Wësse wat si d‘lescht Joer Chrëschtdag gemaach hunn

Op der Insel steet de Boris Johnson nees eppes an der Kritik, dat wéinst Festivitéiten am Lockdown

Fir déi ass et e Detail op deem ee sech net ophänke sollt, fir déi aner ee Skandal an eigentlech scho Grond genuch fir e Récktrëtt. Em wat geet et? Chrëschtdag 2020, ganz Groussbritannien war quasi an de véier Wänn agespaart. Et hat Kontaktbeschränkungen a villes méi, ausser um Regierungssëtz an der Downing Street, do soll den 18. Dezember eng fett Party stattfonnt hunn.

Eigentlech keen Drama, an et waren och just eng véierzeg bis fofzeg Regierungsmataarbechter déi sech eppes Ofstand vun der Kris gënne wollten. Vum Owend selwer gëtt et dann och weder Biller nach Videoopnamen, an eigentlech wier et net der rieds wäert. Leider huet dann elo awer ee Video an dee gouf véier Deeg nom „Fest“ vun angeblech Vertraute vum Premierminister opgeholl hunn.

An dësem gouf sech bei beschter Laun driwwer ënnerhalen, wéi een dat Ganz schéiriede kann, sollt den Event Public ginn. De „gudde Schüler“ vun der brittescher Yellow Press: The Mirror, huet nach eng Schëpp dropgeluecht a vu weidere Festivitéiten um Regierungssëtz, wéi och an anere Ministère bericht. Op d‘Opname scho bekannt waren an et ee Grond huet et eréischt elo Public ze maachen?

Vun der Regierung jiddefalls koum dës Kéier keen Dementi, mee leider gëtt sech – dat schéngt eng zolidd Kränkt an der Politik ze sinn – drop behaapt, datt hei awer net géint déi sengerzäit ugewannte Covid19-Schutzmoossname verstouss gi wier. Ouni Lige ka Politik also net fonctionéieren, an dat huet, och dat sollten dës héich gebilte Mënsche wëssen, an Demokratien ëmmer eppes Folgen…

Vu Krokodilstréinen a virgetäuschter Asiicht

Gëschter dann déi éischt „Demissioun“. D‘Allegra Stratton (41) ass eng Cambridge Absolventin an sollt als intelligent consideréiert ginn. Si war dem Boris Johnson seng Regierungsspriecherin fir d‘UN-Klimakonferenz, an huet sech ënner Tréinen, fir hir Bemierkungen am verëffentlechte Video entschëllegt. Si huet dann och hire Posten zur Verfügung gestallt. Zur gläicher Zäit ass a China ee Sak Räis ëmgefall…

Am gläiche Sënn wéi de Flilleksschlag vun engem Päiperlek an Australien kann ee Stuerm iwwer Europa ausléisen, esou hunn dem Allegra seng Tréinen am brittesche Parlament en Tsunami vun der Entrëschtung ausgeléist. De Boris „King of the World“ Johnson stoung awer wéi gewinnt als Fiels an der Brandung, a war sichtlech onbeandrockt, wat d‘Récktrëttsfuerderunge vun der Oppositioun ugeet. Hie war jo och net bei der Feier derbäi.

Trotzdeem huet de clevere Politiker mam clownesquen Image sech bei de Parlamentarier fir de Ustouss, deen de Video bei de Bierger am Land ausgeléist kéint hunn, ouni Virbehalt entschëllegt. Et soll dann elo och eng Enquête ginn, an d‘Regierung hätt sech bereet erkläert enk mat der Police zesummenzeschaffen. Gutt et stellt e sech jo och dohinner, fir Volleksvertrieder ze erklären et géif näischt gemaach…

Wann s de däi Puff net am Grëff hues

De Boris Johnson – dee wuel tatsächlech net informéiert, also och net ageluede war – huet dem Parlament erkläert, him wier verséchert ginn, datt et keng „Party“ ginn hätt a folgerichteg och keng Reegele gebrach goufen. Wann deem anescht sollt gewiescht sinn, esou géif d‘Verantwortung hei bei de Mataarbechter leien an sollt sech de Verdacht bestätege géif et zu Konsequenze kommen.

Un d‘Adress vun der Oppositioun, déi esou Enthüllunge mat groussem Interessi ophëlt, huet de Premier och ee puer Wierder geriicht. Dëse werft de Premier vir „kale Kaffi opzewiermen“. Dat kann ee maachen, wann een et fir sënnvoll empfënnt dem politescher Géigner zu erhéichtem Bluttdrock ze verhëllefen. Dat ass opgaangen an d‘Oppositioun huet sech kollektiv „ausgelooss“.

De Keir Starmer (Labour) stellt fest, datt de Boris Johnson säi Puff net am Grëff huet an den Ian Blackford (SNP) huet d‘Kaart vum Pathos gezunn a mat ganz emotionale Wierder de Récktrëtt vum brittesche Regierungschef gefuerdert. An esouguer de Leader vun de Schottesche Konservativen, Douglas Ross, mengt datt falls d‘Parlament sollt getäuscht gi sinn, ee Récktrëtt zwéngend gëtt.

Ee „Sondage“ vu Sky News well oppe leeën, datt 63% vun de Britte mengen datt de Boris Johnson géif léien (dat fält hinnen awer fréi op – NvdR). Wat elo den Zäitpunkt vun der „Verëffentlechung“ ugeet, esou kënnt déi zu engem Moment, wou d‘Moossname wéinst der „Reprise“ nees musse méi verstäerkt ginn. Mat esou Enthüllunge soll wuel verhënnert ginn, dat dës ëmgesat kënne ginn…

mat indymedia/lon

Dernières nouvelles