Search

You may also like

Commemoratiounsfeier fir 75. Joer Ardenneschluecht: Invitatioun fir d’Ëffentlechkeet
International Neiegkeeten Stories

Commemoratiounsfeier fir 75. Joer Ardenneschluecht: Invitatioun fir d’Ëffentlechkeet

Am Kader vum 75. Commemoratiounsdag vun der Ardenneschluecht wäert e Méindeg,

Doudegt Schof am Raum Wëntger: Hond, Goldschakal oder awer de Wollef?
International Neiegkeeten Stories

Doudegt Schof am Raum Wëntger: Hond, Goldschakal oder awer de Wollef?

Um 11. Mee ass am Raum Wëntger en doudegt Schof

De Kass-Haff gewënnt mat sengem alternativen a konstruktive Konzept de Präis „Hëllef fir d‘Natur 2017“
International Neiegkeeten Stories

De Kass-Haff gewënnt mat sengem alternativen a konstruktive Konzept de Präis „Hëllef fir d‘Natur 2017“

De Mëttwochowend war am Naturmusée am Gronn e festlechen. Dat

Virbildlech: Den Donald Trump

D‘USA dréinen der WHO de Geldkrunn zou an d‘US-Gouverneure prouwen de Widderstand

Virbildlech: Den Donald Trump

Amerika, dat Land vun den onbegrenzte Méiglechkeeten, huet et den Ament wéinst der duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste Kris, eppes Problemer. Doranner ënnerscheeden sech d‘USA net vun den anere Länner, woubäi d‘USA sech op eng gutt virbereeten „Krisen Task-force“ verloosse kënnen. Déi Problemer déi et gëtt, sinn der schlechter Kommunikatioun säitens der WHO geschëlt.

D‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) hätt alles vermasselt an géif vun de Chinese manipuléiert, esou den Donald Trump, deen déi lescht Woch ugekënnegt huet, datt Washington dësem Veräin elo keng Sue méi wäert iwwerweisen. Elo ass de selwer ernannte Krichspresident kee Mann, deen esou seet an dann de Wierder keng Dote folge léist. Elo ass de Geldkrunn dann och zougedréint ginn.

Gëschter huet de Milliardär, deen en zweet Mandat als President ustrieft, dann och erkläert, datt hien d‘Regierung ugewisen huet, d‘Beiträg fir d‘WHO op Äis ze leeën. Et misst elo iwwerpréift ginn, wéi eng Roll dës Organisatioun bei der Vertuschung vun der Pandemie gespillt huet. Den Donald Trump schéngt sech sécher, datt d‘WHO d‘Verbreedung vum Virus net antizipéiert huet.

DonaldDen zentrale Virworf: d‘Weltgesondheetsorganisatioun soll sech op d‘Informatioune vu Peking verlooss hunn, firwat sech de „Wuhan-Virus“ onkontrolléiert an der Welt verbreede konnt. Esou ergëtt sech, datt laut dem Donald Trump, déi ganz Verantwortung fir dës weltwäit Pandemie der WHO zouzeweisen ass. Dës Organisatioun hätt duerch hiert Versoen dausende Leit ëmbruecht.

Ganz besonnesch béis ass den US-President mat der WHO, wëll dës sech géint Areesverbueter aus China ausgeschwat hätt. Dat hätt dann derzou gefouert, datt wichteg Zäit verplempert gouf, déi eng Andämmung vun der Pandemie nach méiglech gemaach hätt. Hätten se zu Genève, um Sëtz vun der WHO d‘Informatiounen aus China kritesch an net ënnerwerfeg begleet, géif et keng Pandemie.

Si woussten alles an hunn näischt gesot!

