Search

You may also like

Matenaner Schwätzen: Eng éischt Analys vun der Sproocheronn
International Neiegkeeten

Matenaner Schwätzen: Eng éischt Analys vun der Sproocheronn

En Dënschdeg hunn de Educatiounsminister Claude Meisch (DP), an de

Robert Plant mat neiem Album am Oktober
International Neiegkeeten

Robert Plant mat neiem Album am Oktober

„Carry Fire“ ass no dräi Joer, zanter dem leschten Album,

Iechternacher Basilika: De Stephan Schultz presentéiert J.S. Bach Suiten an der
International Neiegkeeten

Iechternacher Basilika: De Stephan Schultz presentéiert J.S. Bach Suiten an der

Den TRIFOLION Iechternach an Le Concert Lorrain invitéieren Iech e

Hefteg Virwërf géint dem Maradona säin Dokter

Hefteg Virwërf géint dem Maradona säin Dokter

Géint den Dokter vum argentinesche Fussball- an Nationalheld Diego Maradona huet de Procureur vu San Isidro Ermëttlungen ugeuerdent. Dem Leopoldo Luque gëtt fuerlässeg Déidung virgeworf.

Well den Diego Maradona bei sech doheem verstuerwen ass, hei awer kee wollt den Doudeschäin ausstellen, hat d‘Staatsanwaltschaft eng Autopsie ugeuerdent. Aus dëser soll ervirgaange sinn, datt de 60 järegen un engem akute Longenödem an enger verschäerfter Häerzinsuffizienz verstuerwen ass. Mee dat alles, wéi och d‘Aussoe vun de Fleeger, schéngen dem Procureur net duer ze goen.

Esou sinn dann am Kontext vun den Ermëttlungen dem Dokter seng Praxis an d‘Privatwunneng vun den Ermëttler duerchsicht ginn. Zil vun der Perquisitioun: Hiweiser fannen déi op Verfeelunge vum Dokter bei der Therapie vum Diego Maradona deiten. Dem Fussballer seng dräi Meedercher sollen dann d‘Autoritéite gebueden hunn, d‘Medikamenter ze iwwerpréiwen, déi him verofreecht goufen.

De pensionéierte Fussballer war jo rezent vum Dokter wéinst engem Bluttgerënsel an enger Klinik zu La Plata um Gehir operéiert ginn. Den Dokter Leopoldo Luque huet d‘Perquisitioun duerch d‘Police bestätegt. Hie géif selbstverständlech ganz oppe mat den Autoritéite kooperéieren an hätt sech näischt virzewerfen. D‘Police huet Ënnerlage wéi och IT-Material zur Duerchsiicht matgeholl.

mat indymedia/bua/lon

Illustratioun: © Jack Hunter / unsplash

Related topics Argentinien, Diego Maradona, Dr Leopoldo Luque, Fussball-Legend, Nationalheld
Next post Previous post