Search

You may also like

Lëtzebuerger Ausseminister wëll d‘Grenzen ophalen
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Ausseminister wëll d‘Grenzen ophalen

Eis däitsch Nopere stinn, esou den Deputéierte Karl Lauterbach (SPD)

Am Numm vun der Meenungsfräiheet!
Neiegkeeten

Am Numm vun der Meenungsfräiheet!

De Rapper „Turnup Tun“, dee bekannt ass seng Wierder net

OPGEPASST: Net gekennzeechent Mëllech am Smoothie vun Delhaize!
Neiegkeeten

OPGEPASST: Net gekennzeechent Mëllech am Smoothie vun Delhaize!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer datt de Produit

Domm, frech a gewaltbereet…

Domm, frech a gewaltbereet…

Et ass bestëmmt richteg, datt ee verschiddentlech muss Versteesdemech hunn, datt am Kontext vun der sanitärer Situatioun, et Momenter huet wou engem de Kolli platzt an alles einfach just nëmmen nach „ze vill“ ass. A wann d‘Nerve blank leien entstinn zuweilen onerwënscht Situatiounen.

Dat war dann esou wuel och de Fall zu Esch-Uelzecht, wou et gëschter Mueren zu enger handfester Ausenanersetzung komm ass. Esou wéi et säitens den Autoritéite presentéiert gëtt, koum et zu Esch-Uelzecht am Covid19-Testzenter an der Joseph Kieffer Strooss zu engem „Wuertwiessel“ tëscht 2 Männer. Heibäi huet eng Fra ee Schlag an d‘Gesiicht erhalen. Dobäi ass och de Brëll zerstéiert ginn.

Si soll sech schützend virun hir Begleedung gestallt hunn, wéi déi aner Persoun mat bedreelechem Ausdrock op d‘Koppel zougaangen ass. Et koum zu Gerangels an d‘Police huet missen erbäigeruff ginn, fir nees Rou an dat Ganzt ze bréngen. Wéi sech bei der Iwwerpréiwung vun der Identitéit vun de Persounen erginn huet, datt den „Ugräifer“ sech längst hätt bei der Police misse weise wëll et do „Froen“ hätt, an d‘Beamte folgerichteg de Mann opfuerdert hunn si ze begleeden, goung et lass.

Den onmanéierleche Personnage ass dorops hinn reegelrecht aus der Këscht gesprongen. Et heescht hien huet d‘Mask ausgedoen, ronderëm sech gespaut an d‘Beamten „ugehouscht“, iert ee versicht huet sech duerch d‘Bascht ze maachen. Verluere Méi, well Sportlechkeet gehéiert net zu sengen Attributer. No wéinege Meter war Schluss, an de Mann huet vëlleg d‘Kontroll iwwer sech verluer.

Et war de Polizisten net méiglech de Mann zur Vernonft ze brénge geschweig dann ze berouegen. Hien huet sech engem Mooss dernieft beholl, datt d‘Beamten hien als „eng Gefor fir sech selwer an Drëtter“ hu misse betruechten, firwat da Passagearrest ugesot ass. Dofir awer muss de Mann vun engem Dokter ënnersicht ginn. Dat sollt am Spidol geschéien, wou de Rabbelkapp op en Neits d‘Leit (Fleegepersonal a Polizisten) am noen Ëmfeld bespaut a beleidegt huet. Abee merde alors…

Related topics Ausenanersetzung, Beleidegung, Covid19-Testzenter, Passagearrest, Police
Next post Previous post