Schonn déi lescht Woch, am Kontext vun der Ukënnegung d‘Beiträg vun der WHO anzebehalen, hat den Donald Trump – deen eigentlech iwwert déi bescht Geheimdéngschter verfüügt – ugedeit, datt d‘Weltgesondheetsorganisatioun méi gewosst huet, wéi si wollt bekannt ginn. Zur Erënnerung: d‘WHO hat Ufank Januar kloer an däitlech op eng alarmant Situatioun zu Wuhan higewisen.

Esou ass et verständlech, datt sech d‘WHO zur Wier setzt, mee net wierklech d‘Kraaft huet den USA de Bass ze halen. Wat bleift: den Direkter vun der Weltgesondheetsorganisatioun, Tedros Adhanom Ghebreyesus, ka just feststellen, datt den Donald Trump d‘Pandemie zu politeschen „Zwecker“ mëssbraucht, an dat an engem Moment wou, wou nëmmen Zesummenhalt hëllefe kann.

DonaldRéckendeckung fir d‘WHO gëtt et awer säitens dem „Daachverband“, de Vereenten Natiounen, wou den UN-Generalsekretär Antonio Guterres, d‘Decisioun vum Donald Trump denoncéiert huet. Hien ass der Usiicht dat et elo net wierklech de gellegen Zäitpunkt ass, deenen Organisatiounen, op déi een am Kampf géint de Covid19 ugewisen ass, d‘Ressourcen ze entzéien déi elo noutwenneg sinn.

Och aus Europa muss sech de Milliardär eppes Kritik unhéieren. Déi meeschten EU-Länner stinn der WHO an dëser schwéierer Stonn bäi. Et gëtt dann och ugedeit, wann elo net direkt ëffentlech, datt den US-President mat dësem Schratt vun den eegene Verfeelungen oflenke wéilt. Deem kann een, wann ee sech d‘Timeline vun den trumpschen Aussoen ukuckt, och eppes ofgewannen…

Wann d‘Foussvollek nom Mëschtgreef gräift

Wann et jo u sech fir den US-President schlëmm genuch ass, esou schänterlech vun der WHO, also och der UNO, hannergaangen ze ginn, esou gesäit et den Ament duerno aus, wéi wann sech eng Rei Gouverneuren aus demokratesch regéierten US-Bundesstaaten, den Uweisunge vum Donald Trump wéilte widdersetzen. Déi wëllen d‘Pandemie notzen, fir de President ze diskreditéieren (Fox-News).

Dobäi huet sech den Donald Trump an engem vum Wäissen Haus produzéierte Video-Clip, an deem hien – wéi et sech gehéiert – als erfollegräiche Krisemanager presentéiert, géint d‘Kritik an de Medie gewiert. „Alles wat mir gemaach hu war richteg. (…) Vill Gouverneuren, dorënner och Demokraten, si ganz zefridde mat der Aarbecht vun der Regierung“. Mee ass deem wierklech esou?

Fir den Donald Trump, dee gefeelt huet wéi se an der Schoul d‘Verfassung vun den USA behandelt hunn, verhält et sech esou, datt hien, an nëmmen hien eleng, iwwert d‘Lackerung vun de Mesure am Kontext vun der sanitärer Kris ze entscheeden huet. „Wann ee President vun den USA ass, dann ass d‘Muecht alles ëmfaassend“, esou de Milliardär deen den 10. Amendement aus den Ae verluer huet.

Fakt ass: d‘Verantwortung fir déi ëffentlech Sécherheet, läit entspriechend dem federale System vun den USA, bei de Bundesstaaten, ergo de Gouverneure vun dëse Bundesstaaten. An esou verwonnert et net, datt eng Rei demokratesch geleete Bundesstaaten schonn emol ugekënnegt hunn, datt si sech – ouni de President – wäerten iwwert eng Lackerung „am klenge Krees“ ofschwätzen…

Ass dat alles nëmme Wahlkampfstrategie?

