Search

You may also like

Katalanescht Parlament fuerdert Ofschafe vun der Monarchie
International Neiegkeeten

Katalanescht Parlament fuerdert Ofschafe vun der Monarchie

Nom scheitere vun den Onofhängegkeetsbestriewungen, war et eppes méi roueg

Ofso fir POST Luxembourg Balloon Trophy 2020
International Neiegkeeten

Ofso fir POST Luxembourg Balloon Trophy 2020

Léif Ballon’s Frënn, Duerch déi aktuell Situatioun, an den Etat

Summerschool 2021: Gratis a fakultativ Nohëllef fir de Fondamental a Secondaire
International Neiegkeeten

Summerschool 2021: Gratis a fakultativ Nohëllef fir de Fondamental a Secondaire

Och an dësem Joer bitt de Bildungsministère nees seng „Summerschool

Donnerschlag zu Washington: Den Trump aus den eegene Reien ugegraff

Donnerschlag zu Washington: Den Trump aus den eegene Reien ugegraff

Zwee republikanesch Senateuren hunn en Dënschdeg op spektakulär Aart a Weis den Donald Trump op d’Plaz gesat. Am Mëttelpunkt vun der Kritik, ass den US-President als eng „Gefor fir d’Demokratie“ an Unhänger vu „Géigewouerechten“ bezeechent ginn.

Dobäi hätt den Dag sollen ënnert dem Zeeche vun der Eenheet an der republikanescher Partei gefeiert ginn. Dat mat engem vun de seelenen Deplacementer vum President an d’Kapitol, wou hien d’Promotioun fir säi Projet, d’Steieren erofzesetzen, wollt maachen.

Awer den Trump huet emol fir unzefänken – alt erëm – via Twitter Beleidegunge mat dem President vun der Kommissioun fir auswäerteg Ugeleeënheeten, dem Bob Corker ausgetosch. De Senateur war an de leschte Wochen zum Stoussnéckel vum Wäissen Haus ginn.

Dunn, wéi wann d’Majoritéit en net besonnesch géif beandrocken, huet de Senateur aus dem Arizona, Jeff Flake, zur allgemenger Iwwerraschung ugekënnegt, datt hien op e Mandat bei de legislative vum November géif verzichten. Als Grond huet hien dem Trump seng „schiedlech“ uginn.

Hie wéilt kee Kompliz sinn, esou den Jeff Flake, dee sichtlech beréiert erkläert huet, firwat den Donald Trump „eng Gefor fir d’Demokratie ass.

Onanstänneg, d’Wourecht veruechtend a stänneg aus ganz perséinleche Grënn eraus provozéierend: „Mir mussen ophalen esou ze maachen, wéi wann d’Behuele vu eenzele Leit aus der Exekutive normal wier“, esou den Jeff Flake. „Hien ass net normal“, ënnersträicht de Senateur a füügt bäi „Ech wäert weder Kompliz sinn nach de Mond halen“.

An de Senateur aus dem Arizona huet dann och d’Bedeelegung vu senger eegener Partei kritiséiert. Hien hätt an dëser Partei net méi seng Plaz, dat als pro Immigratioun Republikaner an Unhänger vun enger liberaler Wirtschaft. Zudeem war hie bedréit, bei de Primäre vun 2019, vun enger Trump-Kandidatin ersat ze ginn.

Just well et stëmmt, muss et net richteg sinn

De Bob Corker, Senateur vum Tennessee, huet senge Wierder dann och fräie Laf gelooss. Och hie wäert fir weidert Mandat net zur Verfügung stoen. Mee am Géigesaz zum Jeff Flake hat hien den Donald Trump während der Presidentschaftscampagne ënnerstëtzt.

„Liichtgewiicht“ an „Inkompetent“ esou dem Trump seng Meenung op Twitter. „Déi selwecht Onwourecht vun engem net vertrauenswierdege President“, war d’Äntwert vum Bob Corker. An op CNN huet de Bob Corker dann de Punkt gemaach: „De President huet grouss Schwieregkeete mat der Wourecht op ville Sujeten. Wa säi Mandat eriwwer ass, bleift just d’Erniddregung vum Land, déi stänneg Ligen a Beleidegungen. An dat ass bedauerlech“.

Déi zwee Senateure bilde mam John McCain eng Aart Trio, deen sech géint de President verschwuer huet. Si hu Prinzipien a stellen sech géint den Trump, si maachen Drock op d’Kollegen, déi et bis elo virgezunn hunn, de Presidentiellen Exesser keng Bedeitung bäi ze mossen.

Mee elo huet esouguer den ale President George W. Bush sech zu Wuert gemellt. Hien huet d’lescht Woch seng Suerg ausgedréckt, géintiwwer der „Grausamkeet“ an der „Intoleranz“. Op der lénker, hunn déi demokratesch Kollegen dem Jeff Blake seng Entscheedung honoréiert.

„Et wier tragesch, datt déi republikanesch Politik esou toxesch an onverständlech gi wier, datt den Jeff Flake sech net mat guddem Gewësse kéint fir e weidert Mandat opstellen, bedauert den demokratesche Senateur Tim Kaine.

Den Trump schléit zréck

Am Wäissen Haus huet d’Spriecherin Sarah Sanders dem Donald Trump säi Besoin, op all Kritik missen ze äntweren, esou erkläert: „D’Bierger vun dësem Land hunn kee gewielt dee schwaach ass, si wollten een hunn dee staark ass an deen, wann en ugegraff gëtt, och äntwere kann“.

D’Stëmmung ass also net déi bescht, an dat kuerz virun den Diskussiounen zum wichtegsten Thema deen nach virum Enn vum Joer erleedegt soll ginn: d’Steierreform. Nodeems et de Republikaner schonn net gelongen ass „Obamacare“, also d’Krankekeess fir jiddereen, ganz ofzeschafen, hunn d’Republikaner kee Recht erneit ze versoen.

„D’Baisse vun de Steiere wäert den Avantage vun der Kompetitivitéit vun Amerika erëm hierstellen“ betount den Donald Trump, deen iwwerzeegt ass, datt d’USA eent vun de Länner mat de meeschten an héchste Steieren ass.

Mee d’Steierreform kann nëmme gelénge wann d’Cheffe vum Kongress Abstraktioun vun de stännege Reiwereie kënne maachen. „Alles wat der all Dag op Twitter gesitt, dorunner dierft net denken“, esou d’positioun vum Paul Ryan, President vun der Chamber.

Deem huet den Mitch McConnell, de staarke Mann am Senat, nëmmen eppes entgéint ze setzen: „Ech weess net wéi oft ech mech soll musse widderhuelen, et gëtt vill Hannergrondgeräischer (…) an dësem Land huet all Mënsch d’Recht sech auszedrécken!“.

mam Ivan Couronne/AFP

Foto: Meng Meenung steet fest, mat mech elo net mat Fakten duerchenaner… © Brendan Smialowski/AFP

Related topics Donald Trump, Kongress, Republikaner, Senat, Washington
Next post Previous post