Dokteren ouni Grenze mobiliséieren sech an der Ukrain

... esou wéi an den Nopeschlänner

Duerch déi russesch Invasioun sinn Honnertdausende vu Mënschen gezwongen ze flüchten. Si verléieren net nëmmen hiert Doheem, mee och d’Heemecht. D’Identitéit.

Well d’Situatioun sech séier zouspëtzt, schaffen d’Dokteren ouni Grenzen dorunner Noutfallmoossnamen anzeriichten an Ekippen a Polen, Moldawien, Ungarn, Rumänien an d’Slowakei ze schécken. Dës medezinesch Ekippe sinn och bereet a Russland a Wäissrussland ze intervenéieren.

An der Ukrain hunn d’Dokteren ouni Grenze scho Material fir Krichsblesséierter zu Mariupol verdeelt. Ausserdeem sinn 30 Chirurgen an der Ukrain a schaffe mat der Telemedezin. Dës sinn op Traumabehandlung spezialiséiert.

D’Noutfallekippe sinn un der Grenz tëscht Polen an der Ukrain ukomm. Si versiche wichtegt Personal an Hëllefsmëttel an d’Land eranzekréien. Dobäi gëtt all Blesséierte behandelt – onofhängeg vun der Nationalitéit.

Duerch déi schwéier Konflikter, ass et immens schwéier, ze wëssen ewéi grouss de medezinesche Besoin am Land ass. Wäert en duergoen? D’Dokteren ouni Grenze bereeden sech op eng ganz Rei vun ënnerschiddlechen Zenarie vir.

Bei de Grenzen, gesinn d’Ekippen dacks Mënschen déi zu Fouss, mam Auto oder mam Bus ënnerwee sinn. Dobäi war eng Famill mat engem Puppelche vu 25 Deeg. Si erzielen, datt si bei äiskalen Temperaturen a Waardeschlaange stoungen. Déi eng waren dehydratéiert, anerer waren ënnerkillt.

Fir datt d’Dokteren ouni Grenzen op alles virbereet sinn, kéint Är Spend e bëssen hëllefen. Si hunn hiren Noutfallfong scho missen aktivéieren. Et ass alarméierend.

Dernières nouvelles