Search

You may also like

Déi (politiséiert) polnesch Justiz
International Neiegkeeten

Déi (politiséiert) polnesch Justiz

Mat der polnescher Justizreform – déi vu Bréissel an dem

MSC: Europa an d‘USA mat géigesätzlechen Usiichten
International Neiegkeeten

MSC: Europa an d‘USA mat géigesätzlechen Usiichten

Ob der Münchener Sécherheetskonferenz (MSC) hu sech déi grouss Demokrate

money
OGB-L: Wat een net fuerdert kann ee net kréien
International Neiegkeeten

OGB-L: Wat een net fuerdert kann ee net kréien

No enger Analys vum Staatsbudget 2018 fuerdert den OGB-L vun

Meng DNA benotzen? Jo, mee …

Meng DNA benotzen? Jo, mee …

Eist Wëssen iwwer DNA gëtt all Dag méi grouss. Jidderee vun ons wäert esou fréier oder spéider mat der Fro “Wat geschitt mat mengen DNA-Daten?“ konfrontéiert ginn. Aus dësem Grond huet de Sciensano Kriibszenter am vergaangene Joer en Online-DNA-Debat organiséiert, fir ronderëm ethesch Froen iwwer d’Benotzung vun DNA-Daten an eiser Gesellschaft méi no ze informéieren.

Den 19 November 2020 goufen d’Haaptrecommandatiounen vun der Debatt vun Experten a Politiker op engem Ofschlosssymposium presentéiert. Am Ganzen hu méi wéi 4.500 Belsch d’DNA-Debattwebsäit besicht, fir hir Meenungen iwwer 5 ethesch Themen auszedrécken, awer och fir eppes iwwer d’DNA am Allgemengen ze léieren, an den Test ze maachen “Wat, wa jidderee géif denke wéi s du? “.

Eis Date kënnen an all Etappe vun eisem Liewe benotzt ginn

Ob Neigebueren-Test, Trägertest, virgebuertlech Tester, Kriibsdiagnostik an d’Sich no Ierfkrankheete, dëst sinn nëmmen e puer Beispiller fir d’Méiglechkeeten, déi d’Genommedezin de Moment bitt.

An de kommende Jore wäert et ëmmer méi einfach ginn, eis DNA ze kennen an op déi dorop gespäichert Informatiounen zouzegräifen, besonnesch duerch personaliséiert Preventivmedezin a individuell ugepasst medezinesch Behandlungen.

Bei dësen neie Méiglechkeete stellt sech d’Fro: Wéi sollen mir d’Daten verwalten, déi aus onser DNA stamen?

Vun Oktober 2019 bis Mäerz 2020 huet dës DNA-Debatte eng grouss Unzuel vu Bierger zesummebruecht, déi iwwer ethesch Froen bei der Verwendung vun DNA-Daten debattéierten.

Se waren a 5 Themen ënnerdeelt:

  • DNA kennen
  • DNA-Daten deelen
  • E genetesche Pass fir jiddereen
  • Wéi eng Zwecker vermeiden a wat ënnerstëtzen?
  • Plaz fir aner Themen vun de Participanten

Aus dëser Diskussioun ergi sech dräi Haaptmessagen, déi vun de meeschte Belsch ënnerstëtzt ginn:

1. Meng DNA, mäi Choix

D’Participante vun der Debatte betounen datt, et wichteg ass, selwer iwwer d’Verwendung vun hiren DNA-Daten entscheeden ze kënnen, besonnesch ugesiichts vun de villfältege Konsequenzen, déi d’Wëssen iwwer hier DNA op hiert Liewen kann hunn. Dëst bedeit, datt jidderee fräi muss sinn, seng DNA ze kennen oder och net, Familljememberen ze informéieren, d’Donnéeën a sengem Verhale ze berécksiichtegen (zum Beispill säin Liewensstil ze änneren, fir Krankheeten ze vermeiden) asw.

D’Kenntnis vun eiser DNA kann a kenger Weis eng Verflichtung op den Eenzele sinn.

2. DNA ass net d’Essenz vun allem

D’Gesellschaft muss akzeptéieren, datt een d’DNA net als Aart Etikett notze kann, fir Mënschen ze kategoriséieren. Bildung, Bildungsniveau, Akommes, de Liewensraum an eise Liewensstil gehéieren och zu den allgemeng Facteuren, déi een Afloss op eis Gesondheet hunn.

3. De Respekt vun Privatsphär, Transparenz an Traçabilitéit

D’Belsch gesinn an der DNA eng Quell fir bestëmmten an aussokräfteg Daten iwwer den Eenzelen an der Hand ze hunn, vun deene mir d’Verwendung an der Zukunft net virsoe kënnen.

Den Austausch vun dësen Date geet Hand an Hand mat offensichtlechen Onsécherheeten an Ängschten an dofir mat engem groussen Vertrauensbedierfnes. Respekt fir d’Privatliewen, Transparenz an Traçabilitéit sinn dofir grondleeënd Viraussetzunge fir den Austausch vun DNA-Daten. D’Belsch wëllen eng gewësse Kontroll iwwer hir Date behalen. Si wäerte méi Vertrauen hunn hir DNA-Daten ze deelen, wann et e klore legale Kader gëtt, fir se viru méigleche Mëssbrauch ze schützen, an deen och un nei Erkenntnisser an wëssenschaftlech Fortschrëtter ugepasst ass.

„Den Debat huet eis gewisen, datt d’Belsch d’Verwendung oder Wiederverwendung vu Genomdate fir rechtlech Zwecker, souwéi fir wëssenschaftlech a medezinesch Fuerschung ëmfaassend an enthusiastesch ënnerstëtzen. Si wëllen zum Fortschrëtt vun onser Gesellschaft bäidroen”, seet d’Chloé Mayeur, Wëssenschaftlerin bei Sciensano.

Dës DNA-Debatte spigelt eng grouss Meenungsvillfalt erëm a gëtt eis e bestëmmtent Bild dovun, wéi eis Gesellschaft an Zukunft kéint ausgesinn. Et wäert noutwenneg sinn, déi verschidde Virstellunge vun individueller Fräiheet, wëssenschaftlechen Entwécklungen, Recht an Ethik op transparent Weis ze artikuléieren. Mee dat ass en Thema, wat aner gesellschaftlech Debatten erfuerdert.

Related topics Belsch, Choix, DNA, Fuerschung, genetesche Pass, Genommedezin, Notzung, perséinlech Donnéeën, Privatsphär, Sciensano Kriibszenter
Next post Previous post