Search

You may also like

Wahlen an der D.R. Kongo: Keng Resultater awer Tendenzen
Neiegkeeten Stories

Wahlen an der D.R. Kongo: Keng Resultater awer Tendenzen

An der Demokratescher Republik Kongo (DRK) ass ee Sonndeg gewielt

Mäerderesch Iwwerschwemmungen a Griicheland
Neiegkeeten Stories

Mäerderesch Iwwerschwemmungen a Griicheland

„Mir si verwüst“, sot um Donneschdeg de Besëtzer vum engem

Venezuela: De Kampf ëm d‘Muecht geet weider
Neiegkeeten Stories

Venezuela: De Kampf ëm d‘Muecht geet weider

E Méindeg ass et am venezuelanesche Muechtkampf, deen de selwer

Den Doktere ginn d‘Patienten aus

Nodeems sech vill Dokteren d‘Fro stelle wou hir Patiente verbliwwe sinn, déi nach bis Mëtt Mäerz an hirer Praxis, déi allgemeng Boboen a Pathologie behandele gelooss hunn, kënnt et zur Polemik an erzwéngt eng Appell vun der Gesondheetsministesch

Den Doktere ginn d‘Patienten aus

Wann am grousse Ganzen, de Gesondheetsministère dank den Engagement vun de villen Acteuren um Terrain, eng bis heihinner gutt Aarbecht geleescht huet, esou ass – nieft dem Choix eng selektiv Kommunikatioun ze bedreiwen – elo och nach ee Sträit mam sougenannte „Corps Médical“ op de Leescht komm. De Grond dofir ass enger Circulaire geschëlt, déi fir Onverständnis gesuergt huet.

Wat ass geschitt? Nodeems eng Rei Dokteren aneren Dokteren (ëffentlech) de Virworf gemaach haten, sech net un d‘Reegelen ze halen, wat de physesche Besuch an der Doktesch-Praxis betrëfft, besonnesch am Dentale Beräich (Zännsteen an aner „Banalitéite“ géifen net zu den essentielle Leeschtunge gehéieren) hunn sech op der Gesondheetsdirektioun geduecht missen anzegräifen.

An esou huet den Direkter vun der Santé, den Dr. Jean-Claude Schmitt dee ganz spatze Griffel aus dem Tirang geholl, an eng Circulaire verfaasst, déi – esou stellt sech elo eraus – net de richtegen Toun schéngt getraff ze hunn. Dobäi war d‘Intentioun derhannert, einfach eppes Uerdnung an d‘Aktivitéite vun den Dokteren eranzebréngen, déi jo och net vun der Kris verschount ginn.

D‘Noutstandsgesetz ass a Stee gemeesselt

Bezitt ee sech op de groussherzogleche Reglement vum 18. Mäerz, esou ass klipp a kloer festgehale ginn, datt déi Aktivitéiten, wou an der Praxis vum Dokter stattfannen, sech eenzeg an eleng op gesondheetlech Problemer bezitt déi urgent oder zumindest akut sinn. An der Circulaire monéiert den Direkter vun der Santé, datt him „zu Ouere komm wier“ datt d‘Zänndokter sech net drun halen.

Hien huet also drop higewisen, datt – sollten sech dës Rumeuren net ginn – hie wäert seng Beamten erausschécken, déi an hirer Qualitéit als „Offizéier vun der Police Judiciaire“ um Terrain dierfe Kontrollen duerchféieren an esouguer Protokoller ausstelle géifen. D‘Strof vir esou ee Verstouss beziffert sech mat 145 Euro, wat awer am Widderhuelungsfall och eppes méi deier ka ginn.

Ugesiichts dem „Inhalt“ an dem „Toun“ an dëser ominéiser Circulaire, huet de Beruffsverband vun den Zänndokter (AMMD) eppes piquéiert reagéiert a verweist op den Echange mat der Ministesch (14. Abrëll) hinn, wou so Pisten diskutéiert goufen. Zu dësem „Echange“ huet et jo och explizit ee Schreiwes ginn, wou de Beruffsverband de Sujet vun der progressiver Reprise kloer erläutert huet.

Wann s de tëscht d‘Fronte geréits

Elo ass esou en Dissens ee fruchtbare Buedem fir all Zort vu Polemik, an wann dann d‘Ministesch mengt datt „immensen Drock op d‘Gesondheetsdirektioun gemaach“ gëtt, wier déi eigentlech gutt beroden sech net selwer, duerch esou Circulairen, ënnert Drock ze setzen. Schliisslech kennen si hir Pappenheimer besser wéi keen aneren, an de Chef wousst wouhinner d‘Circulaire géif féieren.

Et ass net well et der Puer gëtt, déi sech dernieft behuelen, datt sech de gesamte medezinesche Corps net géif ugeschwat fillen, esou sinn dann och net eleng d‘Zänndokteren déi sech mat dësem Courrier getrëppelt fillen. A well vum Dr. Jean-Claude Schmit den Nol bis Uschlag ageklappt gouf, muss elo d‘Ministesch sech dësem „Stuerm am Waasserglas“ unhuelen an d‘Lag entschäerfen.

