Search

You may also like

Eng Impfdosis fir de Strummert
International Meenung Neiegkeeten

Eng Impfdosis fir de Strummert

Wéi de Familljeministère um Donneschdeg matgedeelt huet, gouf et den

Sozialwahlen 2019: Digitaliséierung als zentraalt Thema beim LCGB
International Meenung Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: Digitaliséierung als zentraalt Thema beim LCGB

Gëschter Owend huet den LCGB am Hall Polyvalent zu Schëffleng

Gutt bedéngt vum Buergermeeschter
International Meenung Neiegkeeten

Gutt bedéngt vum Buergermeeschter

Wéi all Joer, mécht d‘Schueberfouer och 2017 keng Ausnam an

Editorial: Den Donald an d‘Demokratie

Editorial: Den Donald an d‘Demokratie

Et gëtt Koppelen an der Weltgeschicht, déi wëllen einfach net beienaner passen. An esou wéi d‘Welt sech freet wat d‘Melania un dësem homophoben a misogynen Looser a gestallt vum US-President fënnt, esou muss ee sech déi Fro och am Zesummenhang mat der Demokratie stellen. Déi stellt den Donald Trump jo och zolidd a Fro. An d‘Amerikaner kämpfe bekanntlech bis zur leschter Patroun.

Datt dee gréissten, schéinsten a virun allem intelligentste President vun de Vereenegte Staaten vun Amerika sech fir en zweet Mandat asetzt, a säi Posten als Hausmeeschter vum Wäissen Haus bis op d‘Blutt ze verdeedege weess, mécht hie bei seng Fans zum Held. Deenen ass et schäissegal, datt dat wat sech grad hei zoudréit, eng frontal Attack op d‘Grondwäerter vun der Demokratie ass.

An den Donald Trump bleift sech trei. Hien huet ni an zu kengem Ament och nëmmen déi geréngst Zweiwel opkomme gelooss, datt hie Versteesdemech oder Respekt virun demokratesche Prozesser huet. Rechtsstaatlech Prinzippien ass eppes fir Waarmduscher an een narzisstesch veranlaagten US-President denkt dann och an éischter Linn u sech selwer. Bei dëser Presidentschaftswal also och…

Hie wëll elo – well et fänkt tatsächlech un enk ze ginn – net nëmmen d‘Ausziele vun der Bréifwal stoppen, wat kloer géint all demokratesche Grondsätz geet, mee och nach iwwerall do noziele loossen, wou hie wëll ee Bedruch erkannt hunn. Och d‘Annonce datt Ganzt wëlle vun der Supreme Court, also dem ieweschten US-Geriicht, préiwen ze loossen, sollt engem schonn ze bedenke ginn.

Op där aner Säit, ass den US-Walsystem schonn eppes Droleges. Zum enge gëtt den US-President net direkt gewielt, an net all Stëmm ass och ee Vott. Zudeem gëtt et keen zentral Walkommissioun a wann een also e Resultat oder d‘Auszielen a Fro stellt, muss dat virum ieweschte Geriicht vun all US-Bundesstaat gekläert ginn. Et ass erwisenermoossen eppes onduerchsiichteg, wéi dat do leeft.

Den Ament huet den Erausfuerderer Joe Biden d‘Nues vir a kéint tatsächlech fir eng Iwwerraschung suergen. Woubäi et nach Millioune Stëmmen auszeziele gëllt. Wann sech den Trump scho gëschter zum Gewënner erkläert huet, an d‘Demokraten sech elo als déi zukünfteg Hären am Wäissen Haus erklären, esou sinn d‘Walen eriwwer, mee esoulaang wéi gezielt gëtt, huet et nach kee Gewënner.

Illustratioun: © Michal Parzuchowski / unsplash

Related topics Demokraten, Donald Trump, Joe Biden, Republikaner, US-Presidentschaftswahlen, USA
Next post Previous post