Search

You may also like

Polen: Zoff nom Akraafttriede vum Ofdreiwungsverbuet
International Neiegkeeten

Polen: Zoff nom Akraafttriede vum Ofdreiwungsverbuet

Polen, een EU-Memberland dat vun der kathoulescher Kierch politesch bestëmmt

Chantier tëscht den Echangeure Sennengerbierg a Mënsbech
International Neiegkeeten

Chantier tëscht den Echangeure Sennengerbierg a Mënsbech

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt de Stroossebelag op der Autobunn A1

Härebierg: 19 fräiwëlleg Zaldoten ginn hiert Verspriechen of
International Neiegkeeten

Härebierg: 19 fräiwëlleg Zaldoten ginn hiert Verspriechen of

Um vergaangene Freideg hunn zu Dikrech 19 fräiwëlleg Zaldoten hiert

US-Senat kippt Trump-Veto

US-Senat kippt Trump-Veto

Nom Representantenhaus huet elo – dat ass eng Première an dësem Mandat – och den US-Senat de Veto vum 45. US-President mat enger zweedrëttel Majoritéit ausser Kraaft gesat. Domadder ass elo den US-Verdeedegungsbudget och ouni dem Donald Trump seng Ënnerschrëft ugeholl ginn.

Veto

Den 20. Januar muss de gréissten a charismateschste President an der Geschicht vun de Vereenegte Staaten säi Mandat un den Demokratesche Kandidat Joe Biden iwwerginn. Bis dohinner huet hien awer nach ëmmer eng gewësse Vollmuecht. Déi awer schéngt him elo am eegene Lager verluer ze goen. Mat dësem Vott huet den US-Senat dem Milliardär eng schwéier Néierlag zougedroen.

Beim Vott fir de Verdeedegungsbudget am US-Senat hat et just 13 Géigestëmme ginn, wouduerch déi zweedrëttel Majoritéit labber iwwerschratt gouf. Dëse Budget – deen iwwer 4.500 Säite fëllt – beleeft sech op ronn 740 Milliarden US-Dollar. Datt an den USA de Verdeedegungsbudget net kann zustane kommen, ass sech net politesch virzestellen. Zumindest ass et an 59 Joer ni virkomm.

Am Gesetz gouf zugläich festgehalen, datt dee vum US-President decidéierten Truppenofzuch aus Däitschland elo emol virleefeg gestoppt gëtt. Am gestëmmten Text gouf festgehalen, datt den neie Verdeedegungsminister dem Kongress muss ee bericht virleeën, an deem konkret nogewise muss ginn, datt esou en Ofzuch vun amerikaneschen Zaldoten am nationalen Interessi vun den USA ass.

Vun Zaldoten a Gasleitungen

Wier deem esou, an géif dann de Kongress engem Ofzuch zoustëmmen, bréicht et nach emol 120 Deeg, iert d‘Zuel vun den US-Zaldoten an Däitschland ënner 34.500 Unitéite ka reduzéiert ginn. Den Donald Trump hat jo virgesinn, géint eng kleng Bedeelegung an Héicht vun 2 Milliarden US-Dollar – amerikanesch Militärbasen a Polen ze installéieren. Do wier een de Russen eppes méi no.

VetoDe Joe Biden trëtt den 20. Januar dem Donald Trump seng Nofolleg un. Mat dëser politescher Victoire am Senat, wou grad emol 13 Republikaner dem amtéierende President säi Veto gestäipt hunn, huet den 78 järegen all Grond gutt gelaunt ze sinn. © Joe Biden Official

E weidere wichtege Paragraph an dësem Verdeedegungsetat bezitt sech op d‘Sanktiounen, déi vun den USA wéinst dem bau vun der däitsch-russescher Gaspipeline NordStream2 an de Raum gestallt goufen. Hei si schonn déi ausféierend Entreprisen deraart ageschüchtert ginn, datt de bau vun der Pipeline ofgebrach ginn ass. Den Zweck: d‘EU soll US-Gas kafen dat per Schëff geliwwert gëtt.

Dem Donald Trump seng schrëftlech Erklärung un d‘Representantenhaus: dëst Gesetz géif der Aussepolitik vu senger Regierung, a méi generell der nationaler Sécherheet widderspriechen. Hie huet ënnert anerem Kritik dorunner geäussert, datt Onlineplattformen (Facebook, Google, asw.) net méi staark reglementéiert ginn. Hir wollt déi als „Section 230“ bekannte Regel reforméiert gesinn.

Veto

Elo huet den Donald Trump ee besonnescht Verhältnis zu dëse „Plattformen“, an et dierf een et als Trappewitz vun der Geschicht bewäerten, datt hien de Bedreiwer virwerft eng eeschthaft Bedreeung vun der nationaler Sécherheet an der Integritéit vun de Walen ze sinn. Et ass natierlech méiglech, datt d‘Warnhiweiser, déi Twitter dem Trump sengen Tweets unhänkt, heibäi och eng Roll spillen.

Nodeems dann elo säi Veto „iwwerstëmmt“ ginn ass, huet den US-President erkläert, datt dee vun him decidéierten Truppenofzuch aus Afghanistan, Däitschland a Südkorea rechtens ass. Dat per Gesetz ze begrenze wier Verfassungswiddereg. Laut dëser ass „hien“ de ieweschte Chef, wat also bedeit, datt d‘Entscheedung wei vill Zaldote wou stationéiert ginn, eenzeg an eleng seng ass…

mat indymedia/was

Illustratioun: © The BlowUp / unsplash

Related topics Donald Trump, US-Representantenhaus, US-Senat, USA, Verdeedegungsbudget, Veto
Next post Previous post