Stater Mobilitéitsdag -Esou gëtt de gratis ëffentlechen Transport gefeiert!
E Sonndeg, den 1. Mäerz geschitt endlech, wat scho séinlechst
E Sonndeg, den 1. Mäerz geschitt endlech, wat scho séinlechst
Viru kuerzem hat d‘Ministesch fir d‘Gläichstellung tëscht Mann a Fra,
De 25. Juli huet den CSV-Deputéierte Paul Galles vun der
Recycling war gëschter. Upcycling ass haut! An eigentlech bréicht een elo nach just d‘Biller vun DONO ze weisen an iech ze soen dat dir alles wat wichteg ass, nach bis e Sonnden Am „Casino Lëtzebuerg“ selwer kënnt gewuer ginn. Mee bon, fir en Artikel ass dat dann awer eppes ze kuerz, also hei ëm wat et geet:
De Projet „DONO“ dee vun der Wolzer sozio-kultureller Entreprise „Cooperations“ gedroe gëtt, an sech a Kollaboratioun mam Julie Conrad Design Studio, „accentaigu“ a MediaMind entwéckelt huet, huet sech der Valorisatioun vun „ale“ Baatschen zougewennt. Benotzbares aus, am gewësse Sënn „Offall“, ze maache mécht net nëmme Sënn mee erlaabt engem vill kreative Spillraum. Gebrauchtes kritt eng nei Funktioun a mécht dann och d‘Liewe „faarweg“.
Mat der Kollektioun „E Stéck vun der Bréck“ ass den ambitiéise Projet dann och nëmmen den Ufank vun enger erhoffter „Succès Story“. Aus der Baatsch vun 10.000 m2, déi de „Pont Adolphe“ während den Ëmbauaarbechte gekleet hat, entstinn aktuell dräi Produiten: Poche, Rucksäck an Abat-joure.
Géigestänn fir den Alldag, zolidd, fir net ze soen „onverwüstlech“, ass all Pièce eenzegaarteg, och wann sech de Muster widderhëlt. Moudesch gesinn also voll „trendy“ si besonnesch d‘Pochen an d‘Rucksäck eppes, mat deem ee sech weise kann, egal op ee just „shoppe“ geet oder ee „Sak“ brauch fir op d‘Aarbecht oder an d‘Schoul. Konscht am Alldag ze weisen an och ganz praktesch ze benotzen, dobäi bal onbemierkt der Ëmwelt eppes Guddes unzedoen, wat wëll ee méi?
Wann de Projet engersäits geduecht ass, de Mënsch ze sensibiliséieren, am Bezuch op den Exzessive verbrauch a gebrauch vu Plastik a Verpackungsmaterial, esou wëll een hei anersäits, och de Prinzip vun der Zirkularwirtschaft verdäitlechen. De Gedanken deen zum Ausdrock bruecht ginn ass, heirauser e „Label“ ze maachen, ass net nei, och wann ee schonn um gudde Wee ass.
Dat de Projet vun der sozio-cultureller Entreprise „Cooperations“ gedroe gëtt an awer ganz kloer ee wirtschaftleche Projet ass, muss ee net hannerfroen, sollt een awer. De soziale Volet ass dann och deen, wou ee muss ervirhiewen. Am Fall vun eise Produiten, soll een also wëssen, datt se an engem „geschützten Atelier“ hiergestallt ginn, déi Mënsche mat enger Behënnerung eng bezuelten Aarbecht bidden.
Déi studéiert Designerin Julie Conrad, déi fir d‘Entwërf verantwortlech ass, leet grousse Wäert drop, datt de Projet nëmme méiglech ass, wëll sech vill verschidden Acteuren dru bedeelegen déi sech alleguerten op Aenhéicht begéinen. Et geet ëm dat ganzt an net ëm den eenzelen. Interessant a gutt ze wëssen, datt déi Mënschen déi fir d‘Hierstellung vum Endprodukt zoustänneg sinn, ganz fräi doriwwer entscheeden, wat fir „Stécker“ si zesummesetzen. E Projet also, vun dee ee behaapten dierf: De Mënsch am Mëttelpunkt.
Fotoen: Martine de Lagardère/moien.lu