Search

You may also like

Groussbritannien huet e… Mayxit!
International Neiegkeeten

Groussbritannien huet e… Mayxit!

Endlech huet d‘Theresa May agesinn, datt hir Politik op kee

Rosa Oktober: Zesumme géint Broschtkriibs
International Neiegkeeten

Rosa Oktober: Zesumme géint Broschtkriibs

Eleng zu Lëtzebuerg ginn all Joer méi wéi 500 nei

Och am CHEM huet et sténkeg Lompen
International Neiegkeeten

Och am CHEM huet et sténkeg Lompen

Datt et am Kontext vun der Covid19-Pandemie a kengem Spidol

Den Trump elo Ofsetzen!

Den Trump elo Ofsetzen!

Et ass jo elo net esou wéi wann d‘Demokraten et net versicht hätten d‘Welt vum Donald Trump ze befreien, mee esou einfach wéi een sech den „Impeachment“ virstellt ass et dann awer net. Elo gëtt et dann awer och bannent der republikanescher Partei Stëmmen, déi de Milliardär aus dem Mandat verjoe wéilten. Ass dat esou kuerz virum Wiessel Sënnvoll an iwwerhaapt méiglech?

Nodeems een et als erwise kann hinhuelen, datt de „MAGA“-Slogan vum 45. US-President, sech net bewäert huet, seng Mauer schlussendlech net un der Grenz zu Mexiko mee an de Käpp vun den US-Bierger erriicht ginn ass, a seng Gefollegsleit nom Regierungsgebai schlussendlech och nach d‘Kapitol gestiermt hunn… jo do kann ee verstoen, datt keen nach weider 14 Deeg waarde wëll.

Fir eng ganz Rëtsch senger „Frënn“ war d‘Mooss gëschter net nëmme voll, nee d‘Faass ass, wéi soll ee soen: „iwwergelaf“. Bannent der Regierung, dem Senat an natierlech der republikanescher Partei huet et mëttlerweil eng Majoritéit vu wäissen „upperclass“ Vertrieder, déi dem mann léiwer haut wéi muer wéilte lassginn. Et ass esouguer duerchgedrongen, datt et dozou Berodunge ginn huet.

Datt den Donald Trump fir d‘Erstiermung vum Kapitol verantwortlech gemaach gëtt, ass esou gesi jo och richteg, mee „technesch“ falsch. Et kann ee hei wierklech nëmmen „ënnerstellen“, datt den Donald Trump en Opstand wollt erbäiféieren, fir esou den Etat de Kris erbäizeféieren a weider um Rudder dréinen ze kënnen. Dat ze beweisen, a wéi enger Form och ëmmer, ass éischter onméiglech.

Jo et ass och richteg, datt hien nach ëmmer falsch Beschëllegungen, bezunn op de „Walbedruch“ verbreet, mee nom Stuerm op d‘Kapitol huet hien dem Joe Biden seng Victoire selwer zwar nach ëmmer net unerkannt, mee zumindest agestane „verluer“ ze hunn. Hie well elo wéi et sech gehéiert, den 20. Januar d‘Amt u säin Nofolger oftrieden. Ville geet dat elo awer net méi séier genuch…

De 25. Amendement

An der amerikanescher Verfassung bitt de 25. Zousazartikel dem Vizepresident d‘Méiglechkeet de „Boss“ ofzesetzen, wat awer misst viraussetzen, datt den Donald Trump „onfäeg ass d‘Befugnisser an d‘Oploe vu sengem Amt wouerzehuelen“. Dësen Amendement war geduecht, fir de Fall datt ee President schwéier krank oder geeschtlech gehäit ass. Mee den Trump ass weder krank nach mëll.

De Milliardär ass schlicht geféierlech an folgerichteg laang net geeschtlech esou mannerbemëttelt wéi seng gréissten Unhänger oder säin direkt soziaalt Ëmfeld. Haut behaapten ze wëllen, datt den US-President ausser Kontroll geroden ass, géif viraussetzen, datt een dëse jeemools hätt missen ënner Kontroll gehat hunn. Sollt et dofir e Beispill ginn, esou sollt een der Welt dëst net virbehalen.

Trump

Huele mir emol un, de Mike Pence an eng Majoritéit am Kabinett géif géintiwwer dem Kongress erklären, datt dee charismateschsten Diplomat aus der zäitgenëssescher Weltgeschicht amtsonfäeg ass, an dëse géif dat bejoend unerkennen, da kéint de Vizepresident direkt d‘Regierungsgeschäfter iwwerhuelen. Mee och dogéint dierft den Donald Trump virgoen, an et misst ofgestëmmt ginn.

Ofstëmmen am Kongress géif bedeiten, datt et esouwuel am Representantenhaus, wéi och am Senat eng Zweedrëttelmajoritéit bréicht. Esou eng Prozedur muss bannent 21 Deeg ëmgesat sinn. Domat dierft ersiichtlech sinn, datt et net wierklech Sënnvoll ass. Et ass och net ziilféierend, et aus Grënn wéi „Prinzipien“ oder „Exempel statuéieren“ unzegoen, well en hien zum Märtyrer géif maachen.

Digitale Lockdown

Eppes wat dem Donald Trump dierft méi op d‘Gemitt schloen, wéi de klägleche Versuch hien aus dem Amt ze verjoen, seng visuell a verbal Reechwäit ass eppes amputéiert ginn. Datt well déi sozial Netzwierker – dat virun allem aus finanzieller Iwwerleeung eraus – dem Milliardär seng Konten a Geiselhaft geholl hunn. Facebook an Twitter haten nom Stuerm op d‘Kapitol d‘Konte gespaart.

Dem Zuckerberg säin onséilege Veräin, hat dem US-President säin Account ugangs fir 24 Stonne gespaart. Et wäert am Hannergrond awer vill an hektesch „kommunizéiert“ gi sinn, fir datt ee sech derzou entscheet huet, dem Donald Trump seng Facebook an Instagram Konte fir weider 14 Deeg ze spären. Si begrënnen dat mam Argument, datt dem Chef seng Posts ee grousse Risk duerstellen.

Trump

„Déi schockéierend Virgäng vun de leschten zwielef Stonnen hu gewisen, datt de President Donald Trump seng verbleiwend Amtszäit dofir notze wëll, déi friddlech a legitim Muechtiwwergab un säi gewielten Nofolger Joe Biden ze ënnergruewen“, schreift de Mark Zuckerberg. Dat beweist awer just datt de Milliardär seng Muecht verluer huet, net datt elo den Zuckerberg en Demokrat ginn ass.

Zudeem hu Facebook an Twitter véier Joer laang ganz massiv a virun allem ganz bewosst, dem 45. US-President seng Ligen, säin Haass an d‘Hetz verëffentlecht. An géint „déi aus dem Donstkrees“ wéi beispillsweis de Steve Bannon oder „Klan-Priedeger“ ass vun de genannten Netzwierker och keent virgaangen. Et si Facebook an Twitter déi letztendlech d‘Fake News an d‘Welt bruecht hunn.

mat indymedia/was/nyc

Related topics Demokratie, Donald Trump, Insurrektioun, Kapitol, Milliardär, Oprou
Next post Previous post