Esou ginn op der West- wéi op der Ostküst vun den USA Allianze gebilt: am Westen dinn sech zesummen d‘Bundesstaaten Kalifornien, Oregon a Washington-State; am Oste sinn et Connecticut, Delaware, New Jersey, New York, Pennsylvania a Rhode Island. Alles Bundesstaaten mat engem Gouverneur vun der Demokratescher Partei. Déi wëllen och en 2. Mandat vum Trump verhënneren.

Als éischt wëll d‘Westküsten-Allianz onofhängeg vunenaner hir Pläng fir eng Lackerung vun de Moossname virstellen. De Gouverneur vu Kalifornien, Gavin Newsom, betount, datt ee sech bei dëser Decisioun vun de Beweise vun der Wëssenschaft leede léisst. Et wéilt et zudeem och mat anere Bundesstaaten kooperéieren an gemeinsam Schrëtt vereenbaren, wat jo och Sënn mécht.

DonaldFir de Milliardär kéint dat matten am Wahlkampf zum Problem eruwuessen. Hie wëll onbedéngt en zweet Mandat, firwat hien eleng iwwert eng Lackerung entscheede muss. Et geet jo och drëms nees d‘Wirtschaft un d‘Lafen ze kréien. Leschte Freideg huet de Chômage an den USA 16,78 Millioune Mënsche betraff. Mënschen déi an der Majoritéit den Trump wielen an och elo „nach“ zu him stinn.

Wier et dem US-President nogaangen, hätt schonn zu Ouschteren nees d‘Wirtschaft ugekuerbelt solle ginn. Mat iwwer 2.000 Doudeger den Dag, konnt dësen Termin awer och vun der Regierung net gehale ginn. E Gremium vu Conseillère soll elo Virschléi ausschaffen, wien do alles siegéiert, dat soll um haitege Mëttwoch de Medien zougedroe ginn, Eng Rei Geselle sinn awer scho bekannt.

Meuterei op der „Bounty“?

An dësem Gremium si geséchert derbäi: de Finanzminister Steve Mnuchin, den Handels Minister Wilbur Ross, Stadentwécklungsminister Ben Carsons, d‘Wirtschaftsberoder Kevin Hassett a Larry Kudlow. De Virsëtz sollt vum Mark Meadows, Chef vum Team „White House“ iwwerholl ginn. Zu de weidere Membere vun dësem Gremium, war näischt konkret Brauchbares gewuer ze ginn.

DonaldA wärend se zu Washington no „Experte“ sichen, leeft am Hannergrond den Dissens mat de béise Gouverneuren. Zéng Bundesstaaten stäipen sech, wéi scho gesot, géint dem Milliardär seng „Iddi“ eenzeg an eleng d‘heft an der Hand ze hunn. Hien huet dës Aktioun an engem Tweet als „Meuterei op der Bounty erkläert“, woubäi hie sech hei op de Film bezitt… Bicher sinn net esou senges.

Een deen net schéngt gewëllt sinn sech dem Diktat vum Milliardär ze ënnerwerfen, dat ass de Gouverneur vum Bundesstaat New York, Andrew Cuomo (Video) dee kloerstellt: „Mir hunn an dësem Land kee Kinnek. Mir hunn eng Verfassung a mir wielen ee President“. D‘Reegele vun der Regierung zur Andämmung vun der Pandemie, esou de Stand, sinn nach bis Enn Abrëll gülteg.

Mee et sinn d‘Bundesstaaten déi iwwert d‘Ëmsetzung entscheeden. Interessant dann och de Fait, datt den (eenzeg reellen) Expert vun dëser Regierung, den Seechenexpert Anthony Fauci, dem President seng Usiichten och net deelt. Mat ronn 600.000 Infektiounsfäll an scho méi wéi 25.000 Affer, hält dee leschten „Oprechten“ am Team Trump, eng Ouverture fir den 1. Mee als verfréit.

mat indymedia/was/lax/nyc/gva

Related topics Coronavirus, Covid19, Donald Trump, Muecht, USA, Verfassung
Next post Previous post