Elo verhält et sech awer fir d‘Paulette Lenert esou, datt si net wierklech an enger Positioun ass, wou si dem Direkter vun der Santé kéint an de Réck falen. Anersäits muss si awer och dofir Suerg droen, datt d‘Leit mat hire Boboe bei den Dokter goe kënnen, a wei si et och oft genuch gesot huet, och bei dëse goe sollte wann dat néideg ass. Woubäi „goen“ elo net de richtegen Terminus ass…

Keng zousätzlech Veronsécherung schafen

D‘Ausso vun der Ministesch: „Hutt keng Angscht bei ären Hausdokter ze goen“, ass jo schliisslech u Konditioune gebonnen. Wann et heescht et muss een Uruffe fir sech ee Rendez-vous ze huelen, oder de Leit gerode gëtt sech an enger Videokonferenz diagnostizéieren ze loossen, da gëtt séier vergiess, datt esou eng Praxis bis ewell net üblech war an och de gesetzleche Kader net kloer ass.

Zudeem ass gewosst, datt d‘Reglement, esou wéi et beschloss gouf nach ëmmer rechtskräfteg ass, an iwwert den Deconfinement den ament „geschwat“ gëtt. Gutt datt d‘Leit selwer do eppes méi verstänneg (a leider och deels onverstänneg) sinn, a vu sech aus, dat wat si selwer net als urgent betruechten, net direkt behandele loossen. Si bleiwen doheem a waarden op besser Zäiten.

An esou ergëtt sech, datt d‘Doktere vill Fräizäit hunn. De Lëtzebuerger Patient ass zwar bereet sech per Telefon ee Rendez-vous ze huelen, mee éischter renitent, wann hien sech soll iwwer Internet diagnostizéiere loossen. Grad eeler Semester hunn esou hir Problemer mat den neien Technologien. An och déi méi jonk sinn net iwwerzeegt, hei huet et awer vill mat der Confidentialitéit ze dinn.

Dat hätt ee besser dierfe kommunizéieren

Datt vill Bierger wéi och d‘Regierung vun dëser Pandemie um falsche Fouss erwëscht ginn ass, an déi allermeeschten emol e „crash Kurs“ an der Informatik hu missen iwwert sech ergoe loossen, ass dat eent. Dat anert ass d‘Vertrauen an dës Technologie, déi zuweilen intrusiv ass, awer nëmme ganz seelen am Aklang mam de Gesetzer ass. Zudeem ass IT-Wëssen an der Politik wéineg verbreet.

Elo ass et allerdéngs och richteg, datt d‘Regierung muss uecht dinn, datt déi opgestallte Reegelen och vun alle respektéiert a befollegt ginn. Ob een dofir direkt de groussen Hummer muss aus dem Schaf huelen? Wuel éischter net an d‘Ministesch gesäit an, datt et wuel an dësem presente Fall méi judiciéis gewiescht wier, hei eppes méi Fangerspëtzegefill unzewennen an dat anescht ze klären.

Bei den Hausdoktere sinn d‘Consultatiounen ëm bis zu 70% zréckgaangen an ouni d‘Consultatioun iwwer Internet wier dëse Constat nach méi erschreckend. Net ze vergiessen, datt och eis Dokteren am allgemengen net méi déi jéngst sinn, an onverschëllt och eppes Huddel mat der IT hunn. A wéinst dem Covid19 wëllen d‘Leit och net méi an d‘Spidol. Do kënnt also ee weidere Problem op.

Et erkrankt a stierft een net nëmmen um Covid19

Déi allgemeng an u sech gewéinlech Pathologie sinn dann och net mam Coronavirus verschwonnen, a wann een de Leit seet si sollte méiglechst keng Praxis opsichen, da sollt een och domadder Rechnen datt d‘Leit – zumindest déi wou der Politik vertrauen an sech un déi opgestallte Reegelen halen – sech selwer a Fro stellen, an dann eben net mat Bauch- oder Kappwéi bei den Doc ginn.

Eng Doktesch déi – no der Circulaire verständlech – net wëll genannt ginn, huet eng Rei Bedenke geäussert, déi esou Falsch net sinn. „Net all Bierger huet an attitréierten Hausdokter, wéi dat jo eigentlech imposéiert ginn ass, an esouguer déi wou dësen hunn, sinn net drop erpicht an d‘Spidol ze goen. An ee Spidol goen heescht duerch den ‚Triage‘ lafen, wat vill Mënsche fäerten“.

Hei wiere wuel vill schéi Biller a luewend Wierder duerch d‘Medie gejot ginn, mee alles war ëmmer op d‘Pandemie ausgeriicht ginn. Kee Mënsch dee just den Aarm wéi huet – fir e Beispill ze nennen – geet an ee „Centre de Soins Avancées“, esou d‘Doktesch, déi preziséiert, datt opgrond de gemaachte Kommunikatiounen, d‘Leit just nach onsécher sinn an et dann eben si loossen…

Illustratioun: Just fir eng Routine, fir beispillsweis den Zännsteen ewech maachen ze loossen, sollen d‘Leit net bei den Zänndokter goen. Mee ass dat de richtege Wee? Och aner medezinescher Beruffer dierfe keng Consultatioune maachen, déi sech op „Confort“ bezéien. Et soll ee just bei den Dokter goe wat et wichteg ass, esou an net anescht ass de Message vum Gesondheetsministère verstane ginn. © Geo Days / unsplash

Related topics AMMD, Coronavirus, Covid19, Dokteren, Gesondheetsdirektioun, Gesondheetsministesch
Next post Previous post