Search

You may also like

money
Massiv Entloossunge bei General Motors
International Neiegkeeten

Massiv Entloossunge bei General Motors

General Motors (GM), de gréissten US-Autoconstructeur, huet e Méindeg annoncéiert,

Jerusalem-Resolutioun fënnt trotz „Warnung“ op der UNO Zoustëmmung
International Neiegkeeten

Jerusalem-Resolutioun fënnt trotz „Warnung“ op der UNO Zoustëmmung

E Schlag an d‘Gesiicht, esou an net anescht muss ee

Haiti: Zuel vun Äerdbiewenaffer klëmmt weider
International Neiegkeeten

Haiti: Zuel vun Äerdbiewenaffer klëmmt weider

Wéinst dem Äerdbiewen, datt ee Samschdeg um 8.29 Auer de

Fräisproch fir den Donald Trump

Fräisproch fir den Donald Trump

Am Amtsenthiewungsverfare géint de fréieren US-President, huet den US-Senat de Virworf vun der Ustëftung zum Opstand net zréckbehalen. Zwar huet sech eng Majoritéit vu 57 Senateuren, fir eng Verurteelung ausgeschwat, mee déi benéidegt Zweedrëttelmajoritéit vu 67 Stëmmen ass dann awer net zesummekomm. Dovunner war och net auszegoen.

D‘Amtsenthiewungsverfaren (Impeachment) haten d‘Demokraten an de Wee geleet, nodeems et de 6. Januar zum „Stuerm op d‘Kapitol“ komm war. Et waren dem Trump seng Fans, déi dem – zu dësem Ament nach am Amt – President seng Ried mëssverstanen haten, déi en zweet Verfare géint Milliardär méiglech gemaach haten. Elo also ass dann och dëst Verfaren d‘Baach agaangen.

Trump

Sécher hu sech d‘Demokrate gewënscht erfollegräich ze sinn, an esou ze verhënneren, datt de gudde Mann nach emol politesch Mandater bekleede kann, sech méiglecherweis nach emol als Kandidat presentéiere sollt. Mee dofir hätten sech awer méi Republikaner missen Uschléissen, wéi déi siwen, déi sech am Senat den Demokraten ugeschloss hunn. Et ass awer och vill ëm „Show“ gaangen.

Zanter en Dënschdeg ass am US-Senat de Prozess gefouert ginn. D‘Kongresskummer huet hei d‘Roll vum Geriicht iwwerholl. De Jamie Raskin, dee fir d‘Demokraten d‘Uklo gefouert huet, huet um Samschdeg erkläert, datt d‘Beweislaascht fir dem Donald Trump seng Verantwortung vun der Erstiermung vum Kapitol „iwwerwältegend an onbestreitbar“ ass. Eng Fro vun der Interpretatioun?

D‘Bedeitung vun de Wierder

Dem Ugekloten seng Affekoten hu jiddefalls dergéint gehalen. Esou huet den Affekot Michael van der Veen kloergestallt: „Zu kengem Zäitpunkt hutt dir eppes héieren, dat jeemools als Ermonterung oder Zoustëmmung fir Oprou duerch den Här Trump kéint ausgeluecht ginn. All géigendeeleg Behaaptung ass absurd“. Och dat ass erwisenermoossen nëmmen eng Fro vun der Interpretatioun.

Et war wéi gesot ee grousst, wann och éischter onzefriddestellend Koméidistéck, dat säi Wee an déi amerikanesch Geschichtsbicher wäert fannen, méi awer och net. Am US-Senat war vun Ufank u gewosst, datt d‘Aussiichten „domadder duerchzekommen“ net emol am Usaz bestanen hunn, an hei gouf dann och Wäert drop geluecht, dësen „Dossier“ méiglechst zäitno evakuéiert ze kréien.

Trump

Gëschter gouf et nach ee kuerze Moment laang eppes Opreegung, nodeems d‘Senateuren sech fir d‘Befroe vun Zeien ausgedréckt haten. Et koum zu engem kuerze verbalen Tumult an d‘Befroe war nees vum Dësch. Wéi dat ofschléissend gekläert war, ass och op d‘Virlag vu Beweiser verzicht ginn. Domat ass dem 45. US-President seng Vest wäiss wéi déi spatz Hitt vum KuKluxKlan…

De pensionéierte President dee säi Liewensowend zu Mar-a-Lago (Florida) mat gläichalterege Frënn genéisst, huet de Fräisproch aus dem Senat begréisst. Hien huet de Senateuren déi sech fir hien agesat hunn „Merci“ gesot an verkënnt, datt seng politesch Beweegung eréischt um Ufank steet. Elo géif d‘Rees ufänken… An tatsächlech, un Fans an Unhänger feelt et him wierklech net.

mat indymedia/was

Related topics Amtsenthiewungsverfaren, Donald Trump, Impeachment, US-Kongress, US-Senat
Next post Previous post