Search

You may also like

D‘Ligue Médico-Sociale Informéiert
International Neiegkeeten

D‘Ligue Médico-Sociale Informéiert

Aus Grënn déi op der aktueller sanitärer Situatioun berouen, si

Europa: den Juddenhaass hëlt nees zou
International Neiegkeeten

Europa: den Juddenhaass hëlt nees zou

Den nächste Sonndeg gëtt dem Holocaust geduecht, an alles wat

Bei der CGFP gëtt een esou lues ongedëlleg
International Neiegkeeten

Bei der CGFP gëtt een esou lues ongedëlleg

Aus dem Communiqué vum Daachverband vun de Gewerkschaften aus dem

Dossier Khashoggi: 11 Persoune zu Ryad viru Geriicht

Dossier Khashoggi: 11 Persoune zu Ryad viru Geriicht

Saudiarabien huet en Donneschdeg bekannt ginn, datt 11 Persounen, déi beschëllegt ginn eppes mam Dout vum Jamal Khashoggi ze dinn ze hunn, hir éischt Geriichtsverhandlung haten. Fënnef vun dëse presuméierten Täter musse mat der Doudesstrof rechnen.

D‘Kinnekräich, datt scho beim Versuch ze erkläre wéi et zu engem Mord an hirer Ambassade zu Istanbul ka kommen, kläglech versot hat, mécht och bei dëser juristescher „Farce“ kee gudden Androck. Am Communiqué gëtt wuel gesot datt 11 ugeklote Persoune mat hiren Affekote viru Geriicht erschénge sinn. Verhaft awer goufe sengerzäit 18 Persounen. Wou sinn déi aner siwen?

Doriwwer leet Ryad de Mantel vum Schweigen. Informatiounen zu de presuméierten Täter gëtt et esou gutt wéi guer keng, nach net emol hir Nimm huet déi saudesch Justiz erausginn. Zudeem huet et just vun der staatlech-saudescher Presseagence, SPA, e „mini“ Statement ginn.

„De Procureur huet uerdentlech Strofe géint déi Ugeklote, an d‘Doudesstrof fir déi 5, déi direkt um Mord bedeelegt waren, gefuerdert“, esou d‘SPA. Déi Beschëllegt solle Kopie vun der Ukloschrëft a méi Zäit gefrot hunn, fir hir Verdeedegung besser virbereeden ze kënnen. Wéi de Procureur de Fall debattéiert huet, ass sech iwwert déi juristesch Zesummenaarbecht mat der Tierkei geäussert ginn.

Hei huet de saudesche Procureur drop higewisen, datt d‘Tierkei sech net zu zwou formellen Ufroen, wat d‘Beweiser an dësem Dossier ubelaangen, geäussert huet. „Bis haut“, esou de Statement „huet de saudesche Procureur keng Äntwert erhalen, an d‘Justiz waart nach ëmmer op drop“.

Een erzielt d‘Onwourecht

Op dës Ausso wollt eis géinteniwwer zu Ankara keen eng offiziell Stellungnam ofginn. Et gouf dofir nach emol drun erënnert, datt d‘Tierkei mat Saudiarabien an aneren Natiounen d‘Beweiser „gedeelt“ huet. Ankara leet grousse Wäert drop nach emol drop opmierksam ze maachen, datt d‘Tierkei vu Saudiarabien d‘Ausliwwerung vun den 18 supposéierte Mäerder gefuerdert huet.

Déi tierkesch Sécherheetskräften hu bewosst eng Rei „Detailer“ (Videoen, Fotoen an zimlech morbid Eenzelheeten) ausbéchse gelooss, fir esou net eleng Drock op Saudiarabien auszeüben, mee och d‘Partner vum Kinnekräich an eng defensiv Positioun ze zwéngen, esou beispillsweis d‘USA.

Esou haten tierkesch – dem Regimm (ganz) nostoend – Medie Fotoe verëffentlecht, op deene Memberen aus dem enken Ëmfeld vum saudesche Krounprënz ze erkenne waren. Biller déi am Ëmfeld vun der saudescher Ambassade gemaach goufen, nëmme kuerz iert de „Journalist“ an dëser ëmbruecht ginn ass. Dee soll uschléissend „zerluecht“ an „ewech bruecht“ gi sinn, heescht et.

Ryad huet iwwer Wochen dementéiert eppes mam Virfall ze dinn ze hunn, fir – wahrscheinlech op „Virschlag“ vu Washington – schlussendlech anzegestoen, datt et zu engem schrecklechen Accident koum, wéi d‘Employée vun der Ambassade dem Jamal Khashoggi e puer Froe stelle wollten.

Während kaum nach Zweiwel bestinn, datt et de Krounprënz Mohammed ben Salmane war, deen den Optrag ginn huet, muss dee keng Konsequenze fäerten. De Jamal Khashoggi, deen zimlech massiv de Krounprënz kritiséiert hat, a sech och aus dësem Grond an d‘USA exiléiert hat, wousst och, datt hien sech do e geféierleche Feind gemaach hat, mee huet déi echt Gefor net erkannt.

Foto: Wat de saudesche Krounprënz Mohammed ben Salmane um Enn wierklech mam Dout vum Jamal Khashoggi ze dinn huet? Op hien tatsächlech den Optraggeber war, oder e puer „Agenten“ et wéi behaapt „iwwerdriwwen“ hunn? Wien interesséiert d‘Wourecht ugesiichts de geopolitesche Konsequenzen, déi d‘Äntwerten op all dës Froe mat sech bréngen. © SPA

Related topics Ambassade, Geriichtsfarce, Istanbul, Jamal Khashoggi, Mohammed ben Salmane, Mord
Next post Previous post