Search

You may also like

Fir verkierzte Waardezäiten beim IRM
Meenung

Fir verkierzte Waardezäiten beim IRM

De Gesondheetsministère huet dës Woch bekannt ginn, datt den Étienne

D-Day Zeremonie an der Normandie
Meenung

D-Day Zeremonie an der Normandie

De franséische President Emmanuel Macron, huet gëschter bei der grousser

Film Fund Luxembourg: Wien kritt wat vum Budget?
Meenung

Film Fund Luxembourg: Wien kritt wat vum Budget?

No den traditionelle Sitzunge wärend der ganzer leschter Woch huet

Sorry, Donald, mee esou funktionéiert et net

E Kommentar

Sorry, Donald, mee esou funktionéiert et net

Et misst ee laang sichen, fir een ze fannen, dee sech selwer als Rassist bezeechent. An nach méi laang, fir een ze fannen, deen et och eescht mengt. Et verwonnert also net, datt den Donald Trump sech selwer net als Rassist bezeechent. Dommerweis geet dat net duer, fir sech vun dem Virworf ze befreien. Well et ass hei wéi anzwousch anescht och: Dote si méi wäert wéi Wierder.

Mee fänke mer trotzdem bei de Wierder un: Aner Länner als „Shithole Countries“ ze bezeechnen ass, ganz einfach betruecht, schonn emol en Zeeche vun engem Mangel u Respekt. Dat huet näischt méi eppes mat „vun der Long op d’Zong“ ze dinn, et ass einfach eng Frechheet an eng diplomatesch Dommheet vum héchste Grad. De Parzeläinsbuttek huet do net nëmmen e liichte Schued. En ass dem Äerdbuedem gläich gemaach ginn.

Lëpsebekenntnisser ginn och hei net duer. Et muss een sech och selwer hannerfroen an d‘Saach upaken.

Richteg rassistesch gëtt et dann, wann do afrikanesch Natioune mat nordeuropäesche verglach ginn an d‘Preferenzen fir déi eng oder aner gewise ginn. Et ass och nach ignorant, einfach sämtlech historesch Faktoren ze ignoréieren, wann een iwwert Natioune schwätzt. An deen Ament ass kloer, datt d‘Aart a Weis, wéi d‘Länner behandelt ginn, eben och op Viruerteeler baséiert, an net jiddereen d‘selwecht respektéiert gëtt.

A genee dëst ass de Kär vu Rassismus.

Et kënnt nach dobäi, datt den aktuelle President vun de Vereenegte Staaten Tiki-Fakel-droent a „Jews will not replace us“-ruffen Neonazie verteidegt an och soss a senger Vergaangenheet net grad iwwerzeegt huet, wann et ëm d’Gläichbehandlung a Gläichsetzung vun den ethnesche Gruppe geet.

Kuerz: Et geet net duer, sech selwer als „net rassistesch“ ze bezeechnen. Dat ka jiddereen! Et muss een och deementspriechend handelen. An do huet den amerikanesche President nach op mannst esou vill ze maachen, wéi eis „ech si jo kee Rassist“-Leit, déi een op Facebook ze gesi kritt.

Foto: JIM WATSON / AFP

Related topics Donald Trump, Rassismus, USA
Next post Previous post