sea-Eye 4 huet banne véier Deeg a wärend 6

JINJER an der KuFa: 4 Mol an d’Schwaarzt getraff!
Neiegkeeten

JINJER an der KuFa: 4 Mol an d’Schwaarzt getraff!

Vollt Haus an alleguer voll aus dem Haischen: War de

D‘KPL zur Lag vun der Natioun

Kommuniste bekloe wuessend Ongläichheeten a fuerderen Drénglechkeetsmoossnamen

D‘KPL zur Lag vun der Natioun

Wa sech de President vun der kommunistescher Partei zu Lëtzebuerg (KPL) freet a wéi engem Land de Premier a säi Finanzminister liewen, dann ass dat sécherlech éischter eng rhetoresch Fro, well ee jo eigentlech misst unhuelen si wéissten dat. Mee gëtt et nëmmen „ee“ Lëtzebuerg? Dat ass d‘Fro…

Bei de Pressekonferenz huet den Ali Ruckert festgestallt, datt dat mat Akommesverdeelung tëscht „Kapital an Aarbecht“ an domatter zesummenhängend och déi sozial Ongläichheeten ëmmer méi grouss ginn. D‘Koalitiounsregierung vun DP-LSAP-déi gréng géif deemno de Gruef vun der Gesellschaft aushiewen an folgerichteg och déi sozial Kohäsioun am Land op d‘Spill setzen.

Wann een dann noweise kann, datt d‘Akommes pro Mount vun den 10% vun de räichste Menage vum Land iwwer 8 mol esou héich sinn wéi d‘Akommes vun den 10% vun den äermste Menagen. Et zudeem gewosst ass, datt de Mindestloun direkt an d‘Aarmut féiert, oder zumindest kloer begënschtegt. Jo da liewen de Xavier Bettel an de Pierre Gramegna an engem anere Lëtzebuerg.

D‘Kritik vum KPL-President bezitt sech och op de Fait, datt eist Steierrecht d‘Kapital, dann déi mat de „bessere“ Paie begënschtegt an dat léisst u ganz einfachen Zuele festmaachen. E Salarié deen e Joresgehalt vu 50.000 Euro huet, bezilt dorobber 9.743 Euro Steieren. Wien dee selwechte Montant aus Kapitalakënft bezitt, muss 2.007 Euro bezuelen. An dat ouni de Fanger kromm ze maachen.

A senger Lag vun der Natioun ass de liberale Premier net op esou Klengegkeeten agaangen, well wie schafft huet keng Zäit him nozelauschteren, wougéint Leit déi an hirer Stuff setzen an d‘Geld zielen déi Zäit scho kéinten opwannen. De Problem hei: mëttlerweil sinn 18% vun de Leit hei am Land un der Aarmutsgrenz ukomm an en Drëttel vun de Menage kënnt grad esou iwwer d‘Ronnen.

Alles zur beschter Zefriddenheet

An bei de Kommuniste stellt een sech dann och folgerichteg d‘Fro, an dat mat der Ongläichheet an der Ongerechtegkeet nach iergendeen an der Regierung interesséiert. Wahrscheinlech, soss géif et kaum Sënn maachen als ausserparlamentaresch Oppositiounspartei e sozialpoliteschen Drénglechkeetsprogramm ze fuerderen. E Programm deen net emol mat den Hoer erbäigezunn ass.

Esou sollen d‘Familljenzoulagen erhéicht an automatesch un d‘Lounentwécklung an d‘Inflatioun ugepasst ginn. Eng Opwäertung vun der Deierechtszoulag an eng Virschoss-Indextranche wieren net vu Muttwëll. Staatlech Bäihëllef fir Familljen an Eenzelpersoune sollt sécherstellen, datt keen ënnert der Aarmutsgrenz liewe muss. D‘Erhéijung vum Mindestloun ëm 14% sollt och dra sinn.

Zudeem géif et sech gehéieren den Tiers-Payant anzeféieren, d‘Steierprogressioun ofzeflaachen, d‘Steierklass 1A ofzeschafen an d‘Steiertabell och der Inflatioun unzegläichen. D‘KPL (an déi si mat dësem Gedanken net eleng) fuerdert och eng „Räichesteier“ an eng wiesentlech méi héich Besteierung vu Konzerner, Banken an Investmentfongen. Dat mat de Liberalen? Schwiereg…

Misär och mat der Legislatioun

An a punkto „Ongerechtegkeet“ hat den Ali Ruckert nach eng op Lager. Dat besonnesch géintiwwer den Aktiven. D‘Koalitiounsregierung – déi sech am Koalitiounsprogramm derzou bekannt huet den Sozialdialog ze an de Kollektivvertrag ze fërderen – erlaabt eng Dereguléierung a Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit an d‘Salariat kritt Famill a beruff net méi ënnert een Hutt.

