Wat fir e Wäert huet en Benevolat hautdesdaags nach?
Ënnert Benevolat verstinn ech all Zorte vu fräiwëllegen Déngscht. Vum Engagement
Ënnert Benevolat verstinn ech all Zorte vu fräiwëllegen Déngscht. Vum Engagement
Bei der Entrevue vum 12. Juli, tëscht dem Minister fir
Fir muer Mëttwoch de 26. August huet MeteoLux den Niveau
Zu Bréissel ass d‘EU-Kommissioun der Usiicht, datt Lëtzebuerg dem Energiekonzern ENGIE staatlech Hëllef zoukomme gelooss huet, wat géint d‘Prozedur verstéisst. De Finanzministère gesäit dat eppes anescht, a geet an Appell.
Aus dem Communiqué vum Finanzministère geet ervir, datt Lëtzebuerg während der Enquête mam der EU-Kommissioun zesummegeschafft huet, ee ganz op der Linn vun der Kommissioun ass, an och d‘Ziler vu dëser, d‘Steierflucht ze bekämpfen, verfollegt. Lëtzebuerg géif sech dem Projet BEPS (Base erosion and profit shifting) vun der OECD uschléissen.
Lëtzebuerg hätt aktiv d‘Aféierung vun den Direktiven zur Steierflucht (ATAD) ënnerstëtzt. De 15. Juni 2018 huet d‘Regierung dann och e Gesetzprojet ugeholl, mat deem déi éischt ATAD-Direktiv am lëtzebuergesche Recht verankert a Steiervirschrëfte modifizéiert ginn. Zil dovunner ass et an Zukunft esou Situatiounen, wéi déi wou vun der EU-Kommissioun ugefouert ginn, ze verhënneren.
Am Dossier ENGIE allerdéngs, ass de Finanzministère der Usiicht, datt dem Konzern a kenger Hisiicht eng Staatshëllef zougestane ginn, déi Contraire zum Bannemaart, am Sënn vum Artikel 107(1) vum Traité vum Fonctionnement vun der EU, wier. ENGIE ass am Aklang mat de fiskale Reegele – déi zum Moment vun de Faite gülteg waren – besteiert ginn, betount de Ministère.
De Finanzminister Pierre Gramegna (DP) kommentéiert: „Et ass net, well d‘Uwennung vun de Reegelen déi sengerzäit Gültegkeet haten, an zu engem Resultat gefouert hunn, deen net méi dem aktuelle Geescht vum fiskale Kader, national an international, entsprécht, dës Mesure eng Staatshëllef duerstellt“. An de Minister begrënnt d‘Prozedur fir an Appell ze goen.
„D‘Zil vun der Appell-Prozedur ass net d‘Fortschrëtter a Fro ze stellen, déi am Kampf géint Steierflucht gemaach gi sinn, mee festzestellen, datt déi Reegele sengerzäit a gülteg, an a Konformitéit mam Communautaire-Recht waren. Et soll zudeem och eng fiskal Previsibilitéit sécherstellen“. ENGIE muss awer, bis alles gekläert ass, déi „Hëllef“ zréckbezuelen.