Search

You may also like

South Park a seng Metalband: Wann een bemol kee Spaass méi versteet
Neiegkeeten

South Park a seng Metalband: Wann een bemol kee Spaass méi versteet

Schonn zënter 1997 leeft déi US-amerikanesch Animatiounsserie South Park um

En neie Stroossebelag um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte (19.-20.07.2020)
Neiegkeeten

En neie Stroossebelag um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte (19.-20.07.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren, datt vun e Sonndeg, den

Vëlos-Occasiounsmaart am „schéine Stär“
Neiegkeeten

Vëlos-Occasiounsmaart am „schéine Stär“

Et ass zur Traditioun ginn an zudeem och e Magnéit

Et ginn nees Donnerwieder fir de Weekend gemellt

Et ginn nees Donnerwieder fir de Weekend gemellt

No der Staarkreen-Episod vu leschter Woch an de bekannte Folgen, schéngen sech déi fir méiglech bis onerwaarten Iwwerschwemmungen zoustänneg Autoritéiten, elo der Kritik betreffend d‘Alerten ugeholl ze hunn. D‘EFAS hat sech bekanntlech eppes geiergert, well hir Informatioune ganz kloer néierewou Gehéier fonnt hunn. Bei eis ass nach emol gutt gaangen, et huet nëmme Materialschued.

Elo mellen eis d‘Wiederfräsch vum Findel, datt et iwwert de Weekend nees kéint reenen, dat zolidd, mee awer net méi an deem Ausmooss, wéi mir dat déi lescht Woch den 13. a 14. Juli erlieft hunn. Et sollen, esou MeteoLux, nëmme bis 15 Liter/M² falen, also däitlech manner déi deels bis zu 80L/M² vun der leschter Woch. Aus dësem Grond sinn d‘Biedem natierlech plätschnaass an net méi ganz esou „opnamefäeg“. Woubäi d‘Waasserwirtschaftsamt der Usiicht ass, datt alles esouwäit gutt ass.

Donnerwieder

Anersäits heescht et datt et fir genee Prognosen nach eppes fréi wier. Eng interessant Ausso, déi sech net esou ganz mat den Date vun der EFAS an Aklang brénge loossen. An och MeteoAlarm huet aner Informatiounen. Hei geet ee vun engem Donnerwieder aus (Giel Alert) deen dat ganzt Land ee Samschdeg tëscht 12 an 22 Auer treffe soll. Op der Säit inondations.lu huet et aktuell keng Warnungen, et wier een awer gutt beroden, hei de Stand vun de Waasserleef am A ze behalen.

Illustratioun: © Johannes Plenio / unsplash

Related topics Donnerwieder, EFAS, EUMETNET, Iwwerschwemmungen, MeteoAlarm, MeteoLux, Waasserwirtschaftsamt
Next post Previous post