Dat alles huet d‘Regierung mat hire Gesetzer méiglech gemaach an nach méi: Zäitaarbecht, befrist Aarbechtsverträg, Mobbing a Burnout, schéngen déi verantwortlech Politiker fir selbstverständlech ze huelen. Besonnesch déi jonk Generatioune leiden dorënner. An der Alterstranche 15-24 Joer sinn iwwer 40% vun den Aarbechtsverträg befrist. Fréier oder spéider wäerten déi sech zu Wier setzen.

A wann dee Fall sollt antrieden, mussen anerer dofir Riicht stoen. De KPL-President jiddefalls kann déi Jonk nëmmen ermonteren sech fir hir Zukunft anzesetzen. Esou wéi d‘Kommunisten och all eis Gewerkschaften opruffen zesummen un engem Strang ze zéien a Verännerungen am Sënn vun de Lounofhängegen erbäizeféieren. Vun der Regierung jiddefalls dierft een sech dat net erwaarden.

An dat verdäitlecht, datt mat „Change the System“ eben net nëmmen de Klimawandel ka gemengt sinn. Verännerunge vun engem System bedeit och, datt sech d‘Gesellschaft a d‘Wirtschaft musse veränneren. An et sollt een den Ali Ruckert net ënnerschätze wann hie seet „All déi Kräften déi de kapitalistesche System ënnerstëtze sinn net fäeg an och net wëllens seng Problemer ze léisen“.

Geschicht soll een net veränneren

Fir de Vizepresident Alain Herman ass et de geplangten Ausbau vum amerikanesche Militärlager zu Suessem, deen dem Land net gutt zu Gesiicht steet. Hei gi vun de geschätzt 225 Milliounen Euro, ronn 180 Milliounen zu Laaschte vum Lëtzebuerger Steierzueler. An hei muss beduecht ginn, datt eng Investitioun an de „Krich“ sech nëmme fir Waffeproduzenten an ähnlech Geselle lount.

D‘KPL ass vum Wiesen hir schonn ëmmer géint Oprëschtung a Krich, firwat si sech eben net iwwert dës Aarbechtsplaze freeë kënnen. Zemools wou déi 180 Milliounen, a Wunnraum, Schoulen a firwat net a richteg Aarbechtsplazen investéiert kéinte ginn. Geld fir d‘Lagerung vun US-Waffen an soss Krichsgeschir auszeginn, wier kee Beitrag zum Weltfridden an keng Ofschreckung.

Richteg veriergert (an zu Recht) waren se bei der KPL, nodeems d‘EU-Parlament eng Resolutioun zur „Bedeitung vum europäesch Geschichtsbewosstssënn fir d‘Zukunft vun Europa“ ugeholl huet. Do wier entgéint alles historeschen Erkenntnisser behaapt ginn, datt den däitsch-sowjeteschen Net-Ugrëffspakt d‘Weiche fir den 2. Weltkrich gestallt hätt. (Mir hunn dat de 6. Oktober beliicht)

Am Marieland léisst sech gutt liewen

An senger Ried zur Lag vun der Natioun huet de Premierminister sech och dem Klimawandel ugeholl an iergendwéi drop higewisen, datt mir eis an enger entscheedender Phas géife befannen. Datt net gutt ëm de Klima bestallt ass, datt bestätegt d‘Esther Vibi-Reuland, geet awer net zaart mam Xavier Bettel ëm, well si stellt kloer dat d‘Grenz vun dëser Phas längst iwwerschratt ass.

Et wieren dann och net déi schéin a gutt gemengte Virschléi vum Regierungschef a senger Ekipp, déi d‘Welt rette géifen. Sécher wier alles wat mat erneierbaren Energien, Ausbau vum ëffentlechen Transport a Fërderung vun der doucer Mobilitéit gutt Usätz, mee wat bis ewell virläit géif bei wäitem net duer. Et misst een de Verursaacher beim Numm nennen: an dat ass de Kapitalismus.

Wann sech de System awer net ännert an de Profit weiderhi virun de Mënsch an d‘Ëmwelt gestallt gëtt, da kann een zwar de Kapitalismus gréng umolen, geléist ass de Problem dann awer net. Iwwer Logement war da weder vum Premier nach dem Finanzminister eppes ze héieren, dat engem géif Hoffnung op e Liewenswäert Liewen zu Lëtzebuerg géif maachen. Do muss awer eng geschéien.

Zum Ugrëffskrich vun der Tierkei géint Syrien – woubäi déi et op d‘Kurden ofgesinn hunn – hunn se och e Standpunkt. Syrien ass e souveräänt Land a bis op déi „ageluede Gäscht“ sollten sech all déi aner Verfuussen, also d‘Tierken, d‘Amerikaner an d‘Europäer. D‘Sécherheetszon wier geduecht fir syresch Flüchtlingen unzesidelen, um Enn awer ass et eng Besatzung déi stattfënnt.

Foto: v.l.n.r Esther Vibi-Reuland, Ali Ruckert, Alain Herman © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Aarmut, Klimwandel, KPL, Logement, Ongere, Ried zur Lag vun der Natioun
Next post Previous post