Search

You may also like

Weltraum: Parker-Sond um Wee bei d‘Sonn
Neiegkeeten

Weltraum: Parker-Sond um Wee bei d‘Sonn

E Sonndeg huet d‘NASA a Florida seng Sond „Parker“ erfollegräich

Et herrscht Covid19 an elo ass Schluss mat Lëschteg
Neiegkeeten

Et herrscht Covid19 an elo ass Schluss mat Lëschteg

Leschten Donneschdeg hu se an der Chamber en neit Covid19-Gesetz

Bëlleg Provokatioun? – Net mat eis!
Neiegkeeten

Bëlleg Provokatioun? – Net mat eis!

Mir wëssen net wat sech de jonke Borscht dobäi geduecht

D‘KPL zur Regierungserklärung

Eng fortschrëttlech a sozial gerecht Politik geet anescht

D‘KPL zur Regierungserklärung

No der Analys vum Regierungsprogramm an der Unhéierung vun der Regierungserklärung stellt déi kommunistesch Partei (KPL) fest, datt d‘Ukënnegunge vun der Dräierkoalitioun vun DP, LSAP an déi gréng, net den Erwaardunge vun den Beschäftegten a Rentner op eng fortschrëttlech a sozial ausgewoe Politik gerecht ginn.

Esou misst bedauert ginn, datt de Regierungsprogramm bei e sëlleche Punkten, wei Mobilitéit, Logement a Steieren, besonnesch schwammeg formuléiert ass, a sech virun allem „onverbindlech“ presentéiert. D‘Ëmverdeelung zu Gonschte vum Kapital, deem seng Dominanz net a Fro gestallt gëtt, geet dofir onverhuele weider.

Dat notamment duerch eng weider Baisse vun der Kapitalsteier, an der partieller Finanzéierung vun der Mindestlounerhéijung duerch de Steierzueler. Deem stinn d‘Moossnamen am Interessi vun de klenge Salairen a Rente géinteniwwer: „et brauch een eng Lupp fir se ze gesinn!“. Mee Geld fir d‘Oprëschtung ass genuch do…

Et kann ee dann och begréissen, datt d‘KPL säin ausserparlamentaresche Kampf fortsetzt. D‘Partei hält fest u sengen Drénglechkeetsprogramm:

d‘Upassung vum Mindestloun, der Zoulag fir d‘Deierecht, de Familljenzoulagen an de klenge Renten ëm 20%. Och d‘Fuerderung no enger Erhéijung vun der Kapitalsteier fir Banken a Groussbetriber, d‘Aféiere vum generaliséierten Tiers-Payant, d‘Erhéije vun den Ausgabe fir déi ëffentlech Schoul ëm 30% bei gläichzäiteg radikale Kierzungen am Militärbudget, bleift aktuell.

Related topics ausserparlamentaresch Oppositioun, Fortschrëtt, Koalitiounsaccord, KPL, Regierungsprogramm
Next post Previous post