Search

You may also like

Esch 2022 elo ënnert der Schiermherrschaft vu S.A.R. der Groussherzogin
International Neiegkeeten

Esch 2022 elo ënnert der Schiermherrschaft vu S.A.R. der Groussherzogin

Mat Esch 2022 gëtt schonn an noer Zukunft de Minett

MeYouZik – Musek aus der ganzer Welt!
International Neiegkeeten

MeYouZik – Musek aus der ganzer Welt!

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d’Stad Lëtzebuerg (VDL)

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg: „Hei ginn ech gebraucht, hei ass meng zweet Famill“ (Deel 2)
International Neiegkeeten

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg: „Hei ginn ech gebraucht, hei ass meng zweet Famill“ (Deel 2)

Deel 2: D’Danielle Keup, 49 Joer, huet hiert ganzt Liewe an

Den amerikanesche (Bierger)Krichspresident

Am Kontext vun de Protester géint Policegewalt setzt den Donald Trump déi falsch Zeechen

Den amerikanesche (Bierger)Krichspresident

Den Amerikanesche President ass de liewege Beweis vum systemesche Versoen, déi leifhafteg Bedreeung vum Welthandel an dem Zesummenhalt vun der US-Gesellschaft. Hien huet sech am Kontext vun der Covid19-Pandemie zum „Krichspresident“ proklaméiert a bei der Krisegestioun kläglech versot. Hie verdäiwelt UN-Organisatiounen a wëll elo d‘Arméi géint US-Bierger asetzen.

Wéi den Donald Trump seng „Ried un d‘Natioun“ am Rousegaart vum Wäissen Haus gehalen huet, huet seng Aen ee kuerzen Ament geglënnert, wéi hie sot „That we dominate the streets“. Et ass net ëm den Zesummenhalt oder Deseskalatioun gaangen. Schonn ee Méindeg hat hien an Kontext vun enger Telefonskonferenz mat Gouverneure, betount: „Mir mussen d‘Stroosse beherrschen“.

A wärend de Milliardär versprach huet d‘Arméi anzesetzen, wann déi lokal Autoritéiten der Lag net sollten Här ginn, hu Polizisten déi friddlech Demonstratioun virum Wäissen Haus manu militari a mat vill Tréinegas opgeléist. Op de ville Videoen, déi zu dësem Virfall zirkuléieren, si Jonker a Vetrieder vun der Zivilgesellschaft ze gesinn, déi hei en Enn vum systemesche Rassismus fuerderen.

„The Show must go on“

Den Asaz vun Tréinegas a Blendgranaten hat dann och net Zweck eng méiglech Bedreeung aus der Welt ze schafen. Nee d‘Demonstrante goufe verdriwwen, fir datt den Donald Trump demonstréiere konnt, datt hien d‘Strooss beherrscht. Wéi sech den Treinegasniwwel verzunn hat, ass de Milliardär mat enger Bibel an der Hand queesch duerch de Lafayette-Park spadséiert. D‘Zil, déi vandaliséiert St Johns Church

DonaldEt dierfte Biller sinn déi an d‘Geschicht aginn (d‘Geschicht derzou iwwregens och) wëll se engem surreal virkommen, an dat wuel och zu Recht. Hien huet „poséiert“, kee Wuert gesot, jo net emol gebiet, just eng „vun iergendengem ausgeléinten“ Bibel héich gehalen. Wat d‘Welt hei gesinn huet, war eng Demonstratioun vu senger Muecht. Den erkläerte Wëllen sech an der Noriichten-Timeline selwer nees zum Mëttelpunkt ze maachen.

Datt hie sech um Sonndegowend am „Bunker“ vum Wäissen Haus opgehalen huet, wëll e puer honnert Demonstranten sech Gehéier verschaaft haten, ass en Trappewitz vun der Geschicht an säin Optrëtt um Parvis vun der Kierch huet zu sengem martialesche Message gepasst. Alles „Show“? Iergendwéi schonn, well de Showmaster weess, datt hien d‘Bühn besetze muss, wann hien d‘Wahl am November gewanne wëll.

mat indymedia/was/nyc/lax/min

Foto: Dëst Bild, dat den New York Times Journalist Doug Mills via Twitter der Welt „geschenkt“ huet, gehéiert elo schon zum Welt-Patrimoine a markéiert den Déifpunkt vum politesche Versoen, vun engem Milliardär dee méi Schowmaster wéi President ass. © Doug Mills/nyt

Related topics Anarchie, Antifa, Donald Trump, George Floyd, Opstand, Policegewalt
Next post Previous post