Search

You may also like

Chantier op der A13 tëscht den Echangeuren Éilereng a Suessem (04.-07.06.2021)
Sport

Chantier op der A13 tëscht den Echangeuren Éilereng a Suessem (04.-07.06.2021)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt tëscht dem Echangeur Éilereng an dem

CARITAS Lëtzebuerg lancéiert seng „Corona-Helpline“
Sport

CARITAS Lëtzebuerg lancéiert seng „Corona-Helpline“

Déi kathoulesch ONG CARITAS Lëtzebuerg huet matgedeelt, datt Mënschen, deenen

money
Déi europäesch Zentralbank huet e Plang (eng Analys)
Sport

Déi europäesch Zentralbank huet e Plang (eng Analys)

E Freideg huet déi europäesch Zentralbank (EZB) säin neie „Bezuel-Service“

DKV-Urban Trail Lëtzebuerg: d‘Stad Lëtzebuerg anescht entdecken

DKV-Urban Trail Lëtzebuerg: d‘Stad Lëtzebuerg anescht entdecken

Et gëtt vill flott Manéieren eis Haaptstad ze entdecken, a den Event „DKV-Urban Trail“ ass bei wäitem eng vun deene schéinsten. Et sollt ee allerdéngs ee bëssche sportlech ambitionéiert sinn, well d‘Aventure gëtt am Laafschrëtt gelieft.

An esou féiert dann och dëst Joer op neits d‘Streck vum Helleggeescht-Plateau bis bei d‘Hesper Gemeng. De Parcours féiert laanscht d‘Uelzecht an duerch déi vill Gréngflächen, déi d‘Stad Lëtzebuerg ze bidden huet. Et gëtt kaum eng touristesch Attraktioun ausgelooss. Laanscht de Palais, iwwert d‘Plëss, duerch d‘Kasematten, an déi Dräi Eechele gehéieren och zum Programm.

Véier Strecken a ganz vill Natur

Et geet also iwwer Bierg an Dall, woubäi et dräi Strecke gëtt déi engem ugebuede ginn: Bei „Sur les traces de Vauban“ sinn et 13 Kilometer déi een zréckleeë soll. Si ass esou ugeluecht, datt och all Amateur mat e bësse Konditioun se bewältege kann, an och fir jiddereen deen den Tour „trëppele“ well. (40% vun der Streck sinn an der Stad selwer, 60% vun der Streck si Bëschweeër)

Schonn eppes méi usprochsvoll, awer nach ëmmer fir Fräizäitsportler ze bewältegen: „Sur les pas de Melusine“ mat 18 Kilometer Distanz. Dëse Parcours kann och am Relais (5/6/7 Kilometer) gelaf ginn.

Dann déi méi sportlech: „Le Trail des Forts“ mat 27 Kilometer längt. Fir dës Streck ass et net verkéiert nieft de Motivatioun och trainéiert ze sinn. Usprochsvoll bestëmmt, wonnerschéi sécher. (20% vun der Streck sinn an der Stad, 80% vun der Streck si Bëschweeër). Zu gudder lescht, nach eppes vir d‘Championnen: „La Granducale“ ass mat 34 Kilometer de gréisste Parcours.

Fir jiddereen eppes derbäi

D‘Organisateuren erënneren dann och drun dann den Tracé „Urban Team Run“ fir Entreprisen op ass. Nieft der „Reklamm“ déi et duerch d‘Visibilitéit um Parcours bréngt, kann et och den Zesummenhalt vun de Mataarbechter stäerken. Eng ganz flott a empfeelenswäert Erfarung.

Wann et engem net no „Lafen“ ass, een awer gären ze Fouss geet, dann ass de den „Sur les traces de Vauban“ eppes fir d‘Amateure vun der Trendsportaart Nordic Walking. Et muss een dann awer net mat de „Bengelen“ kommen, wie gutt fir eng Wanderung equipéiert ass, dierft hei op seng Käschte kommen.

D‘Kanner gi bei dësem sportlechen Event net vergiess. Fir si hunn d‘Organisateuren zwee „Mini-Trails“ ageriicht. Fir déi ganz jonk (6 bis 8 Joer) sinn 900 Meter ze iwwerwannen, déi jonk (9 bis 12 Joer) dierfen sech op 1.600 Meter ausprobéieren.

Mam engem Bléck op d‘Wiederprevisioune kann ee sech op Sonn a agreabel Temperaturen ëm déi 23 Grad astellen. A wann sech d‘Fréijoer scho vu senger schéinster Säit weist, soll een och dovunner profitéieren. Vir Verfleegung ass gesuergt, déi gutt Ambiance ass assuréiert, an d‘Stad huet et verdéngt och emol aus engem anere Bléckwénkel betruecht ze ginn.

Méi Informationen zur Aschreiwung a soss Detailer fënnt all interesséierten ënner https://www.urban-trail.lu/ an/oder https://www.facebook.com/dkvurbantrail/.

Related topics DKV-Urban Trail, Helleggeescht-Plateau, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post