Domm gelaf

Zoufäll, esou déi gängeg Meenung, déi géif et net ginn. Trotzdeem kënnt et vir, datt et Ausnamen huet. Esou an der Nuecht op ee Freideg zu Rëmeleng, wou d‘Police um zwanzeg vir véier wéinst „Tapage Nocturne“ un der Dier vum Kaméidismécher ugeklappt huet.

Wärend d‘Bewunner vun der Police opgefuerdert goufen d‘Lautstäerkt empfindlech ze reduzéieren, huet ee Beamten ee Geroch an d‘Nues kritt, déi säi Virwëtz erwächt huet. Si hu sech ëmgekuckt an tatsächlech sollt sech den Ufanksverdacht verhäerten: an der Wunneng hat eng ganz Cannabis-Plantage, an dobäi sinn nach net emol déi „véier Planzen“, wou annoncéiert goufen zoulässeg.

Et gouf sech, wat jo wuel bei esou Verhältnisser imposéiert, nach eppes méi genee ëmgekuckt an och dat sollt sech als berechtegt erweisen. Ausser dem lëschtege Kraut hat et nach e ganzt Arsenal vun illegale Waffen. De ganze Krëppeng gouf confisquéiert a Protokoll erstallt. Wann d‘Persoun wuel net festgesat gouf, esou schéngt geséchert, datt et elo awer eppes juristesche Bäistand brauch.

Illustratioun: Nach sinn net emol véier Planzen erlaabt. Wann een allerdéngs keng Gedold huet, an net waarde ka bis et eng Reglementatioun huet, kann dat eng deier Ugeleeënheet ginn. De Besëtz vu Waffen dierft d‘Strof nach eppes erhéijen. © Crystalweed cannabis / unsplash

Dernières nouvelles