Search

You may also like

Editorial: Nach ënner Kontroll
International Neiegkeeten

Editorial: Nach ënner Kontroll

Eis Spideeler sinn, esou d‘Ausso vum Direkter vun der Gesondheetsdirektioun,

money
Handelskummer: fir d‘Kohesioun, géint déi sozial Fraktur
International Neiegkeeten

Handelskummer: fir d‘Kohesioun, géint déi sozial Fraktur

En Donneschdeg huet d‘Handelskummer hir Analys zur „Aarmut an dem

New Yorker Procureure erhieft Uklo géint NRA
International Neiegkeeten

New Yorker Procureure erhieft Uklo géint NRA

D‘Generalstaatsanwältin vum US-Bundesstaat New York huet géint déi allmächteg National

Saudiarabien: Déi „rout Linn“ am Dossier Khashoggi

D‘Verantwortung op de Krounprënz ze drécke geet guer net

Saudiarabien: Déi „rout Linn“ am Dossier Khashoggi

Déi sëllechen Opriff, d‘Verantwortung vum saudesche Krounprënz Mohammed ben Salmane, am Fall vun der Ermordung vum Jamal Khashoggi, unzëerkennen, sinn déi „rout Linn“ déi et net ze iwwerschreide gëllt. Esou d‘Deklaratioun vum saudeschen Ausseminister, Abdel al-Jubeir.

An engem Interview mat der britescher BBC, huet den Abdel al-Jubeir kloer duergestallt, datt een am Kinnekräich keng Diskussioun, an där de Krounprënz oder säi Papp, de Kinnek Salmane, denigréiert ginn, wäert toleréieren. „A Saudiarabien, ass eis Regierung déi rout Linn. De Wiechter vun den zwou hellege Moscheeën an de Krounprënz sinn eng rout Linn“.

„Si representéieren all saudesche Bierger, an all saudesche Bierger representéiert si. A mir toleréiere keng Diskussioun, iwwer wat och ëmmer, dat eise Monarch oder de Krounprënz denigréiert“, esou de saudeschen Ausseminister, dee mat senger Ausso verdäitlecht, wei wäit d‘Enquête goe kann.

De CIA gesäit et anescht

Et ass gewosst, datt de Jamal Khashoggi, Chronist vun der Washington Post a Kritiker vum saudesche Krounprënz, den 2. Oktober zu Istanbul an déi saudesch Ambassade eragaangen ass, wou hie vun Agente vum saudesche Geheimdéngscht ëmbruecht soll gi sinn. No der Dot, wier de Kierper zerstéckelt ginn. Bis haut gëtt et keng Spur, déi zur Läich oder deem wat iwwreg ass féiert.

Déi saudesch Autoritéiten hunn alles esoulaang ofgestridden, bis et net méi anescht gaangen ass, wéi d‘Dot an d‘Verantwortung vun der Dot anzegestoen. Si hunn uginn 21 Persoune verhaft ze hunn, déi mat der Dot a Verbindung bruecht ginn. Eng Extraditioun un d‘Tierkei gëtt refuséiert.

An Tëschenzäit ass awer e Rapport vum US-Geheimdéngscht CIA, an d‘Hänn vun US-Medie geroden, dee wiesentlech méi explizit ass, an de saudesche Krounprënz Mohammed ben Salmane, als den Drotzéier hannert dësem Mord presentéiert. Den Abdel al-Jubeir bleift senger Linn awer Trei, an behaapt weider, datt de Krounprënz näischt mat der Affär ze dinn huet.

Wéi geet et weider?

„Mir ware ganz kloer. Mir hunn eng Enquête ugeuerdent déi nach net ofgeschloss ass, a mir wäerten déi Persounen, déi fir dës Dot verantwortlech sinn, entspriechend bestrofen“, esou de saudeschen Ausseminister am BBC-Interview.

Hien huet dann och nach d‘Tierkei opgefuerdert, Saudiarabien all d‘Informatiounen ze iwwermëttelen, an domatter opzehalen, alles de Medien ze iwwerginn. Den Abdel al-Jubeir huet och nach emol betount, datt de Mord um Jamal Khashoggi, enger „ausser Kontroll geroden Aktioun vu Geheimdéngschtagenten“ ass.

E Mëttwoch huet den Donald Trump all Kritik vu sech gewisen, laut där hien déi saudesch Regierung net fir Mord um Khashoggi verantwortlech mécht. Hie géif sech et net wëlle mat engem gudde Client (Saudiarabien huet fir 450 Milliarde Waffe bestallt) verdierwen.

mat AFP

Foto: De saudesche Krounprënz, Mohammed ben Salmane, gëtt vu ville „Quellen“ als de Kapp hannert dem Mord vum Jamal Khashoggi ugesinn. Den Donald Trump hat eng haart Linn ugekënnegt, mee wëll awer net d‘Frëndschaft mam Kinnekräich op d‘Spill setzen. Sengem Geheimdéngscht CIA ass awer e Rapport entwëscht, an deem de Krounprënz als Drotzéier ernimmt gëtt. © Fayez Nureldine/AFP

Related topics Abdel al-Jubeir, Geheimdéngschter, Jamal Khashoggi, Mohammed ben Salmane, Mord, Saudiarabien, Tierkei
Next post Previous post